Iechternach
Iechternach (lokal: Eechternoach[1]) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen an eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm.
Iechternach | |
---|---|
d'Stadhaus zu Iechternach | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Echternach de: Echternach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Iechternach |
Buergermeeschter | Carole Hartmann (DP) |
Awunner | 5.869 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.049 ha |
Héicht | 168 m |
Koordinaten |
49° 48’ 42’’ N 06° 25’ 18’’ O |
LAU-Code | LU1005 |
Websäit | https://echternach.lu |
Iechternach ass eng vun deene klengste Stied am Land, an eng vun deenen eelsten. Se huet e Lycée (Lycée classique d'Echternach), eng Grondschoul an e Précoce.
2021 krut Schengen de Label du patrimoine européen vun der Kommissioun vun der Europäescher Union zouerkannt.[2]
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
ännerenGeschicht
ännerenSchonn am 1. Joerhonnert no Christus hu Réimer an der Géigend gewunnt, wéi d'Reschter vun enger Réimervilla um Iechternacher Séi haut nach weisen.
D'Grënnung vun der Stad Iechternach geet op d'Joer 698 no Christus zeréck. Den hellege Willibrord, en englesche Missionnaire, krut vun der Irmina vun Oeren (bei Tréier) e Stéck Supp geschenkt, wou hie säi Klouschter kéint opriichten. D'Abtei Iechternach war bekannt fir hire Scriptorium, an deem ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, an de Codex Aureus Escorialensis, zwou gëlle Bibelen (Evangeliaren), geschriwwen a gemoolt gi sinn. Deen ee Codex läit haut zu Nürnberg (zu Iechternach ass e Facsimile ze gesinn); deen aneren, wéi säin Numm et seet, am El Escorial-Klouschter, 60 Kilometer nordwestlech vu Madrid.
Duerch dat Klouschter gouf Iechternach séier zu enger wichteger Handels- an Handwierkergemeng, déi 1236 vun der Ermesinde d'Stadrecht krut. 1596 gouf enges nuets den Abt Jean Bertels vun den Hollänner gefaange geholl a koum eréischt duerch e Léisegeld erëm fräi. An der Besatzungszäit duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun ass d'Abtei verkaaft ginn. Si gouf zu enger Parzeläinsbrennerei ëmfunktionéiert an d'Tierm vun der Basilika hunn als Schaarschtecher gedéngt. Spéider war s'eng Kasär, duerno nëmmen nach eng Ruin. Mat Hëllef vum Willibrordus-Bauveräin gouf d'Basilika erëm opgebaut.
1886 huet d'Gemengeverwaltung den Henri Tudor chargéiert fir an der Stiedchen eng elektresch Beliichtung mat Hëllef vun Tudor-Akkumulatoren opzebauen. Iechternach war domat net nëmmen déi éischt Stad am Land, mä och eng vun den éischte Stied an Europa, déi sech deen, fir déi deemoleg Verhältnesser, Luxus erlaabt huet. D'Anlag ass de 24. Oktober 1886 a Betrib geholl ginn[3].
Mat der Eisebunn, dem Chareli, koum den Opschwonk erëm, Iechternach gouf lues a lues touristesch. Am Zweete Weltkrich hat Iechternach, well et direkt op der Grenz louch, an der Ardennenoffensiv staark ze leiden; grouss Deeler vun der Stad goufen zerstéiert, dorënner och d'Basilika. D'Basilika, wéi d'Stad, gouf nom Krich erëm opgebaut.
Am Abrëll 2021 sinn Archeologen op de gutt erhalene Grondrëss vun engem Haff gestouss, deem seng Spuere bis an d'7. Joerhonnert féieren, deemno aus dem Willibrord senger Zäit stamen. De Kulturministère geet dervun aus, dat et sech ëm d'Reschter vum Iechternacher Klouschterhaff handelt. Dës Gruewunge goufen am Summer 2018 ugefaangen, nodeems de baufällegen Hotel A la Petite Marquise am Dezember 2017 ofgerappt gouf.[4]
Entwécklung vun der Awunnerzuel
ännerenOp den 1. Januar 2024 hat Iechternach 5.869 Awunner.
Quell:STATEC
Wopen
ännerenBeschreiwung am Originaltext: D'argent à l'aigle de sable, l'écu timbré d'une couronne d'or. |
Politik
ännerenDe Gemengerot vun Iechternach gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP | FBL |
---|---|---|---|---|---|
1999 | 3 | 4 | - | 4 | - |
2005 | 4 | 3 | - | 4 | - |
2011 | 3 | 2 | 3 | 3 | 0 |
2017 | 3 | 2 | 3 | 3 | - |
2023 | 3 | 3 | 2 | 3 | - |
FBL:Fräi Bierger Lëscht. Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
De Schäfferot, dee sech no de Wale vun 2011 gebilt huet, huet op enger CSV-LSAP-Koalitioun baséiert, mam Théo Thiry (CSV) als Buergermeeschter. Dësen ass dann awer wéinst enger "Immoblienaffär" den 29. Januar 2015 zeréckgetrueden[5]; duerno war den Yves Wengler (CSV) Buergermeeschter[6]. No de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 gouf dës Koalitioun vun LSAP an CSV virugefouert.
2023 koum et zu engem Koalitiounsaccord tëscht DP an LSAP; Buergermeeschtesch ass zanterhier d'Carole Hartmann (DP).[7]
Buergermeeschteren
ännerenFir déi fréier Buergermeeschteren, kuckt: Lëscht vun de Buergermeeschtere vun Iechternach.
Tourismus
ännerenEent vun de Standbee vun Iechternach ass den Tourismus. Iechternach läit am Sauerdall an um Bord vum Mëllerdall, direkt bei der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Vill Trëppelweeër gi vun Iechternach aus an d'Bëscher ronderëm.
Zwéi Muséeën, den Abteimusée an de Musée fir Virgeschicht, ginn en Abléck an d'Vergaangenheet vun der Stad, an den Trifolion (Centre culturel, touristique et de congrès) bitt Plaz fir Evenementer.
Zu Iechternach gëtt et e puer iwwer d'Grenzen eraus bekannten Evenementer. Virbäi ass d'Sprangpressioun bei där all Joer Päischtdënschdes bis zu 10.000 Pilger zu Éiere vum hellege Willibrord, a Reien op d'Weis vun enger traditioneller Musek duerch Iechternach sprangen.
En anert grousst Evenement ass den e-Lake festival, bei deem 20.000 Leit, haaptsächlech Jonker, dräi Deeg laang bei Rock, Techno a Popmusek feieren.
Den Iechternacher Museksfestival ass am Beräich vun der klassescher an Jazzmusek och e ganz renomméierte Festival dee wäit iwwer d'Grenze bekannt ass.
Zanter 2004 gëtt zu Iechternach dat gréisst Ballonstreffen am Land ofgehalen. Donieft sinn all Joer international Sportveranstaltungen, wéi den Triathlon an de Run For Fun — bis 2011 och den Iechternacher Marathon — mat vun der Partie.
Museksfestivallen
ännerenKuckeswäertes
änneren- Basilika
Am bekanntsten ass Iechternach fir seng Basilika, an där an der Krypta déi stierflech Iwwerreschter vum hellege Willibrord leien.
- Abtei
An der fréierer Abtei Iechternach ass haut den Iechternacher Kolléisch. D'Abtei besteet aus fënnef Deeler, der Rotonde, dem Haaptgebai, der aler Primärschoul, engem Bausseflillek an der Orangerie. Si ass verbonne mat der Basilika.
- Rokoko-Pavillon
De Rokoko-Pavillon vu 1765 steet an engem Eck vum Stadpark no bei der Sauer.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Rokoko-Pavillon zu Iechternach.
- Dënzelt
Dat fréiert Geriichtsgebai bilt mat dem Haus niewendrun dat haitegt Stadhaus. Am Dënzelt selwer ass e Sall fir d'Gemengerotssëtzungen, e Sall an deem d'Hochzäiten ofgehale ginn, e puer Büroen, Archivraim an Ausstellungssäll. Eng Plackett um Gebai erënnert un de Stadbréif, deen Iechternach vun der Ermesinde krut.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dënzelt.
- Stadmauer
Vun der mëttelalterlecher Stadmauer, déi 2.360 m laang war, gëtt et nach gutt erhale Stécker a vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm sinn der fënnef nach gutt erhalen a ginn als Wunneng benotzt respektiv un Touriste verlount.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Iechternacher Stadmauer.
- Réimervilla
D'Grondmauere vun enger Réimervilla, goufe bei den Aarbechte fir de Séi fräigeluecht. Si war den zweete Wunnsëtz vun engem räiche Réimer.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimesch Villa Iechternach.
- Iechternacher Séi
Dëse kënschtleche Séi ass op der Plaz, wou fréier d'Lëschenhaus, eng Aart Erhuelungsheem fir d'Pateren aus der Abtei, war. Den Iechternacher Séi ass och d'Plaz vum Mobilux Trophy, dem e-Lake festival an dem Marathon.
- Troosknäppchen
Um Troosknäppchen (Trooskneepchen am Iechternacher Dialekt)[8] steet e klenge Pavillon, vun deem aus een eng Vue iwwer Iechternach huet.
- Wollefschlucht
D'Wollefschlucht (Wolfsschlucht, gorge du loup) ass en enke Schloff am Lëtzebuerger Sandsteen, deen um Wee vum Troosknäppchen an den Dall vun der Äsbech leit. Et ass eng vun de spektakuläerste Plaze vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.
- Lëscht vun de Monumenter
Op der Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Iechternach stinn nach weider Gebaier, déi klasséiert a kuckeswäert sinn.
Bekannt Iechternacher
änneren- Charles de Bentzeradt (1635-1707), Zisterzienserpater
- Fernand Boden (*1943), Deputéierten a Minister
- Carole Dieschbourg (*1977), Ministesch, Lokalpolitikerin zu Iechternach
- Marie-Josée Frank (*1952), Infirmière a Politikerin
- Jean-Pierre David Heldenstein (1792-1868), Apdikter a Politiker
- Jules Hoffmann (*1941), Biolog, Nobelpräis fir Medezin 2011
- Marc Lies (*1968), Politiker
- Jos Massard (*1944), Professer, Auteur a Buergermeeschter vun Iechternach
- Jean-Baptiste Merjay (1811-1899), belsche Militär a Politiker
- Charles Munchen (1813-1882), Jurist, Journalist a Politiker
- Joseph Namur (1823-1892), Apdikter a Professer
- Rudolf Palgen (1895-1975), Literaturfuerscher
- Marcel Reuland (1905-1956), Dichter
- Robert Schaffner (1905-1979), Schlässermeeschter, Buergermeeschter, Deputéierten a Minister
- Paul Spang (1922-2009), Historiker a Professer
- Caspar Mathias Spoo (1837-1914), Industriellen a Politiker
- Joseph Thorn (1883-1953), Affekot a Politiker
- Frank Wilhelm (*1947), Professer an Auteur
Literatur
änneren- Brimmeyr, J.P., 1921.Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 1. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen. Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 320 S.
- Brimmeyr, J.P., 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen. Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 259 S.
- Coussement, S., 2003. Echternach et ses environs. Echternach und Umgebung. Stroud (Gloucestershire), Tempus Publishing Group, 128 S. (2. Oplo: 2009). [1]
- Echternach - Notre ville. Le livre d'or du centenaire. Echternach: Société d'embellissement et de Tourisme, 1977.
- Kauthen, P., J. Simon & F. Wilhelm (textes); P. Barone-Wagener & J.C. Degrelle (photos), 1997. Echternach 1998: Itinéraire illustré. Echternach, Ville d'Echternach, 86 S.
- Mayer, C., 2010. Kanton Echternach. Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Bd. 1. Ein Katalog der erhaltenswerten Kulturgüter und Ensembles. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, Luxembourg 2010, 591 S.
- Rousseau, P., 1985. Echternach. Cité abbatiale. Abteistadt. An Abbey City. Abdijstad. Luxembourg, Éditions Guy Binsfeld, 64 S.
- Spang, P., 1967. Handschriften und ihre Schreiber: ein Blick in das Scriptorium der Abtei Echternach. Luxemburg, Bourg-Bourger, 95 S. (Editiones Epternacenses).
- Spang, P., 1983. Echternach: Geschichte einer Stadt. Luxemburg, RTL Edition, 125 S.
- Spang, P., 1985. Das totgesagte Echternach. Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 143 S. (betr.: Iechternach 1944/45).
- Spang, P., 1988. Die Echternacher und ihre Basilika. Luxemburg, Sankt-Paulus Druckerei,167 S.
Interkommunal Syndikater
ännerenD'Gemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Medien
änneren- Oralabora, eng CD op där déi ganz Geschicht an engem Mix vu Musek a Virliesung zesummegefaasst ass.
Kuckt och
änneren- Ciné Sura
- Daring-Club Echternach
- Foussgängerbréck zu Iechternach
- Iechternacher Verschéinerungsveräin
- Bemierkenswäerte Käschtebam bei der Péitrus a Paulus-Kierch
- Lycée classique d'Echternach
- Monument aux morts Iechternach
- Péitrus a Paulus-Kierch Iechternach
- Schaffbaier
- Urtsel zu Iechternach
- Wollefsschlucht
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Iechternach
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
ännerenCommons: Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Stad
- D'Gemeng Iechternach op der Websäit vum Syvicol
- Wëssenswäertes vun Iechternach
- Willibrord.lu
- Touristeninfo Iechternach
- e-lake festival
- Intra Muros asbl - Vir d'Beräicherung vum historesche Kär vun Iechternach
- Huttfabréck vun Iechternach
Referenzen
änneren- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ Figut, Irina, 2024. Das bringt das Kulturerbe-Siegel Schengen und Echternach. Luxemburger Wort vum 8. Oktober 2024, S. 14.
- ↑ Massard, Jos. A. (1997): 1886-1996: Hundertzehn Jahre elektrisches Licht in Echternach. Ein Beitrag zur Geschichte der öffentlichen und privaten Beleuchtung im 19. und frühen 20. Jahrhundert in Luxemburg mit Blick ins deutsche Grenzgebiet. Annuaire de la Ville d'Echternach 1996: 101-144. PDF
- ↑ Volker Bingenheimer, Archäologen entdecken Klosterhof aus Willibrords Zeiten, op wortl.lu vum 28. Abrëll 2021; Grabungserfolg, Klosterhof aus der Frühzeit Echternachs entdeckt, Luxemburger Wort, 28. 04.2021, S. 24-25
- ↑ Rücktritt von Théo Thiry, wort.lu, 29. Januar 2015.
- ↑ Le collège échevinal op echternach.lu. Archivéiert de(n) 2010-05-22. Gekuckt de(n) 2010-06-07.
- ↑ Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins." Communiqué vum 13.07.202 op mint.gouvernement.lu
- ↑ Luxemburger Wörterbuch, Bd. 4, Luxemburg 1971-1975, S. 349.