Gemeng Gréiwemaacher
D'Gemeng Gréiwemaacher ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Gréiwemaacher. Op den 1. Januar 2024 hat se 5.193 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Gréiwemaacher vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Gréiwemaacher | |
---|---|
D'Stadhaus vu Gréiwemaacher | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Grevenmacher de: Grevenmacher |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Gréiwemaacher |
Chef-lieu | Gréiwemaacher |
Buergermeeschter | Monique Hermes (CSV) |
Awunner | 5.193 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 1.648 ha |
Koordinaten |
49° 40’ 45’’ N 6° 26’ 34’’ O |
LAU-Code | LU1104 |
Websäit | https://grevenmacher.lu/ |
Zu der Gemeng gehéieren nach follgend Lieu-diten:
Geographie
ännerenGréiwemaacher läit um lénksen Uwänner vun der Musel. Et ass eng Wënzerstiedchen an op sengen Häng fënnt een och Uebstplantagen. D'Fläch vun der Gemeng ass 16,48 km2, dovu si 650 ha Bëscher a 57 ha Wéngerten.
Geschicht
änneren- 1252 krut Gréiwemaacher vum Heinrich V. de Fräiheetsbréif.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
ännerenQuell:STATEC
Wopen
ännerenBeschreiwung am Originaltext: Burelé d'argent et d'azur au lion de gueules, armé, lampassé et couronné d'or, la queue fourchue et passée en sautoir, à une clef d'argent posée en sautoir, à une clef d'argent posée en barre, le panneton en haut, brochant sur le tout. L'écu sommé d'une couronne murale de cinq tours au naturel, maçonné de sable. |
Politik
ännerenDe Gemengerot vu Gréiwemaacher gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP | PPL |
---|---|---|---|---|---|
1999 | 4 | 5 | - | 2 | - |
2005 | 4 | 4 | 1 | 2 | - |
2011 | 4 | 3 | 2 | 2 | - |
2017 | 5 | 3 | 1 | 2 | - |
2023 | 5 | 3 | 1 | 2 | 0 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- Pierre Lessel (1844)[2]
- ...
- Pierre Muller-Walse (ëm 1856)
- ...
- Jean-Baptiste Knaff (1869-1874)[3]
- ...
- Joseph Keiffer (1880 - 1883)
- Théodore Waldbillig (ëm 1890)
- ...
- Pierre Godart (1908 - 1920)[4]
- ...
- Victor Prost (1929 - 1959)
- ...
- Jean-Pierre Urwald (1970 - 1976)
- Victor Braun (1976 - 1987)
- Norbert Konter (1988 - 1999)
- Robert Stahl (2000 - 2011)
- Léon Gloden, CSV (2011 - 2023)
- Monique Hermes, CSV (zanter 2023)
Kuckeswäertes
ännerenPartnerschafte mat auslännesche Stied
änneren- Aubière am franséischen Departement Puy-de-Dôme
Interkommunal Syndikater
ännerenD'Gemeng Gréiwemaacher ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Illustratiounen
änneren-
Déi al Märei vu Gréiwemaacher
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gréiwemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Landarzt vor 100 Jahren. Artikel am Lëtzeburger Land vum 9 September 1969, Säit 3
- ↑ Kuerz Biographie vum Pierre Godart op www. http://www.roscheiderhof.de