AVL-Linn 21

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 21 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Kierchbierg, Luxexpo, Entrée Sud - Stad - Rollengergronn - Millebaach - Eech an zeréck.

AVL-Linn 21
D'Linn 21 fiert op engem Sonndeg mat engem Standardbus
Eech - Kierchbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Eech, Centre Culturel 49°37'44,18"N, 6°7'56,53"O
op Luxexpo Entrée Sud 49°38'3,9"N, 6°10'12,4"O
iwwer Eech, Millebaach, Rollengergronn/Belair-Nord, Uewerstad, Neiduerf/Weimeschhaff, Kierchbierg
Bustyp Gelenkbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 12,533 km, 12,137 km
Fuerzäit 43 min, 42 min
mëttel Vitess 17,49 km/h, 17,34 km/h

D'Linn 21 huet 28 Arrêten um Aller an der 29 um Retour. Se fiert vu méindes bis freides all 15 Minutten, samschdes all 20 Minutten a sonndes all hallef Stonn.

Halten op der Linn 21 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 21 Bemierkung
  Eich, Centre Culturel gemeinsamen Terminus mat der Linn 23
  Eecher Plaz
  École Eich
  Eecher Schmelz
  Siwemuergen
  Peiffeschbierg
  Villeroy & Boch
  Roudebierg
  Val St André
  Val Fleuri
  Beim Klomp
  Bei der Fiels
  Biischtefabrick
  Stäreplaz / Étoile  
  Wampach
  Hamilius  
  Fondation Pescatore
  Rout Bréck - Pafendall       Gare Pafendall-Kierchbierg
  B.E.I.
  Jean Monnet
  Antoine de St Exupéry
  Konrad Adenauer
  Coudenhove-Kalergi
  Albert Borschette
  Réimerwee
  Alphonse Weicker  
  Hôpital Kirchberg
  Hugo Gernsback  
  Luxexpo  
  Poutty Stein
  Luxexpo Entrée Sud gemeinsamen Terminus mat der Linn 18

Entwécklung vun der Linn 21 änneren

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • virun 1996: et gouf keng Linn mat der Nummer 21
  • 1996 - 1999: Dummeldeng - Kierchbierg - Weimeschhaff an zeréck.
  • 1999 - 2003: Gare - Stad - Weimeschhaff - rue du Grunewald an zeréck.
  • 2003 - 2008: (P+R Bouillon) - Gare - Stad - Weimeschhaff - rue du Grunewald an zeréck.
  • 15.09.2008 - 14.12.2014: Eech - Millebaach - Rollengergronn - Stad - Gare - Gaasperecherbierg - Cloche d'or
  • 15.12.2014 - 18.02.2018: Eech - Millebaach - Rollengergronn - Stad - Gare - P+R Lëtzebuerg-Süd - Cloche d'or
  • 19.02.2018 - 12.12.2020: Eech - Millebaach - Rollengergronn - Stad - Gare - P+R Lëtzebuerg-Süd

Mat der Ouverture vum Lycée Vauban gouf den Trajet am Februar 2018 tëscht der Gare an dem Gaasperecher Bann geännert fir eng Halt beim Campus francophone unzefueren[1].

Am Kader vum Tramsschantje gouf et zwou Upassungen: de 15. Oktober 2018 ass den Trajet an der Uewerstad ugepasst ginn an d'Linn 21 ass vun do un a Richtung Houwald net méi duerch d'Arsenalstrooss, ma iwwer d'Montereysavenue gefuer. Den 3. November 2019 gouf och d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad geännert: d'Linn ass dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer[2].

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 21 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Rita Ruppert, „Mit dem Bus zur Schule“, am Luxemburger Wort vum 17. Februar 2018, S. 27
  2. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019