Héienhaff
Den Héienhaff ass e Lieu-dit a fréieren Haff an der Gemeng Nidderaanwen.
Héienhaff | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Hoehenhof de: Höhenhof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Nidderaanwen |
Buergermeeschter | Frédéric Ternes (CSV) |
Koordinaten |
49° 38’ 15’’ N 06° 13’ 34’’ O |
Geschicht änneren
Vum Héienhaff selwer ass näischt méi ze gesinn. Bei der Extensioun vum Findel gouf alles dem Buedem gläich gemaach. Haut stinn um Héienhaff d'Gebaier vum Cargocenter vun der Cargolux, Maintenancegebaier, an Douanesbüroen. Donieft ass e Recyclingcenter.
Am Kader vum Bau vun der Tramslinn T1 vum Stater Tram ass geplangt, duer e grousst Park and Ride Parkhaus ze bauen, fir op den Tram ëmzeklammen.