AVL-Linn 14
D'AVL-Linn 14 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Zéisseng, Boy Konen - Gare - Stad - Clausen - Fetschenhaff - Zens, Waassertuerm an zeréck. Zu Zéisseng fiert se duerch den neie Quartier „Am Brill“. Se huet 34 Halten um Aller an der 33 um Retour a fiert vu méindes bis samschdes all 15 véierel Stonn
E Bus vun der Linn 14 um fréieren Trajet op der Neier Bréck | |
Zéisseng - Zens | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Boy Konen 49°34'49,4"N, 6°5'39,5"O |
op | Zens, Waassertuerm 49°37'14,5420"N, 6°10'58,0465"O |
iwwer | Zéisseng, Hollerech, Garer Quartier, Uewerstad, Clausen, Zens |
Bustyp | Elektrobus |
opgaang | 13. Dezember 2020 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 12.792 m, 12.965 m |
Fuerzäit | 43 min, 43 min |
mëttel Vitess | 17,85 km/h, 18,09 km/h |
Sonndes fiert d'Linn just am Hallefstonne-Rhythmus tëscht der Gare an dem Zens.
D'Linn gëtt mat Elektro- oder Elektro-Hybridbussen assuréiert. Um Terminus um Zens ass eng Opluetstatioun wou d'Bussen nees opgeluede ginn.
Halten op der Linn 14
änneren(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Linn 14 | Bemierkung | |
---|---|---|
Boy Konen | ||
Rue de Leudelange | ||
Am Eck | ||
Am Brill | ||
Fischerhaff | ||
Artisans | ||
Barrès | ||
Aciérie | ||
Jean-Baptiste Merkels | ||
Fonderie | ||
Gare Centrale | Gare Lëtzebuerg | |
Al Avenue | ||
F. D. Roosevelt | ||
Hamilius | ||
Badanstalt | ||
Um Bock / Casemates | ||
Plateau Altmunster | ||
Clausener Bréck | ||
Tour Jacob | ||
Rumm | ||
↓ | Dinselpuert | |
Kéibierg-INS | ||
Fort Dumoulin | ||
Tawioun | ||
Cents, Kierch | ||
Jules Salentiny | ||
Arthur Knaff | ||
Charles de Tornaco | ||
Gabriel de Marie | ||
Trèves | ||
Carmel | ||
Paul Albrecht | ||
Camille Polfer | ||
Cents, Waassertuerm |
Entwécklung vun der Linn 14
ännerenMat der selwechter Linnen-Nummer goufe follgend Trajete gefuer:
- vum 01.04.1927 un ass déi Gaasperech-Zéissenger Linn vun der Stad iwwer d'av. de la Liberté an d'Gare op Gaasperech an Zéisseng gefuer. Den 01.10.1962 gouf déi Gaasperecher Linn als 13 an déi Zéissenger als 14 bezeechent
- 1971 - 1980: Stad - Gare - Zéisseng
- 1980 - 1990: Stad - Gare - Hollerech - Zéisseng - Kuelebierg - Gaasperech - Gare - Stad
- 1990 - 1992: et gouf keng Linn mat der Nummer 14
- 1992 - 2001: Gare - Stad - Eech - Dummeldeng - Beggen, Henri Dunant
- 2001 - 2008: (P+R Bouillon) - Gare - Stad - Eech - Dummeldeng - Beggen, Henri Dunant
- 2008 - 2015: Gaasperech/François Hogenberg - Gare - Stad - Clausen - Fetschenhaff - Zens, Waassertuerm
- 01.06.2015 - 12.12.2020: Gare - Stad - Clausen - Fetschenhaff - Zens, Waassertuerm
Wéinst dem Tramsschantje gouf d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad den 3. November 2019 g'ännert an huet dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefouert.
Se hat 24 Halten um Aller an och um Retour an ass vu méindes bis samschdes all 15 Minutten a sonndes all hallef Stonn gefuer. D'Linn 14 hat déi zwéin Terminussen zesumme mat der Linn 9.
Um Spaweck
ännerenCommons: AVL-Linn 14 – Biller, Videoen oder Audiodateien |