Gemeng Wäiswampech
D'Gemeng Wäiswampech ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wäiswampech vun där se och hiren Numm huet.
Wäiswampech | |
---|---|
![]() | |
![]() Wanterlech Landschaft an der Gemeng Wäiswampech | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Weiswampach de: Weiswampach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Buergermeeschter | Henri Rinnen (DP) |
Awunner | 2.313 |
1 Januar 2023 | |
Fläch | 3.525 ha |
Héicht | 492 m |
Koordinaten |
50° 08’ 20’’ N 06° 04’ 30’’ O |
LAU-Code | LU0505 |
Websäit | http://www.weiswampach.lu/ |
D'Gemeng Wäiswampech (orange) am Kanton Klierf (rout) | |
Uertschaften a Lieu-diten an der GemengÄnneren
GeographieÄnneren
D'Gemeng Wäiswampech läit an der nërdlecher Spëtz vum Land, am Kanton Klierf a grenzt nieft der belscher Grenz am Norden an Osten un d'Gemenge Ëlwen am Westen, Klierf am Süden an am Süd-Westen. Mat engem Héichtenënnerscheed vu 519 op 450 m läit d'Gemeng deelweis op engem fielsegen Héichplateau, ëmgi vu Mësch- a Bichebëscher a Fiichtemonokulturen tëscht dem Ourdall an enken Däller vun de wellefërmegen Héichflächen. Duerch d'Schafe vun zwéi kënschtleche Séien an der Uertschaft Wäiswampech huet d'Gemeng en touristeschen Opschwonk erlieft.
GeschichtÄnneren
Am 20. Joerhonnert ass d'Awunnerzuel vum Ufank bis an d'1970er Joren ëm d'Hallschecht erofgaangen. Dono goung se nees no uewen, wat ufanks duerch den Tanktourismus an d'Bankfilialen, déi sech op eng belsch Clientèle spezialiséiert haten, zeréckzeféiere war.
Tëscht 2006 an 2016 goung d'Bevëlkerungszuel vun 1232 op 1756 erop. Haut gëtt et do eng sëllege Betriber, déi sech an de leschte Joren niddergelooss hunn: Fiducièren, Logistiksentreprisen, Holdingen, Geschäfter, ma och vill Kleng- a Mëttelbetriber am Handwierks- oder Informatiksberäich. Eng 2000 Leit, dorënner vill Frontalieren aus der Belsch, schaffen do[1].
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Wäiswampech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
D'Gemeng ass zanter dem 4. August 2017 Member vum Klimapakt[2], awer - als eenzeg Gemeng am Kanton Klierf - net Member vum Naturpark Our[3].
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
BuergermeeschterenÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- ? - 1969: ... Rinnen
- ...
- 1972 - 1984: Mathias (Mett) Schon
- ...
- 1995 - 2023: Henri Rinnen (DP)
KuckeswäertesÄnneren
- De Musée A Schiewesch zu Bënzelt
- De Wämper Séi
- De Lancaster Memorial
LiteraturÄnneren
- Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Wäiswampech S. 41-60).
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Wäiswampech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Bernard Thomas: "World Wide Weisswampach." d'Lëtzebuerger Land Nr.9, 3. Mäerz 2017, S.9.
- ↑ Communes engagées dans le Pacte Climat. pacteclimat.lu. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
- ↑ Naturpark Our - Mitgliedsgemeinden. naturpark-our.lu. Gekuckt de(n) 21.07.2020.