AVL-Linn 12
Stater Buslinn (AVL)
D'AVL-Linn 12 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Si fiert zanter dem 3. November 2019 um Trajet Märel, Celtes - Belair - Stad - Eech - Weimeschkierch - Dummeldeng, Parc de l'Europe an zréck. Se huet um Aller 25 an um Retour 24 Halten; wiertes fiert se all 20 a sonndes all 30 Minutten.
![]() | |
![]() E geléinten elektreschen “Diffbus” als Test op der fréierer Linn 12 (Juni 2017) | |
Märel - Dummeldeng | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Märel, Celtes 49°36'5,7856"N, 6°5'40,6914"O |
op | Dummeldeng, Parc de l'Europe 49°38'19,7452"N, 6°8'39,3061"O |
iwwer | Märel, Hollerech, Belair, Uewerstad, Lampertsbierg, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng |
Bustyp | Standardbus |
opgaang | 3 November 2019 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 8,949 km, 8,739 km |
Fuerzäit | 35 min, 32 min |
mëttel Vitess | 15,34 km/h, 16,39 km/h |
Am Kader vum Tramsschantje gouf de 15. Oktober 2018 den Trajet an der Uewerstad ugepasst: d'Linn 12 fiert zanterhier a Richtung Dummeldeng net méi duerch d'Arsenalstrooss, ma iwwer d'Montereysavenue.
Halten op der Linn 12Änneren
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn 12Änneren
Mat der selwechter Linnen-Nummer goufe follgend Trajete gefuer:
- vum 01.04.1926 un ass d'Linn Rollengergronn vun der Stad an de Rollengergronn an op Eech gefuer;
- vum 10.05.1955 ass se dunn vun der Gare aus fort gefuer; se gouf vum 01.10.1962 als Linn 12 bezeechent.
- 1971 - 1990: Gare/Stad - Rollengergronn - Millebaach
- 1990 - 1992: et gouf keng Linn mat der Nummer 12
- 1992 - 2001: Pafendall - Clausen - Gronn - Gare/Stad - Belair - Merl/Celtes
- 2001 - 2003: Gare/Stad - Belair - Merl/Celtes
- 2003 - 2008: (P+R Bouillon) - Gare/Stad - Belair - Merl/Celtes
- 2008 - 2015: P+R Bouillon - Belair - Stad - Weimeschhaff/Luxexpo
- 01.06.2015 - 02.11.2019: P+R Bouillon - Belair - Stad - Eech - Weimeschkierch - Dummeldeng
Um SpaweckÄnneren
Commons: Ligne 12 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien |