Zéisseng
Zéisseng (däitsch: Zessingen, franséisch: Cessange) ass vun der Fläch hir de gréisste Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. E läit am Südweste vun der Stad.
Zéisseng | |
---|---|
![]() | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Cessange de: Zessingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 4.330 (31.12.2017) |
Fläch | 657,83 ha |
Koordinaten |
49° 35’ 29.0’’ N 06° 06’ 18.9’’ O |
![]() De Quartier Zéisseng (blo) an der Stad Lëtzebuerg (gro) | |
GeographieÄnneren
Zéisseng läit tëscht de Quartiere Gaasperech, Hollerech a Märel op der Gemengegrenz mat der Gemeng Leideleng. Süd-westlech vun Zéisseng kräizt sech d'Autobunn A4 mat der A6 um Zéissenger Kräiz.
Zéisseng huet eng total Fläch vu 657,83 Hektar, wat 12,72% vun der ganzer Fläch vun der Stad Lëtzebuerg ausmécht. Et sinn nëmme 70 ha als Besidelungsfläch benotzt. Zéisseng huet eng Kierch, e Centre Culturel, eng Spill- an eng Primärschoul an eng Sportshal.
D'Héicht vum Quartier variéiert tëscht 265 Meter iwwer dem Mieresspigel beim Zuchtunnel Richtung Assurances Sociales zu Hollerech an 306,9 Meter beim Waassertuerm um Kuelebierg.
D'Zéissenger Baach fléisst vum Schléiwenhaff duerch Zéisseng op Hollerech.
AwunnerÄnneren
2011 hunn 2.546 Leit zu Zéisseng gewunnt; op den 31.12.2017 waren et der 4.330. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 36,03 % géintiwwer 63,97 % Auslänner[1].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 4 330 | ||
1 | Lëtzebuerg | 1 560 | 36,03% |
2 | Frankräich | 937 | 21,64% |
3 | Portugal | 272 | 6,28% |
4 | Italien | 266 | 6,14% |
5 | Belsch | 202 | 4,67% |
6 | Däitschland | 124 | 2,86% |
7 | Griicheland | 74 | 1,71% |
8 | Spuenien | 69 | 1,59% |
9 | Rumänien | 68 | 1,57% |
10 | Vereenegt Kinnekräich | 50 | 1,15% |
Top 10 | 3 622 | 83,65% | |
Aner Nationalitéiten | 708 | 16,35% |
GeschichtÄnneren
Zéisseng gëtt fir d'alleréischt mam Numm an engem Dokument aus dem Joer 1083 genannt, an där de Grof Konrad I. vu Lëtzebuerg der Abtei Almënster e Landhaus mat Ställ a Scheier iwwerschreift.
1681 hunn d'Fransousen ënner dem Louis XIV probéiert, déi vun de Spuenier besate Festung Lëtzebuerg anzehuelen. Dofir hu si d'Hannerland besat an den Awunner hir Wunnengen zerstéiert, hir Béischten an hir Rekolt konfiskéiert. Enn des Joers hunn zu Zéisseng héchstwahrscheinlech keng Leit méi gewunnt; eréischt zwee Joer drop fanne sech erëm nei Bevëlkerungsandroungen an de Kierchebicher.
Bis 1920 huet Zéisseng zur Gemeng Hollerech gehéiert, éier dës de 26. Mäerz an der Gemeng Lëtzebuerg opgaangen ass.
SchoulÄnneren
Bis zur zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ass et zu Zéisseng keng Schoul ginn. 1863 sinn 63 Zéissenger Kanner op Hollerech an d'Schoul gaangen. Am selwechte Joer gouf d'Entscheedung geholl, eng Schoul mat engem Sall zu Zéisseng ze bauen, déi d'Joer drop hir Dieren opgemaach huet. 1921 ass en zweete Klassesall gebaut ginn. 1957 ass vis-à-vis vun der Kierch d'Spillschoul mat zwéi Klasseraim an engem Festsall a Betrib geholl ginn, a fir d'Rentrée 1961 ass eng ganz nei Primärschoul gebaut ginn. Dräi Joer méi spéit gouf dorun déi nei Sportshal bäigebaut.
Uganks 2017 ass d'Schoul wéinst Ëmbau- a Vergréisserungsaarbechten zou gemaacht ginn. D'Kanner ginn an eng provisoresch Schoul am Grénge Wee.
KierchÄnneren
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierch Lëtzebuerg-Zéisseng
Éier Zéisseng 1903 seng eege Kierch krut, sinn d'Awunner an déi vun Hollerech gaangen. Well déi éischt Kierch an den 1960er Joren erëm ze kleng gouf, ass 1969 mat den Aarbechte fir e méi e grousst Gebai mat 400 Sëtzplazen ugefaange ginn.
InfrastrukturÄnneren
Déi éischt Waasserleitung ass 1899 ageweit ginn; si ass vun Sandweiler bis op Zéisseng an Hollerech erof komm. Virdrun hunn déi Zéissenger hiert Waasser aus privaten oder aus engem vun den zwéin ëffentleche Pëtze missen huelen. 1931 gouf den éischte Waassertuerm um Kuelebierg mat engem Faassungsverméige vun 1000 Kubikmeter gebaut. 1971 ass Zéisseng dunn an d'Waassernetz vun der SEBES ugeschloss ginn.
Un d'Gasnetz, dat et schonn zanter 1898 zu Hollerech ginn ass, ass Zéisseng eréischt 1920 ugeschloss ginn. Fënnef Joer méi spéit ass och den elektreschen Uschloss gemaach ginn, an 1935 krut Zéisseng seng éischt Stroossebeliichtung.
1927 ass Zéisseng un d'Busnetz vun der Stad Lëtzebuerg ugeschloss ginn.
VeräinsliewenÄnneren
Den éischten Zéissenger Veräin, d'Société Chorale Cessange ass 1902 gegrënnt ginn, aus deem 1913 och den Zéissenger Pompjeescorps Sapeurs-Pompiers Cessange ervirgaangen ass. De Gesangsveräin Chantres de St. Joseph ass 1921 ënner dem Numm Entre-Nous gegrënnt ginn an huet säin aktuellen Numm nom Zweete Weltkrich ugeholl.[2] Zu den anere Veräiner, déi nach haut existéieren, gehéieren: Gaart an Heem Zéisseng (1955), Dësch-Tennis Amicale Cessange (1957), Fraen a Mammen Zéisseng (1962) an Theaterfrënn Zéisseng (1981).
Den Zéissenger Foussballsclub ass den FC CeBra 01. E spillt am Stade Boy Konen, deen um Bord vun Zéisseng nieft der Leidelenger Industriezon Grasbësch läit.
QuellenÄnneren
- Robert Grün, Cessingen – Von der Dorfgemeinde zur Vorstadt, 1991, 198 Säiten, Éditions Émile Borschette, Christnach
- Lëscht mat de Veräiner zu Zéisseng
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Zéisseng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)
- ↑ mywort.lu: Les Chantres de Saint - Joseph Presentatioun