Coque (Tramshalt)

Statioun vum Stater Tram

Coque ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.

Coque
Standuert vun der Statioun
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 10. Dezember 2017
genannt no Coque
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Kierchbierg
Koordinaten 49°37'21,68"N, 6°9'14,26"O, 49°37'22,40"N, 6°9'16,52"O
Reseau
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Universitéit,
Europaparlament / Parlement européen

Lag vun der Statioun änneren

D'Statioun läit an der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Universitéit am Norden an Europaparlament / Parlement Européen am Süden.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel Aéroport[1] Universitéit Coque Europaparlament / Parlement Européen Stadion[1]

D'Statioun läit direkt virum Centre national sportif et culturel, der Coque, no där se och genannt ass.

Infrastruktur änneren

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioun gëtt et eng Vel'oH!-Statioun. D'RGTR-Busgare Europe läit hannert dem Gebai vum Sportszenter an der Rue Léon Hengen.

Biller änneren

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend [2] änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Coque (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023
  2. Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23.