AVL-CN4

Stater Nuetsbuslinn (AVL)

D'AVL-Linn CN4 ass eng vun den Nuetslinnen déi ënner der Bezeechnung City Night Bus vun de Stater Bussen organiséiert ginn.

AVL-CN4
City Night Bus 4
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O
op Uewerstad, Hamilius 49°36'39,9150"N, 6°7'33,2767"O
iwwer Uewerstad, Lampertsbierg, Kierchbierg, Neiduerf/Weimeschhaff
Bustyp Standardbus
opgaang 3. November 2019
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 9.895 m
Fuerzäit 24 min
mëttel Vitess 24,74 km/h

De Weekend – an den Nuechte vu freides op samschdes a vu samschdes op sonndes – fiert se all hallef Stonn vum Hamilius aus, wou se Uschloss un déi aner CN-Linnen huet, an déi verschidde Quartiere vun der Stad, absënns Kierchbierg a Weimeschhaff.

D'Linn CN4 ass eng Ronnfaart an huet nëmmen een Terminus; op hirem Trajet huet se 19 Halten a brauch 24 Minutte fir eng Faart.

Halten op der Linn CN4 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn CN4 Bemierkung
  Hamilius Uschloss un d'Linnen

CN1, CN2, CN3, CN5, CN6, CN7, CN8

  Fondation Pescatore
  Rout Bréck - Pafendall       Gare Pafendall-Kierchbierg
  Niedergrünewald
  Léon Hengen
  Antoine de St Exupéry
  Konrad Adenauer
  Avalon
  Chambre des Métiers
  Alphonse Weicker  
  Joseph Hackin
  Labours
  Muguets
  Marguerites
  Pâquerettes
  Bleuets
  Rout Bréck - Pafendall       Gare Pafendall-Kierchbierg
  Fondation Pescatore
  Hamilius Uschloss un d'Linnen

CN1, CN2, CN3, CN5, CN6, CN7, CN8


Entwécklung vun der Linn CN4 änneren

  • Abrëll 2011 bis den 2. November 2019: Stad - Eech - Weimeschkierch - Kierchbierg

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne CN4 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren