Haaptmenü opmaachen

Gemeng Klierf

Gemeng zu Lëtzebuerg

D'Gemeng Klierf, fir d'Awunner Cliärref, ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Haaptuert ass Klierf.

Klierf
Coat of arms clervaux luxbrg.png
Clervaux Castle 6.JPG
d'Klierfer Schlass, Sëtz vun der Gemengeverwaltung
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Clervaux
de: Klerf
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Buergermeeschter Emile Eicher
Awunner 5.223 (01.01.2018)
Fläch 8.560,96 ha
Koordinaten 50° 03’ 17’’ N
06° 01’ 46’’ O
Websäit http://www.clervaux.lu/
Map Clervaux.png
D'Gemeng Klierf (orange)
am Kanton Klierf (rout)

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng [1]Änneren

GeschichtÄnneren

Entwécklung vun der Awunnerzuel virun der GemengefusiounÄnneren

 

Quell:STATEC

Gemengefusioun 2012Änneren

Am Joer 2002 hunn d'Schäfferéit vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen sech bei deem deemolegen Inneminister Michel Wolter fir eng méi enk Zesummenaarbecht staark gemaach. De 4. Mee 2006 hunn déi dräi Schäfferéit dem Inneminister hir Absicht matgedeelt fir ze fusionéieren. Doropshi gouf zesumme mam Inneministère en Investitiounsprogramm op d'Bee gesat, deen am Kader vun der Fusioun soll ëmgesat ginn. Et gouf en Informatiounsdokument fir d'Bevëlkerung erstallt, an de Fusiounsprojet gouf de 25. September 2008 a Presenz vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf de Leit aus den dräi betraffene Gemengen zu Klierf virgestallt.

Den 12. Oktober 2008 ass an deenen dräi Gemengen e Referendum organiséiert ginn, an dee Referendum ass och zugonschte vun där Fusioun ausgaangen. D'Gemengeréit vu Klierf, Hengescht a Munzen hu sech Enn 2008 definitiv fir déi geplangt Fusioun ausgeschwat an hunn enger entspriechender Konventioun mam Lëtzebuerger Staat zougestëmmt. Dës Konventioun gouf de 16. Januar 2009 vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen.

De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangt Fusioun an der Chamber deposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn.

D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm Gemeng Klierf ass de 5. Dezember 2011 rechtsgëlteg gi wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vum Buergermeeschter Emile Eicher vereedegt gouf. De Buergermeeschter an déi dräi Schäffe goufe schonn de 24. November 2011 vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf vereedegt a waren domat am Amt.

PolitikÄnneren

2017 gouf bei de Gemengewalen an der Gemeng Klierf eng éischte Kéier nom Proporzsystem gewielt; de Gemengerot setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

D'CSV krut dobäi déi absolut Majoritéit a stellt de Schäfferot.

ZesummesetzungÄnneren

Joer ADR Biergerl. CSV DP gréng Piratepartei
2017 0 1 6 2 2 0

Biergerl.: Biergerlëst Gemeng Cliärref

Quell: elections.lu

BuergermeeschterenÄnneren

  • 1862 - ?? : Jacques Ensch [2]
  • 1895 - 1917: Émile Prüm
  • 1918 - 1921: Johann Peter Jonas
  • 1921 - 1927: Albert Schiltz
  • 1927 - 1934: Nicolas Fogen
  • 1935 - 1941: Joseph Kratzenberg
  • 1945: Georges Wagner
  • 1946 - 1963: Jean Peusch
  • 1964 - 1969: Georges Wagner
  • 1970 - 1975: Bernard Dedoyard
  • 1976 - 1987: Michel Wehrhausen
  • 1988 - 1999: Aloyse Nosbusch
  • 2000 - 11.2005: François Stephany
  • 11.2005 - 02.2007: Guillaume Oestreicher
  • 02.2007 - 24. November 2011: Yves Arend (CSV)
  • zanter dem 24. November 2011: Emile Eicher

SchoulinfrastrukturÄnneren

D'Kanner vun der Gemeng Klierf ginn an d'Grondschoul zu Reiler.

KuckeswäertesÄnneren

Interkommunal SyndikaterÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Nominatioun am Memorial