AVL-Linn 3
D'AVL-Linn 3 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Si fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Houwald, Waassertuerm - Bouneweg - Garer Quartier - Stad - Eech - Dummeldeng - Beggen, Henri Dunant an zeréck.
Eng Linn 3 hannert dem Rond-point Robert Schuman (2023) | |
Houwald - Beggen | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
vu(n) | Houwald, Waassertuerm 49°34'41,5"N, 6°8'51,5"O |
op | Beggen, Henri Dunant 49°38'51,4752"N, 6°8'4,3732"O |
iwwer | Beggen, Dummeldeng, Eech, Uewerstad, Garer Quartier, Bouneweg, Houwald |
Bustyp | Standardbus, Elektrobus |
opgaang | 13. Dezember 2020 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 12.093 m, 11.704 m |
Fuerzäit | 40 min, 41 min |
mëttel Vitess | 18,14 km/h, 17,13 km/h |
D'Linn 3 huet 26 Halten an all Richtung a se fiert all Dag an engem Takt vun enger hallwer Stonn. Tëscht Bouneweg an der Uewerstad fiert se parallel mat de Linne 5 an 33[1]. Sonndes fiert d'Linn 3 just op zwéin Deelstécker: engersäits vum Houwald bis op Bouneweg, LTB, wou en Uschloss un d'Linn 5 a Richtung Stad besteet an anersäits vu Beggen bis an d'Stad.
Duerch eng Zesummenaarbecht mat der Gemeng Hesper kann d'Linn 3 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis op den Houwald verlängert ginn; se gëtt net vum Nohaltegkeetsministère subventionéiert.
Halten op der Linn 3
änneren(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Linn 3 | Bemierkung | |
---|---|---|
Howald, Waassertuerm | gemeinsamen Terminus mat der Linn 33 | |
Howald, Minsbësch | ||
Howald, Bei der Kierch | ||
Howald, 9 Mai 1944 | ||
Lycée Bouneweg / PE | ||
Lycée Bouneweg / LTB | ||
Willibrord | ||
Léon XIII | ||
Fraternité | ||
Virchow | ||
Huese Vic | ||
Wallis | ||
F. D. Roosevelt | ||
Hamilius | ||
Fondation Pescatore | ||
Theater | ||
Kiischtewee | ||
Alen Eecher Bierg | ||
Octroi | ||
Eecher Plaz | ||
Dommeldange, Contournement | ||
Van der Meulen | ||
Château | ||
Chingiz Aitmatov | ||
Cyprien Merjai | ||
Henri Dunant |
Entwécklung vun der Linn 3
ännerenMat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:
- vum 10.07.1960 un: Gare - av. Monterey - Lampertsbierg (av. V. Hugo) - av. de la Faïencerie - av. Monterey - Pont Adolphe - Gare
- 1971 - 1992: Gare - Stad - Lampertsbierg
- 1992 - 2001: Bouneweg, Rangwee - Wallis-Plaz - Stad - Lampertsbierg/av. de la Faïencerie
- 2001 - 2015: Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius - Stad - Bouneweg, LTB; verschidde Faarte bis op den Houwald, Waassertuerm
- 01.06.2015 - 12.12.2020: Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius - Stad - Bouneweg - Houwald, Waassertuerm
Vum Lampertsbierg bis op d'Gemengegrenz am Rangwee ass d'Linn 3 parallel mat der Linn 30 gefuer. De 14. August 2018 ass den Trajet am Stadzentrum liicht geännert ginn. D'Linn 3 fiert vun deem Dag un iwwer de Boulevard Royal an d'Neipuertsgaass amplaz iwwer d'Stäreplaz an d'Montereysavenue.
Wéinst dem Tramsschantje huet d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad zanter dem 3. November 2019 iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck geféiert[2].
D'Linn 3 hat 24 Halten um Aller an der 25 um Retour a ass wiertes all 20 Minutte gefuer; duerch de parallellen Trajet mat der Linn 30 tëscht dem Lampertsbierg a Bouneweg gouf et do all 10 Minutten a Bus. Samschdes a sonndes ass se all hallef Stonn gefuer. Den Terminus Houwald, C.I.P.A. gouf nëmme sonndes mat e puer Faarten ugefuer.
- 03.12.2020 - 09.12.2023: deselwechten Trajet Houwald, Waassertuerm - Beggen, Henri Dunant an zeréck wéi zanter dem 10. Dezember 2023, awer mat vereenzelte Faarte bei de C.I.P.A. um Houwald a mat zousätzleche Faarten tëscht der Houwalder Kierch an dem Glacis (Halt Theater); béid Variante ginn zanterhier vun der Linn 33 gefuer. Den 11. September 2022 gouf den Trajet zu Bouneweg liicht ugepasst, fir datt de Pôle d'échange Lycée Bouneweg ugefuer konnt ginn.
Um Spaweck
ännerenCommons: AVL-Linn 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Adaptations horaires - Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 29.11.2023.
- ↑ De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019