Stroossen

lëtzebuergesch Gemeng an eenzeg Uertschaft an der Gemeng Stroossen am Kanton Lëtzebuerg

D'Gemeng Stroossen läit am Kanton Lëtzebuerg an ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stroossen, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.

Stroossen
Coat of arms strassen luxbrg.png
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Strassen
de: Strassen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter Gaston Greiveldinger (LSAP)
Awunner 9.888 (1 Januar 2020)
Fläch 1.071 ha
Koordinaten 49° 37’ 9’’ N
      6° 4’ 19’’ O
Websäit http://www.strassen.lu/
Map Strassen.PNG
D'Gemeng Stroossen (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout)

Uertschaften a Lieu-diten an der GemengÄnneren

Stroossen ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng; zur Gemeng gehéiert awer nach en Deel vum Reckendall.

GeographieÄnneren

D'Gemeng Stroossen läit westlech um Bord vun der Stad Lëtzebuerg. Nieft der Gemeng Lëtzebuerg am Osten, leien am Südweste Bartreng, am Weste Mamer, an am Norden Kielen a Koplescht.

Duerch d'Gemeng féiert nieft der Nationalstrooss N6, och Areler Strooss genannt, déi d'Stad Lëtzebuerg mat Arel (Belsch) verbënnt och déi international Zuchstreck Lëtzebuerg – Bréissel. D'N6 gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.

GeschichtÄnneren

Den Numm Stroossen staamt aus dem laténgesche Wuert "strata", wat souvill heescht wéi Militärstrooss. Zu der Zäit vun de Réimer ass dëse Kiem vun Tréier op Arel duerch Stroossen a Mamer verlaf.

Am Joer 1823 gouf d'Gemeng opgeléist a mat der Gemeng Bartreng fusionéiert. Den 1. Januar 1850[1] goufen d'Sektioun Stroossen, zesumme mam Deel vun der Sektioun Reckendall dat um "ban de Strassen" louch, vun der Gemeng Bartreng ofgetrennt a goufen nees eng eegestänneg Gemeng.

Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Stroossen 1.381 Awunner, 278 bewunnt Haiser an 309 Famillen.

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

D'Gemeng huet 9.885 Awunner, wouvun der 6.135 (62,06%) Net-Lëtzebuerger sinn (Stand: 1. Jan. 2020).

WopenÄnneren

De Wope vu Stroossen gouf an der Gemengerotssëtzung vum 14. Oktober 1976 ugeholl an duerch en Arrêté ministériel vum 7. Dezember dat selwecht Joer confirméiert.[2]

Beschreiwung: de gueules à cinq pals d'or.

De Wope vu Stroossen geet op de Jang vu Stroossen (ëm 1411) zréck[3].

PolitikÄnneren

De Gemengerot vu Stroossen gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 13 Conseilleren zesummen.

De Schäfferot, deen aus de Gemengewale vun 2011 ervirgoung, huet sech op eng Dräierkoalitioun vun CSV, déi gréng an LSAP gestäipt. No de Wale vun 2017 ass et just nach eng CSV-LSAP-Koalitioun.[4]

Bis 2021 soll den LSAP-Politiker Gaston Greiveldinger de Poste vum Buergermeeschter iwwerhuelen. Dono geet dee Posten un d'CSV.

Zesummesetzung

Joer CSV DP gréng LSAP Lénk
1999 3 5 2 1 -
2005 3 4 2 2 -
2011 3 5 2 3 -
2017 3 4 2 4 0

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

BuergermeeschterenÄnneren

Interkommunal SyndikaterÄnneren

 
De Centre Barblé vum Park aus gesinn
 
Am Park beim Centre Barblé

D'Gemeng Stroossen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

KuckeswäertesÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Bernard Thomas: " 'Conurbation diffuse'. Boom économique et crise du sens dans la ceinture dorée - Étude de cas de Strassen." in: d'Lëtzebuerger Land Nr. 38, 20. September 2019, S.10.
  • Kandel, Edouard: Publikationen der Gemeinde Strassen - In: 150 Joer Gemeng Stroossen: 1850 - 2000. - Strassen: Administration communale, 2001. - P. 453-465
  • Loi du 6 août 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Strassen, Mémorial N°78 vum 18. August 1849 S.791-S.792

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Stroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. (fr)Loi du 6 août 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Strassen. legilux.public.lu (18.08.1849). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  2. Mémorial B 1976, Säit 1474.
  3. http://www.strassen.lu/la-commune-se-presente
  4. "Greiveldinger ass Buergermeeschter, CSV iwwerhëlt no 3 Joer." rtl.lu, Leschten Update: 11.10.2017, 15:57:23.