Rue de Houffalize

Strooss am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg

D'Rue de Houffalize ass eng Strooss am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg.

Rue de Houffalize
Vun der Rue d'Ivoix a Richtung vun der Diddenuewener Strooss gekuckt
Offiziellen Numm Rue de Houffalize
Ënnerhal vu(n) Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Postcode 1737
Koordinaten 49°35'30,26"N, 6°8'20,76"O
Morphologie
Längt 175 m
Héicht i. M. 287 m
Geschicht
Genannt 15. Abrëll 1954
Genannt no Haufelescht

Geographie änneren

Se leeft rechtwénkeleg vun der Diddenuewener Strooss a Richtung Westen, bis kuerz hannert d'Rue d'Ivoix wou se an Industrieterrain iwwergeet.

Geschicht änneren

D'Strooss krut hiren Numm de 15. Abrëll 1954[1] an ass no der belscher Stad Haufelescht ((fr) Houffalize) an der Provënz Lëtzebuerg genannt. D'Herrschaft Houffalize huet bis zur Franséischer Revolutioun zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert. Nom Wiener Kongress 1815 louch d'Uertschaft am nei gegrënnte Groussherzogtum Lëtzebuerg an ass, no deem senger Deelung duerch den Traité vu London, 1839 un d'Belsch gefall.


Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue de Houffalize – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Ville de Luxembourg, Dénomination des rues - Rue de Houffalize. www.archives-vdl.findbuch.net (15.04.1954). Gekuckt de(n) 15.03.2022.