AVL-CN3
Stater Nuetsbuslinn (AVL)
D'AVL-Linn CN3 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.
Den CN3 kënnt um 0h40. | |
City Night Bus 3 | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
op | Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O |
iwwer | Uewerstad, Garer Quartier, Bouneweg, Hamm, Polvermillen, Bouneweg-Nord/Verluerekascht |
Bustyp | Standardbus |
opgaang | 3. November 2019 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 12.081 m |
Fuerzäit | 29 min |
mëttel Vitess | 25 km/h |
Se fiert zanter dem 3. November 2019 de Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – all hallef Stonn vum Hamilius aus, wou se Uschloss un déi aner CN-Linnen huet, an déi verschidde Quartiere vun der Stad, absënns Bouneweg, Hamm a Polvermillen.
D'Linn CN3 ass eng Ronnfaart an huet nëmmen een Terminus; op hirem Trajet huet se 25 Halten a brauch 29 Minutte fir eng Faart.
Halten op der Linn CN3
änneren(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn CN3
änneren- vu September 1999 bis den 24. November 2004: Stad - Bouneweg - Gaasperech - Hollerech - Stad; bis de 24. November 2004 ass d'Linn ënnert dem Numm Late Night Bus 3 gefuer.
- vum 25. November 2004 bis den 2. November 2019: Stad - Bouneweg - Gaasperech - Zéisseng - Hollerech - Stad.
Um Spaweck
ännerenCommons: AVL-CN3 – Biller, Videoen oder Audiodateien |