2022
Joer
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2018 |
2019 |
2020 |
2021 |
2022
| 2023
| 2024
| 2025
| 2026
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2022.
D'Joer 2022 huet op engem Samschdeg ungefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
ännerenEuropa
änneren- 30. Januar: Bei virgezunnene Parlamentswalen a Portugal gewënnt dem Premierminister António Costa seng Sozialistesch Partei mat 117 vun 230 Sëtz d'absolutt Majoritéit.
- 13. Februar: De Frank-Walter Steinmeier gëtt zum däitsche Bundespresident erëmgewielt.
- 24. Februar: Russland fänkt mat engem Ugrëffskrich op d'Ukrain un, nodeems et 2 Deeg virdrun d'Onofhängegkeet vun de vu russesche Rebelle kontrolléierte sougenannte "Volleksrepubliken" Luhansk an Donetsk eesäiteg unerkannt huet. Iwwer 4 Milliounen Ukrainer sinn an d'westlech Nopeschlänner an aner EU Staate geflücht; weltwäit kënnt et zu Protester, a vu Säite vu ville Länner zu Sanktioune géint Russland an Hëllefsliwwerungen (zivil wéi militäresch) un d'Ukrain. Nodeems Russland am Ufank séier a vill Terrain eruewere konnt, gëtt et an de Wochen a Méint dono nees zeréckgeworf, an d'Front huet sech am Summer am Süden an am Oste quasi stabiliséiert. Russland ass dunn dozou iwwergaangen, zivil Infrastrukturen (haaptsächlech Energie- a Waaserversuergung) uechtert d'ganzt Land mat Rakéiten z'attackéieren. Bis zum Joresenn gëtt et wäit iwwer Honnertdausend Doudeger op béide Säiten, dorënner vill ukrainesch zivil Affer.
- : Dem aktuelle Premierminister 3. AbrëllViktor Orbán seng Fidesz-Partei gewënnt bei de Parlamentswalen an Ungarn, mat 135 vun den 199 Sëtz, déi absolut Majoritéit.
- Aleksandar Vučić gëtt a Serbien bei de Presidentschaftswalen erëmgewielt. Bei de Parlamentswalen dee selwechten Dag bleift seng Walallianz stäerkst Partei, verléiert awer hir absolut Majoritéit. 3. Abrëll: Den
- 24. Abrëll: Beim zweeten Tour vun de Presidentewalen am Frankräich gewënnt den amtéierende President Emmanuel Macron géint d'Marine Le Pen.
- 10. Mee: D'Katalin Novák gëtt zu der neier Presidentin vun Ungarn gewielt.
- 16. Mee: D'Elisabeth Borne gëtt zu der neier Premierministesch a Frankräich ernannt.
- 25. Mee: No de Parlamentswale vum 24. Abrëll a Slowenien gëtt de Robert Golob vun der Fräiheetsbeweegung (GS) neie Premierminister.
- 19. Juni: Beim 2. Tour vun de Parlamentswalen a Frankräich verléiert Ensemble pour la majorité présidentielle déi absolut Majoritéit a kënnt op 245 vu 577 Sëtz, d' Nouvelle Union Populaire écologique et sociale kritt der 131, de Rassemblement National der 89 an d' Union de Droite et du Centre der 64.
- 23. Juni: Um Europäesche Conseil zu Bréissel kréien d'Ukrain a Moldawien de Status vun engem Kandidat fir der EU bäizetrieden.
- : Nom 5. SeptemberBoris Johnson sengem Récktrëtt gëtt d'Liz Truss als nei Presidentin vun der Conservative Party an domat als nei Premierministesch vum Vereenegte Kinnekräich gewielt.
- : Nom Doud vu senger Mamm, der Kinnigin 8. SeptemberElisabeth II., gëtt den Charles III. Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich.
- : Den 9. OktoberAlexander Van der Bellen gëtt am éischten Tour vun de Presidentschaftswalen an Éisträich erëmgewielt.
- 17. Oktober: No de Parlamentswale vum 11. September a Schweden, bei deenen d'Schwedendemokraten, déi Moderat, d'Chrëschtdemokraten an déi Liberal eng Majoritéit vu Sëtz am Riksdag gewonnen hunn, gëtt den Ulf Kristersson neie Premiermnister.
- 22. Oktober: No de Parlamanetswale vum 25. September an Italien, gëtt d'Giorgia Meloni (Fratelli d'Italia) Premiermnistesch vun enger rietspopulistescher Regierung.
- 25. Oktober: No der Liz Truss hirem Récktrëtt gëtt de Rishi Sunak als neie Premierminister vum Vereenegte Kinnekräich ernannt, nodeems en een Dag éischter neie President vun der Conservative Party gouf.
- 1. November: Bei de virgezunnene Parlamentswalen an Dänemark kréien d'Sozialdemokrate vun der Mette Frederiksen déi meescht Stëmmen, an d'Parteien am lénke Spektrum eng Majoritéit.
- 13. November: D'Nataša Pirc Musar gëtt zur Presidentin vun der Republik Slowenien gewielt.
- 17. Dezember: De Leo Varadkar iwwerhëlt fir déi zweet Hallschecht vun der Legislaturperiod vum Micheál Martin d'Amt vum Premierminister an Irland.
Lëtzebuerg
änneren- : D' 5. JanuarRegierung Bettel-Lenert-Bausch trëtt, mat 3 neie Ministeren, hir Fonctioun un.
- : Den ukrainesche President 2. JuniWolodymyr Selenskyj adresséiert déi Lëtzebuerger Chamber via Videolink.
- 11. September: Verlängerung vun der Tramslinn T1 bis op Bouneweg.
- 30. November: De Prisong Uerschterhaff gëtt a Betrib geholl.
-
Tramstatioun Lycée Bouneweg
-
Prisong Uerschterhaff
Afrika
änneren- 23. Januar: Militärputsch am Burkina Faso.
- 15. Mee: Den Hassan Sheikh Mohamud gëtt zum neie President vu Somalia gewielt.
- 25. Juni: Gabun an Togo gi Member vum Commonwealth.
- 15. August: De William Ruto gewënnt d'Presidentewalen am Kenia.
Amerika
ännerenNordamerika
ännerenMëttel- a Südamerika
änneren- 27. Januar: D'Xiomara Castro gëtt nei Presidentin vum Honduras.
- 19. Juni: De Gustavo Petro gëtt zum neie President vu Kolumbien gewielt.
- 30. Oktober: Den Ignazio Lula gewënnt am 2. Tour vun de Presidentschaftswalen a Brasilien géint de Jair Bolsonaro.
- : D' 7. DezemberDina Boluarte gëtt als nei Presidentin vum Peru vereedegt, nodeems hire Virgänger, de Pedro Castillo, ofgesat gi war.
Asien
änneren- : Ausbroch vu schwéieren Onrouen am 2. JanuarKasachstan, wou bannent e puer Deeg 225 Leit ëm d'Liewe koumen an der bal 5.000 blesséiert goufen.
- : De 9. MäerzYoon Seok-youl gëtt zum neie President vu Südkorea gewielt.
- 12. Mäerz: De Serdar Berdimuhamedow gewënnt d'Presidentewalen am Turkmenistan, hie gëtt den 19. Mäerz vereedegt.
- 19. Abrëll: De José Ramos-Horta gëtt zum neie President vun Timor-Leste gewielt, nodeems en dat schonn eng Kéier virun 10 Joer war.
- 21. Juni: Iwwer 1.000 Doudeger bei engem schwéieren Äerdbiewen am Oste vum Afghanistan.
- 30. Juni: De Ferdinand Marcos Jr. gëtt neie President op de Philippinnen.
- 21. Juli: Den Ranil Wickremesinghe gëtt neie President vu Sri Lanka, nodeems säi Virgänger Gotabaya Rajapaksa no Protester zeréckgetruede war.
- 25. Juli: D'Draupadi Murmu gëtt als nei Presidentin vun Indien vereedegt.
- 16. September: Nom Doud vun der Jina Mahsa Amini, veruersaacht duerch Polizeigewalt, kënnt et zu méintelaange Protester am Iran.
- 22. Oktober: De Xi Jinping gëtt fir d'Drëtt zum Partei- a Staatschef vu China gewielt.
Arabesch Welt an Noen Osten
änneren- 14. Mee: De Mohamed bin Zayed Al Nahyan, Emir vun Abu Dhabi, gëtt neie President vun de Vereenegten Arabeschen Emirater.
- 1. November: E Block, deen de fréiere Premierminister Benjamin Netanyahu ënnerstëtzt, gewënnt mat enger absoluter Majoritéit déi virgezunnene Parlamentswalen an Israel.
Ozeanien & Pazifik
ännerenKonscht a Kultur
änneren- Esch-Uelzecht ass, zesumme mam litauesche Kaunas an dem serbesche Novi Sad, Europäesch Kulturhaaptstad (kuckt: Esch 2022).
Molerei
ännerenLiteratur
änneren- Servais-Präis: Guy Helminger fir Lärm.
- Den John-Paul Gomez gewënnt den nationale Literaturpräis 2022 fir The Idiot of St. Benedict.
Musek
änneren- 14. Mee: de Kalush Orchestra aus der Ukraine gewënnt den Eurovision Song Contest 2022 mam Lidd Stefania.
Kino
änneren- Oscar fir de beschte Film: Coda vun der Sian Heder.
- César fir de beschte Film: Illusions perdues vum Xavier Giannol.
- Gëlle Palm fir Triangle of Sadness vm Ruben Östlund.
Ekonomie
änneren- : D' 1. JanuarRegional Comprehensive Economic Partnership, dat gréisst Fräihandelsofkommes vun der Welt, trëtt a Kraaft.
Wëssenschaft an Technik
änneren- De Summer 2022 war zu Lëtzebuerg deen dréchensten, sonnegsten an zweetwäermsten zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen (1947).
- 18. Mäerz: D'Çanakkale-1915-Bréck an der Tierkei, déi Hänkbréck mat der gréisster Spanwäit op der Welt, gëtt ageweit.
- 11./12. Juli: Den James-Webb-Weltraumteleskop schéckt seng éischt Biller op d'Äerd.
- 30. November: OpenAI mécht ChatGPT, op Basis vun GPT-3.5, gratis fir d'Ëffentlechkeet zougänglech,
Sport
änneren- 4. bis 20. Februar: Olympesch Wanterspiller zu Beijing.
- 1. bis 24. Juli: Tour de France 2022; de Jonas Vingegaard gëtt Gewënner am Generalklassement.
- 21. Nov. bis 18. Dez.: 22. Foussball-Weltmeeschterschaft vun den Hären am Katar. An der Finall gewënnt déi argentinesch géint déi franséisch Nationalekipp mat 7 zu 5 beim Eelefmeterschéissen.
Gebuer
ännerenGestuerwen
änneren- : 4. JanuarMario Castegnaro, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- : 6. JanuarPeter Bogdanovich, US-amerikanesche Filmregisseur.
- Sidney Poitier, US-amerikanesche Schauspiller. 6. Januar:
- 11. Januar: David Sassoli, italieenesche Politiker.
- 12. Januar: Guy W. Stoos, lëtzebuergesche Graphiker, Karikaturist a Politiker.
- 12. Januar: Victor Fenigstein, schwäizeresch-lëtzebuergesche Pianist a Komponist.
- 12. Januar: Joseph Zangerle, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. Januar: Jean-Jacques Beineix, franséische Filmregisseur.
- 14. Januar: Ricardo Bofill, spueneschen Architekt.
- 15. Januar: Sophie Proost, lëtzebuergesch Theaterschauspillerin.
- 16. Januar: Ibrahim Boubacar Keïta, malesche Politiker.
- 16. Januar: Ota Nalezinek, tschechesch-lëtzebuergesche Moler a Graphiker.
- 17. Januar: Yvette Mimieux, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 17. Januar: Michel Subor, franséische Schauspiller.
- 19. Januar: Hardy Krüger, däitsche Schauspiller.
- 19. Januar: Gaspard Ulliel, franséische Schauspiller.
- 20. Januar: Meat Loaf, US-amerikanesche Rocksänger.
- 23. Januar: Serge Korber, franséische Filmregisseur.
- 23. Januar: Jean-Claude Mézières, franséische Comiczeechner.
- 25. Januar: Etchika Choureau, franséisch Schauspillerin.
- 26. Januar: Ernst Stankovski, éisträichesche Schauspiller.
- : 2. FebruarMonica Vitti, italieenesch Schauspillerin.
- : 8. FebruarLuc Montagnier, franséische Virolog.
- : 9. FebruarAndré Wilms, franséische Schauspiller.
- 12. Februar: Ivan Reitman, kanadesche Regisseur
- 19. Februar: Jacques Poos, lëtzebuergesche Politiker.
- 22. Februar: Claudine Junck, lëtzebuergesch Diplombiologin.
- 23. Februar: Henri Kugener, lëtzebuergeschen Dokter, Medezinhistoriker an Auteur.
- 24. Februar: Sally Kellerman, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 27. Februar: Veronica Carlson, englesch Schauspillerin.
- : 9. MäerzJean Bichel, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 13. Mäerz: William Hurt, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Mäerz: Ann Savo, finnesch Schauspillerin.
- 21. Mäerz: Eva-Ingeborg Scholz, däitsch Schauspillerin.
- 23. Mäerz: Madeleine Albright, US-amerikanesch Politikerin.
- 25. Mäerz: Taylor Hawkins, US-amerikanesche Museker.
- : 2. AbrëllPaul Lenert, lëtzebuergesche Journalist a Manager.
- : 5. AbrëllSidney Altman, kanadesch-US-amerikanesche Molekularbiolog.
- Nehemiah Persoff, US-amerikanesche Schauspiller. 5. Abrëll:
- : 7. AbrëllDavid McKee, brittesche Kannerbuchauteur an Illustrateur.
- : 9. AbrëllMichael Degen, däitsch-israeelesche Schauspiller.
- 13. Abrëll: Michel Bouquet, franséische Schauspiller.
- 17. Abrëll: Catherine Spaak, franséisch Schauspillerin a Moderatorin.
- 21. Abrëll: Renate Holm, däitsch Operesängerin a Schauspillerin.
- 21. Abrëll: Jacques Perrin, franséische Schauspiller a Filmproduzent.
- 23. Abrëll: Arno, belsche Museker.
- 30. Abrëll: André Elvinger, lëtzebuergesche Jurist.
- : 8. MeeFred Ward, US-amerikanesche Schauspiller.
- Dennis Waterman, englesche Schauspiller. 8. Mee:
- 17. Mee: Édouard Kutter, lëtzebuergesche Fotograf, Editeur.
- 17. Mee: Vangelis, griichesche Museker.
- 23. Mee: Anita Gradin, schweedesch Politikerin.
- 26. Mee: Andrew Fletcher, brittesche Museker.
- 26. Mee: Ray Liotta, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Mee: Nicole Castan, franséisch Kënschtlerin.
- 28. Mee: Adolphe Deville, lëtzebuergesche Moler.
- 28. Mee: Bujar Nishani, albanesche Politiker.
- : 8. JuniCarmen Welter-Jander, lëtzebuergesch Sopranistin a Gesankspedagogin.
- 17. Juni: Jean-Louis Trintignant, franséische Schauspiller.
- 28. Juni: Martin Bangemann, däitsche Politiker.
- : 1. JuliMaurizio Pradeaux, italieenesche Filmregisseur.
- : 2. JuliPeter Brook, engleschen Auteur, Film- an Theaterregisseur.
- Edward Meeks, US-amerikanesche Schauspiller. 2. Juli:
- : 6. JuliJames Caan, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 8. JuliShinzō Abe, japanesche Politiker.
- José Eduardo dos Santos, angolanesche Politiker. 8. Juli:
- 12. Juli: Bramwell Tovey, britteschen Dirigent a Komponist.
- 15. Juli: Albert Nerini, lëtzebuergesche Schlagersänger.
- 18. Juli: Claes Oldenburg, schweedesch-US-amerikanesche Kënschtler.
- 19. Juli: André Link, lëtzebuergeschen Auteur an Dolmetscher.
- 21. Juli: Uwe Seeler, däitsche Foussballspiller.
- 23. Juli: Bob Rafelson, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 24. Juli: David Warner, englesche Schauspiller.
- 25. Juli: Paul Sorvino, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Juli: Jean Bobet, franséische Vëlossportler.
- 27. Juli: Bernard Cribbins, englesche Schauspiller.
- 30. Juli: Nichelle Nichols, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 31. Juli: John Steiner, brittesche Schauspiller.
- 31. Juli: Fidel Ramos, philippinnesche Militär a Politiker
- 31. Juli: John Steiner, brittesche Schauspiller
- : 5. AugustClu Gulager, US-amerikanesche Schauspiller.
- Issey Miyake, japanesche Moudendesigner. 5. August:
- : 8. AugustOlivia Newton-John, brittesch-australesch Sängerin a Schauspillerin.
- 11. August: Anne Heche, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 11. August: Jean-Jacques Sempé, franséischen Zeechner.
- 12. August: Wolfgang Petersen, däitsche Filmregisseur.
- 13. August: Josy Mosar, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. August: Eva-Maria Hagen, däitsch Schauspillerin.
- 17. August: Robert Thillen, lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer.
- 25. August: Herman Van Springel, belsche Vëlossportler.
- 30. August: Michail Gorbatschow, sowjetesche resp. russesche Politiker.
- : 2. SeptemberFrank Drake, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
- : 3. SeptemberConny Scheel, lëtzebuergesche Fotograf, Schauspiller an Theaterregisseur.
- : 4. SeptemberRobert Bintz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 6. SeptemberMarie-Thérèse Boever, lëtzebuergesch Politikerin
- Just Jaeckin, franséische Filmregisseur a Fotograf. 6. September:
- : 8. SeptemberElizabeth II., brittesch Kinnigin.
- 11. September: Javier Marías, spuenesche Schrëftsteller.
- 11. September: Alain Tanner, Schwäizer Filmregisseur.
- 12. September: Ramsey Lewis, US-amerikaneschen Jazzpianist.
- 13. September: Jean-Luc Godard, franséische Filmregisseur.
- 14. September: Irene Papas, griichesch Schauspillerin.
- 14. September: Henry Silva, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. September: Francescantonio Nolè, italieenesche Geeschtlechen.
- 16. September: Emile Seiler, lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen, Enseignant, Historiker an Auteur.
- 20. September: Sergei Witauto Puskepalis, russesche Schauspiller.
- 23. September: Louise Fletcher, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 28. September: Coolio, US-amerikanesche Rapper.
- 29. September: Paul Veyne, franséischen Historiker.
- : 4. OktoberGünter Lamprecht, däitsche Schauspiller.
- : 9. OktoberBruno Latour, franséische Soziolog a Philosoph.
- 11. Oktober: Angela Lansbury, brittesch Schauspillerin.
- 12. Oktober: Abbes Hever, lëtzebuergesche Graphiker.
- 14. Oktober: Robbie Coltrane, brittesche Schauspiller.
- 14. Oktober: Ralf Wolter, däitsche Schauspiller.
- 20. Oktober: Joseph Kinsch, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 28. Oktober: Jerry Lee Lewis, US-amerikanesche Rocksänger a Pianist.
- : 5. NovemberValère Gustin, belsche Moler.
- : 7. NovemberLeslie Phillips, englesche Schauspiller.
- : 8. NovemberPierre Kartner, hollännesche Komponist a Sänger.
- 14. November: Johanna Lüttge, (ost)däitsch Athleetin.
- 24. November: Hans Magnus Enzensberger, däitsche Schrëftsteller.
- 25. November: Irene Cara, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 30. November: Christiane Hörbiger, éisträichesch Schauspillerin.
- 30. November: Christine McVie, brittesch Sängerin.
- 30. November: Davide Rebellin, italieenesche Vëlossportler.
- 30. November: Jiang Zemin, chineesesche Politiker.
- : 1. DezemberMylène Demongeot, franséisch Schauspillerin.
- : 5. DezemberKirstie Alley, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 11. Dezember: Angelo Badalamenti, US-amerikanesche Komponist.
- 18. Dezember: Lando Buzzanca, italieeneschs Schauspiller.
- 18. Dezember: Daniela Giordano, italieenesch Schauspillerin.
- 21. Dezember: Diane McBain, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 21. Dezember: Victor De Bourcy, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. Dezember: Franco Frattini, italieenesche Politiker.
- 26. Dezember: Josy Hamer, lëtzebuergesche Geiist an Hautboisspiller.
- 28. Dezember: Linda de Suza, franco-portugisesch Sängerin.
- 29. Dezember: Pelé, brasilianesche Foussballspiller a Politiker.
- 29. Dezember: Dan Theis, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 29. Dezember: Vivienne Westwood, brittesch Modendesignerin.
- 31. Dezember: Joseph Ratzinger, däitsche kathoulesche Geeschtlechen, emeritéierte Poopst Benoît XVI.
Um Spaweck
ännerenCommons: 2022 – Biller, Videoen oder Audiodateien |