Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale (Tramshalt)

Statioun vum Stater Tram

Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.

Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale
En Tram op der Statioun virun der Nationalbibliothéik
Standuert vun der Statioun
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 10. Dezember 2017
genannt no Lëtzebuerger Nationalbibliothéik
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Kierchbierg
Koordinaten 49°37'44,94"N, 6°9'56,81"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Alphonse Weicker,
Universitéit

Lag vun der Statioun änneren

D'Statioun läit an der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Alphonse Weicker am Norden an Universitéit am Süden.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel Aéroport[1] Alphonse Weicker Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale Universitéit Stadion[1]

D'Statioun läit direkt bei der Nationalbibliothéik, no där se och genannt ass.

Infrastruktur änneren

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen, eng Vel'oH!-Statioun (Nationalbibliothéik) an et huet een Uschloss op AVL Buslinnen (Halt: Labours).

Biller änneren

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend [2] änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023
  2. Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23).