Gemeng Bäerdref

lëtzebuergesch Gemeng Kanton Iechternach

D'Gemeng Bäerdref (lokal: Bäertref[1][2]) läit am Kanton Iechternach an ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bäerdref vun där se och hiren Numm huet.

Bäerdref
Coat of arms berdorf luxbrg.png
Berdorf town hall 2012-08.JPG
d'Gemengenhaus
Aussprooch

An anere Sproochen fr: Berdorf
de: Berdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Iechternach
Buergermeeschter Joé Nilles
Awunner 1.868 (1 Januar 2020)
Fläch 2.192,4446 ha
Koordinaten 49° 49’ 17’’ N
      06° 20’ 58’’ O
Websäit http://www.berdorf.lu/
Map Berdorf.PNG
D'Gemeng Bäerdref (orange)
am Kanton Iechternach (rout)

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[3]Änneren

UertschaftenÄnneren

Lieu-ditenÄnneren

Zu der Gemeng Bäerdref gehéieren och nach déi heiten Häff a Lieu-diten :

KadastersektiounenÄnneren

D'Gemeng Bäerdref huet dräi Kadastersektiounen:

  • A de Bollendorf-Pont mat 440,7323 ha
  • B de Berdorf mat 841,9710 ha
  • C de Bois et Fermes mat 909,74,13 ha

GeographieÄnneren

D'Uertschaft Bäerdref läit an der Mëtt vun engem Héichplateau, deen (ausser am Südwesten) vun déiwen Däller, déi duerch d'Sauer, d'Schwaarz Iernz an d'Äsbech an de Sandstee gegruewe gi sinn, ëmginn ass. D'Uertschafte Grondhaff, Bollenduerfer Bréck a Weilerbaach leien (der Flossrichtung no) nordwestlech bis ëstlech dovun am Sauerdall, iwwerdeems Kalkesbaach südlech vu Bäerdref, no bei der Grenz mat der Gemeng Konsdref, läit.

Vum Plateau erof lafen d'Ruelzbech an d'Wanterbaach an d'Schwaarz Iernz, d'Haalsbaach an d'Äsbech an dës an d'Sauer.

GeschichtÄnneren

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

PolitikÄnneren

BuergermeeschterenÄnneren

  • 1817 - 1825: Pierre Wagener[4]
  • 1825 - 1836: Mathias Speller
  • 1837 - 1848: Mathias Stronck
  • 1849 - 1858: Theodor Muller
  • 1859 - 1860: Christian Hubert
  • 1861 - 1872: Michel Muller
  • 1873 - 1887: Peter Kinnen
  • 1888 - 1896: Jean Schoos
  • 1897 - 1914: Theodore Kinnen
  • 1915 - 1932: Michel Ries
  • 1933 - 1934: Pierre Groff
  • 1935 - 1945: Jean Huss[5]
  • 1946 - 1951: Mathias Speller
  • 1952 - 1975: Theodore Hubert
  • 1976 - 1987: René Kartheiser
  • 1988 - 2005: Georges Konsbruck
  • 2005 - 2017: Ernest Walerius
  • zanter 2017: Joe Nilles

WopenÄnneren

Beschreiwung am Originaltext:

D'or à la croix fleurdelisée de gueules accostée en chef de deux béquilles de Saint-Antoine du même et accompagnée en pointe d'un pont de trois arches de sable mouvant des flancs, posé sur une rivière d'azur mouvant de la pointe.

De Wope gouf an där Form vum Gemengerot an der Sëtzung vum 28. Dezember 1988 ugeholl, an duerch Arrêté ministériel 1989, agreéiert. (Mémorial B)

D'Haaptemailer vum Wope sinn déi vun den Häre vu Beefort, an d'Kräiz mat de Liliespëtze symboliséiert d'Abtei Iechternach. Bäerdref selwer gëtt duerch d'Krätsche vum Hellegen Tunn duergestallt, deen ee vun de Patréiner vun der Par ass. D'Bréck steet fir d'Uertschaft Bollenduerfer Bréck a symboliséiert d'Bréck iwwer d'Sauer. Se ass schwaarz well dat un d'Faarf vum Kräiz aus dem Wope vun den Häre vu Bollenduerf erënnert.

Interkommunal SyndikaterÄnneren

D'Gemeng Bäerdref ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Leit aus der GemengÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Bäerdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Logo vun der "Gemeng Bäertref"
  2. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  3. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  4. Bis 1934: Bäertrëffer Gemengenzeitung 3/2012, S.15.
  5. Vun 1935 bis 2017: Bäertrëffer Gemengenzeitung 2/2017, S.18-19.