Gemeng Bauschelt
D'Gemeng Bauschelt läit am Kanton Wolz an ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bauschelt vun där se och hiren Numm huet.
Bauschelt | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Gemengenhaus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Boulaide de: Bauschleiden |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Buergermeeschter | René Daubenfeld |
Awunner | 1.344 (1 Januar 2020) |
Fläch | 3.213 ha |
Koordinaten |
49° 53’ 15’’ N 05° 48’ 56’’ O |
Websäit | http://www.boulaide.lu |
D'Gemeng Bauschelt (orange) am Kanton Wolz (rout) | |
GeographieÄnneren
An der Bauschelter Gemeng läit dee westlechste Punkt vum Land bei der Gossemaark LB183, westlech vu Sir, am Saak genannte Bësch[1].
Koordinate vum westlechste Punkt: 49° 53’ 48.8’’ N 5° 44’ 08.5’’ O
Uertschaften an der Gemeng[2]Änneren
Ausserdeem gehéieren nach zu der Gemeng Bauschelt follgend Lieu-diten:
GeschichtÄnneren
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
WopenÄnneren
Beschreiwung am Originaltext:
Coupé de sinople à trois chausse-trappes d'or mises en fasce et d'azur à une rose d'or feuillée de sinople, à une divise ondée d'argent brochant sur la partition.
De Wope gouf an där Form vum Gemengerot de 17. Juli 1986 ugeholl, an duerch Arrêté ministériel vum 3. Februar 1987 autoriséiert (Mémorial B 1987 Säit 394).
BuergermeeschterenÄnneren
- 1844-1879 Jean Reding
- 1879-1918 Jean-Pierre Derneden
- 1918-1935 Nicolas Meyers
- 1935-1946 Nicolas Brachmond
- 1946-1968 Emile Jacques
- 1968-1976 Nicolas Schockmel
- 1976-2005 Pierre Blasius
- 2005- René Daubenfeld
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Bauschelt ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
KuckeswäertesÄnneren
- D'Uergel vun der Parkierch vu Bauschelt, gebaut am Joer 1900 vun de Bridder Müller vu Reifferscheid, zanter Dezember 2001 op der Lëscht vun de Monuments classés.
- Tempelskamp
- Rommwiss
- Bauschelter Millen
- Sirer Millen
- Houfels
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Bauschelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ (de)Claude Karger, Im tiefsten Westen. www.journal.lu. Gekuckt de(n) 24.07.2020.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.