Geriichtsbezierk (Lëtzebuerg)
E Geriichtsbezierk ((fr) Arrondissement judiciaire) zu Lëtzebuerg ass eng territorial Opdeelung, an där e Bezierksgeriicht ((fr) Tribunal d'arrondissement) zoustänneg ass. Et gëtt zwee Geriichtsbezierker: de Geriichtsbezierk Lëtzebuerg an de Geriichtsbezierk Dikrech. All Bezierk huet säin eegent Bezierksgeriicht, dat fir déi zivil a kommerziell Affären zoustänneg ass, souwäit déi vum Gesetz net ausdrécklech enger anerer Geriichtsbarkeet zougewise goufen.
Am strofrechtleche Beräich bestinn d'Bezierksgeriichter aus enger Chambre correctionnelle an enger Chambre criminelle, déi d'Affäre jee no Gravitéit vun der Strofdot verhandelen.
Do dernieft gëtt et nach d'Jugend- a Momperschaftsgeriicht ((fr) tribunal de la jeunesse et des tutelles) fir iwwer déi Fäll vum Jugendschutz ze urteelen, déi vum Gesetz virgesi sinn.
Territorial Opdeelung
ännerenA Funktioun vun der Matière ëm déi et geet, leet d'Gesetz fest, wat fir eng Geriichtsbarkeet (Juridiktioun) zoustänneg ass. Fir all Affär fir déi keng speziell territorial Juridiktioun vum Gesetz virgesinn ass, gëllt d'territorial Kompetenz vum Wunnuert vum Bekloten[1]. Fir erauszefannen, wat fir eng territorial Juridiktioun zoustänneg ass, muss tëscht de verschiddenen Niveaue vun de Geriichter, ënnerscheet ginn.
National Kompetenz
ännerenFir d'Cour supérieure de justice, d'Cour de cassation, d'Cour d'appel an d'Cour constitutionnelle gëtt et keng territorial Opdeelung, déi si fir de ganzen Territoire vum Groussherzogtum zoustänneg.[2]
Bezierksgeriichter (tribunal d'arrondissement)
ännerenAm Bezierk Lëtzebuerg ginn d'Affäre jee no Sujet vum President vum Tribunal op eng vun den 21 Kummeren[4] (Chamberen) verdeelt.[5]
D'Bezierksgeriicht Lëtzebuerg ass zoustänneg fir:
Kanton | Gemengen[6] |
---|---|
Capellen | Dippech, Garnech, Habscht, Käerjeng, Kielen, Käerch, Koplescht, Mamer, Stengefort |
Esch-Uelzecht | Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Fréiseng, Keel, Leideleng, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Suessem, Schëffleng |
Gréiwemaacher | Betzder, Biwer, Fluessweiler, Gréiwemaacher, Jonglënster, Mäertert, Manternach, Wuermer |
Lëtzebuerg | Bartreng, Conter, Hesper, Lëtzebuerg, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter, Steesel, Stroossen, Walfer, Weiler zum Tuer |
Miersch | Biissen, Colmer-Bierg, Fëschbech, Fiels, Helperknapp, Hiefenech, Lëntgen, Luerenzweiler, Miersch, Noumer |
Réimech | Bous-Waldbriedemes, Duelem, Lenneng, Munneref, Réimech, Schengen, Stadbriedemes |
D'Bezierksgeriicht Dikrech ass zoustänneg fir:
Kanton | Gemengen[6] |
---|---|
Dikrech | Ärenzdall, Bettenduerf, Buerschent, Dikrech, Ettelbréck, Feelen, Ierpeldeng op der Sauer, Mäerzeg, Reisduerf, Schieren |
Iechternach | Beefort, Bech, Bäerdref, Iechternach, Konsdref, Rouspert-Mompech, Waldbëlleg |
Klierf | Ëlwen, Klierf, Parc Housen, Wäiswampech, Wëntger |
Réiden | Biekerech, Ell, Groussbus-Wal, Préizerdaul, Rammerech, Réiden op der Atert, Sëll, Useldeng, Viichten |
Veianen | Pëtschent, Tandel, Veianen |
Wolz | Bauschelt, Esch-Sauer, Géisdref, Kiischpelt, Stauséigemeng, Wanseler, Wolz |
Friddensgeriichter (justice de paix)
ännerenEt gëtt dräi Friddensgeriichter zu Lëtzebuerg:
Lëtzebuerg
ännerenD'Friddensgeriicht an der Stad ass zoustänneg fir[7]:
Kanton | Gemengen[6] |
---|---|
Gréiwemaacher | Betzder, Biwer, Fluessweiler, Gréiwemaacher, Jonglënster, Mäertert, Manternach, Wuermer |
Lëtzebuerg | Bartreng, Conter, Hesper, Lëtzebuerg, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter, Steesel, Stroossen, Walfer, Weiler zum Tuer |
Miersch | Biissen, Colmer-Bierg, Fëschbech, Fiels, Helperknapp, Hiefenech, Lëntgen, Luerenzweiler, Miersch, Noumer |
Réimech | Bous-Waldbriedemes, Duelem, Lenneng, Munneref, Réimech, Schengen, Stadbriedemes |
an zousätzlech: | Garnech, Habscht, Kielen, Käerch, Koplescht, Mamer, Stengefort |
Dikrech
ännerenFir d'Friddensgeriicht Dikrech zielt déi selwecht Opdeelung wéi fir Bezierksgeriicht Dikrech[7].
Esch-Uelzecht
ännerenD'Friddensgeriicht zu Esch ass zoustänneg fir[7]:
Kanton | Gemengen[6] |
---|---|
Esch-Uelzecht | Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Fréiseng, Keel, Leideleng, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Suessem, Schëffleng |
an zousätzlech: | Dippech, Käerjeng |
Um Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Nouveau Code de procédure civile Art. 28. data.legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 04.12.2024.. "En matière personnelle ou mobilière, ainsi qu'en toutes matières pour lesquelles une compétence territoriale particulière n'est pas indiquée par la loi, la juridiction compétente est celle du domicile du défendeur; si le défendeur n'a pas de domicile, celle de sa résidence."
- ↑ (fr)Répertoire des localités. justice.public.lu (09.12.2019). Gekuckt de(n) 04.12.2024.
- ↑ 3,0 3,1 (fr)Loi du 7 mars 1980 sur l'organisation judiciaire ANNEXE - Tableau des arrondissements judiciaires visé à l’article 10 de la loi. legilux.public.lu (07.03.1980). Gekuckt de(n) 04.12.2024.
- ↑ Stand: 2023
- ↑ (fr)La justice en chiffres 2023. justice.public.lu B. Tribunaux d’arrondissement, S. 52. Service communication et presse de la justice (SCPJ) (08.08.2024). Gekuckt de(n) 04.12.2024.
- ↑ 6,0 6,1 6,2 6,3 An der Annexe vum Gesetz vun 1980 stinn deels nach d'Nimm vu fréiere Gemengen, ouni op eventuell Fusiounen anzegoen. An dësem Tableau sinn d'Gemengen op den 1. September 2023 aktualiséiert ginn.
- ↑ 7,0 7,1 7,2 (fr)Loi du 7 mars 1980 sur l'organisation judiciaire Chapitre I. - Des justices de paix - Art. 1er. legilux.public.lu (07.03.1980). Gekuckt de(n) 04.12.2024.