François Bausch
De François genannt Fränz Bausch, gebuer de 16. Oktober 1956 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (déi gréng).
François Bausch | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
16. Oktober 1956 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Eisebunner |
Partei | déi gréng |
![]() |
Hien ass zanter dem 5. Dezember 2018 an der Regierung Bettel-Schneider-Braz Minister fir nohalteg Entwécklung, Transport, ëffentlech Aarbechten an Infrastruktur, souwéi Verdeedegungsminister. De François Bausch war och Minister vun der Bannenzeger Sécherheet, huet dee Ressort awer den 11. Oktober 2019 un de Henri Kox delegéiert an den 23. Juli 2020 ganz un deen ofginn[1].
Scho vum 3. Dezember 2013 bis de 15. Oktober 2018 war hie Minister fir nohalteg Entwécklung, Transport, ëffentlech Aarbechten an Infrastruktur an der Regierung Bettel-Schneider.
De François Bausch, deen 1986 Member bei de Grénge gouf, huet fréier bei der CFL als Zuchbegleeder geschafft.
Gemengepolitik Änneren
Hie war vum 1. Januar 1994, bis zu senger Ernennung als Minister, am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vum 10. November 2005 un Éischte Schäffen.
Landespolitik Änneren
Hie war vum 18. Juli 1989 bis den 11. Oktober 1992 Deputéierten an der Chamber a gouf 1994, 1999, 2004, 2009, 2013 an 2018 erëmgewielt. 2013 an 2018 huet hien op säin Deputéiertemandat verzicht fir Minister ze ginn. Hie war vun 1999 bis 2013 Fraktiounschef an der Chamber.
Gielercher Änneren
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2011)[2]
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1996)[3]
Literatur Änneren
Romain Meyerː François Bauschː Der Un-Geduldige. Skizzen eines politischen Lebens. Lëtzebuergː Éditions Guy Binsfeld, 2018. ISBN 978-99959-42-39-7.
Um Spaweck Änneren
Commons: François Bausch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen Änneren
- ↑ Regierungsëmbildung betreffend d'Kompetenze vun der Verdeedegung an der bannenzeger Sécherheet. gouvernement.lu (23.07.2020). Gekuckt de(n) 24.07.2020.
- ↑ Memorial B n° 100 vun 2011 mat der Lëscht vun de Leit déi 2011 eng national Auszeechnung kritt hunn
- ↑ Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn