AVL-Linn 9

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 9 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Hamm, rue de Bitbourg - Bouneweg - Gare-Rocade - Stad - Clausen - Neiduerf - Zens, Waassertuerm an huet 29 Halte pro Richtung.

AVL-Linn 9
E Bus vun der Linn 9 an der Aler Avenue
Hamm - Neiduerf - Zens
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Hamm, Rue de Bitbourg 49°36'47,8541"N, 6°10'13,4296"O
op Zens, Waassertuerm 49°37'14,5420"N, 6°10'58,0465"O
iwwer Garer Quartier, Uewerstad, Clausen, Neiduerf, Zens, Hamm, Bouneweg
Bustyp Hybrid Elektrobus, Elektrobus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 11.463 m, 11.773 m
Fuerzäit 36 min, 40 min
mëttel Vitess 19,11 km/h, 17,66 km/h

Um Zens huet se den Terminus zesumme mat der Linn 14 an zu Hamm mat de Linne 25 a 27.

D'Linn gëtt gréisstendeels mat Elektro-Hybrid oder Elektrobussen assuréiert. Um Terminus um Zens ass eng Opluetstatioun wou d'Bussen nees opgeluede ginn.

Halten op der Linn 9 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 9 (Aller) Bemierkung
  Rue de Bitbourg gemeinsamen Terminus mat de Linne 25 a 27
  Käschtewee
  Rue Haute
  Hamm, Kierch
  Hamm, Schoul
  Hamm, Colonie
  Englebert Neveu
  Montmédy
  Kofferfabrick
  Gabriel Lippmann
  Rotonde
  Gare Rocade  
  Wallis
  F. D. Roosevelt
  Hamilius  
  Badanstalt
  Um Bock / Casemates
  Plateau Altmunster
  Clausener Bréck
  Malakoff
  Hierzekrëpp
  Fixmer
  Neudorf, Kierch
  Neudorf, Brasserie
  Neudorf, Kapell
  Laangegronn
  Fierschterhaus
  Kalchesbruck
  Cents, Waassertuerm gemeinsamen Terminus mat der Linn 14

Entwécklung vun der Linn 9 änneren

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 01.11.1952 ass d'Neiduerfer Linn op der Streck Fëschmaart - Clausen - Neiduerf an zeréck gefuer; vum 01.10.1962 un gouf se als Linn 9 bezeechent.
  • 1971 - 1980: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf
  • 1980 - 1983: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Fluchhafen
  • 1983 - 1990: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Fluchhafen - Sennengerbierg - Nidderaanwen
  • 1990 - 2015: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Findel - Flughafen - Sennengerbierg, Charlys Statioun
  • Juni 2015 - Mäerz 2016: Zens/Waassertuerm - Neiduerf - Clausen - Stad - Gare - Bouneweg - (Houwald). D'Linn 9 gouf als sougenannt "Kombilinn" gefuer, d. h. datt zwou RGTR-Linnnen (167 an 195) vun Izeg oder Peppeng zu Bouneweg op d'Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg koumen a vun do un um gemeinsamen Trajet als Linn 9 bis op den Zens gefuer sinn. De Fuerplang vun den zwou Linne war sou versat, datt um gemeinsamen Trajet vu méindes bis samschdes all 15 Minutten e Bus gefuer ass. D'Busse vun dëser "Kombilinn" haten och déi zwou Linnennummeren 9/167 oder 9/195 ugewisen
  • 14.03.2016 - 12.12.2020: Gare - Stad - Clausen - Neiduerf - Zens

Wéinst dem Tramsschantje ass d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad vum 3. November 2019 un iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 9 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019