Rollengergronn

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg

Rollengergronn/Belair-Nord ass den offiziellen Numm vun engem vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg. Am allgemenge Sproochgebrauch gëtt gemenkerhand awer just Rollengergronn gesot.

Rollengergronn
Vue op de Quartier (2008)
An anere Sproochen fr: Rollingergrund/Belair-nord
de: Rollingergrund/Belair-Nord
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 4.683
  31.12.2022
Koordinaten 49° 37’ 15.0’’ N
      06° 06’ 04.8’’ O

De Quartier läit am Nordweste vun der Stad a besteet aus der fréierer Sektioun Rollingergrund (mat Ausnam vun deem Deel deen um Lampertsbierger Plateau läit) an dem nërdlechen Deel vun der Sektioun Merl-Nord aus der fréierer Gemeng Hollerech an zwar deen Deel, deen nërdlech vun der Areler Strooss läit.

Geographie änneren

Rollengergronn/Belair-Nord grenzt am Norden un d'Gemeng Koplescht an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Quartiere Millebaach, Lampertsbierg, Belair an d'Gemeng Stroossen.

De Quartier huet eng Fläch vu 633,86 ha a läit op enger Héicht tëscht 259,0 an 375,5 m.

Geschicht änneren

Den 1. Juli 1849 (Gesetz vum 8. Mee 1849[1]) ass déi deemoleg Gemeng Eech opgedeelt ginn an aus engem Deel gouf d'Gemeng Rollengergronn. Den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920[2]) hunn dunn d'Gemengen Hamm, Hollerech, an och de Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert, an zënterhier ass et e Quartier vun der Stad.

De Rollengergronn gouf haaptsächlech duerch d'Faiencerie markéiert, déi 1766 vun de Bridder Jean-François, Dominique a Pierre-Joseph Boch op de Siwebuere gegrënnt gi war.

Vun 1904 u war de Rollengergronn mam Chareli engersäits un d'Stad an d'Gare an anersäits un d'Millebaach an Eech ugeschloss. Den Nodeel war awer, datt de Chareli vill Gestank a Stëbs gemaach huet an d'Awunner net allze vill frou doriwwer waren.

1926 ass d'Autobuslinn vun der Stad an de Rollengergronn agefouert ginn[3].

Awunner änneren

2001 hunn am Quartier Rollengergronn/Belair-Nord 3.372 Leit gewunnt; op den 31.12.2022 waren et der 4.683. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 28,80 % géintiwwer 71,20 % Auslänner[4].

Awunner no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Undeel
TOTAL 4 683 100,00
1   Lëtzebuerg 1 349 28,81
2   Frankräich 866 18,49
3   Portugal 399 8,52
4   Italien 350 7,47
5   Belsch 173 3,69
6   Spuenien 159 3,40
7   Däitschland 129 2,75
8   Indien 97 2,07
9   Rumänien 81 1,73
10   Vereenegt Kinnekräich 71 1,52
Top 10 3 674 78,45
Aner Nationalitéiten 1 009 21,55

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Fernand Théato, 2006, Ideal Wunnqualitéit am Rollengergronn? an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 92-95
  • ons stad 26/1987 mat enger Rei Artikelen iwwer de Rollengergronn

Um Spaweck änneren

Commons: Rollengergronn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 8 mai 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Rollingergrund op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 2018)
  2. Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 2018)
  3. Inbetriebnahme der Autobuslinien Luxemburg=Rollingergrund und Luxemburg=Hamm. Luxemburger Wort (29.03.1926). Gekuckt de(n) 30.05.2021.
  4. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.