Gemeng Monnerech

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht

D'Gemeng Monnerech ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Monnerech vun där se och hiren Numm huet.

Monnerech
Coat of arms mondercange luxbrg.png
Monnerich1010668www.jpg
d'Gemengenhaus vu Monnerech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Mondercange
de: Monnerich
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Jeannot Fürpass (CSV)
Awunner 6.982
  1 Januar 2021
Fläch 2.140 ha
Héicht 290 m
Koordinaten 49° 32’ 00’’ N
      5° 59’ 10’’ O
Websäit http://www.mondercange.lu/
Map Mondercange.PNG
D'Gemeng Monnerech (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)

GeographieÄnneren

D'Gemeng Monnerech läit am Süde vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 275 an 340 m (NG-L).

Nopeschgemenge si Reckeng op der Mess a Leideleng am Norden, Beetebuerg am Osten, Schëffleng an Esch-Uelzecht am Süden a Suessem am Westen.

Duerch d'Gemeng lafen d'Baache Mierbech, Bréckenderbaach, Kiemelbaach, Kazebaach, d'Mess an och d'Uelzecht op engem kuerze Stéck.

Uertschaften an der Gemeng [1]Änneren

Häff a Lieu-diten an der GemengÄnneren

Verkéier an TransportÄnneren

Déi wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'A4 an d'N13, op engem kuerze Stéck och nach d'A13. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 106, 164, 169 an 172 duerch d'Gemeng.

D'Gemeng Monnerech läit um Wee vun den RGTR-Linnen 205, 307, 314 an 332 a vun der TICE-Linn 17.

AktivitéitszonenÄnneren

D'Aktivitéitszon ZARE läit laanscht d'A13 zu engem klengen Deel um Gebitt vun der Gemeng Monnerech. Zu Féiz ass zu béid Säite vum CR164 eng grouss Geschäfts- an Aktivitéitszon.

GeschichtÄnneren

D'Entwécklung vun der Siderurgie géint Enn vum 19. Joerhonnert, déi Nopeschuertschafte wéi Esch-Uelzecht, Déifferdeng oder Diddeleng a richteg Stied verwandelt huet, hat kaum Afloss op d'Uertschaften aus der Gemeng Monnerech. Dës Dierfer blouwen duerch den Akerbau gekennzeechent. Eréischt nom Zweete Weltkrich a virun allem an den 1970er an 1980er Jore gouf et eng reegelrecht Bevëlkerungsexplosioun.

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

PolitikÄnneren

De Gemengerot vu Monnerech gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer ADR CSV DP gréng LSAP
1999 1 4 3 1 4
2005 1 4 2 1 5
2011 0 3 2 1 7
2017 - 5 2 1 5

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

BuergermeeschterenÄnneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Interkommunal SyndikaterÄnneren

D'Gemeng Monnerech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

KuckeswäertesÄnneren

  • Zu Monnerech um CR106 ass déi eenzeg Karting-Pist am Land
  • De Formatiounszentrum vun der FLF läit och um CR106 nieft der Karting-Pist

LiteraturÄnneren

  • Weber, John: La population de Mondercange de 1766 à 1803 - In: 100 Joer Pompjeën Monnerech: 1901 - 2001. - Monnerich: Sapeurs-pompiers, 2001. - P. 128-141, tabl.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Monnerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  3. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX