Gemeng Stengefort
D'Gemeng Stengefort ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stengefort vun där se och hiren Numm huet.
Stengefort | |
---|---|
![]() | |
d'Gemengenhaus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Steinfort de: Steinfort |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Buergermeeschter | Sammy Wagner (LSAP) |
Awunner | 5.617 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 1.216 ha |
Héicht | 307 m |
Koordinaten |
49° 39’ 36’’ N 05° 54’ 56’’ O |
Websäit | https://www.steinfort.lu |
D'Gemeng Stengefort (orange) am Kanton Capellen (rout) | |
Se läit am Äischdall am Weste vum Land, op der belscher Grenz.
Uertschaften an der GemengÄnneren
- Grass
- Hoen
- Klengbetten
- Stengefort
- bis 1839: Sterpenech, gehéiert haut zu Arel
GeographieÄnneren
D'Gemeng läit am Dall vun der Äisch an op de Koppen ëm dësen Dall. Déi gréisst Deel vun der Gemeng läit op Lëtzebuerger Sandsteen mat Ausnam vun der Gewaan vu Grass an enger Partie vun Hoen.
Duerch Stengefort leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.
NopeschgemengenÄnneren
|
GeschichtÄnneren
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
De Gemengerot vu Stengefort gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
De Schäfferot baséiert, no de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017, op enger LSAP-déi-Gréng-Majoritéit. 2011-2017 war dat eng CSV-DP-Koalitioun.[1]
Zesummesetzung
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
1999 | 4 | 1 | - | 6 |
2005 | 4 | 1 | - | 6 |
2011 | 5 | 1 | - | 5 |
2017 | 4 | 1 | 1 | 5 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
BuergermeeschterenÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1844: Pierre Schroeder[2]
- ...
- 1925 - 1938: Valentin Noesen[3]
- 1938: Joseph Wagner[4]
- ...
- 1945: Dominique Steichen[5]
- ...
- 1970 - 1973: Charles Kieffer
- ...
- 1982 - 2004: Jean Asselborn (LSAP)
- 2004 - 2011: Guy Pettinger (LSAP)
- 2011 - 2017: Jean-Marie Wirth (CSV)
- 2017 - 2021[6]: Guy Pettinger (LSAP)
- zanter 2021[7]: Sammy Wagner (LSAP)
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Stengefort ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
KuckeswäertesÄnneren
- De Centre culturel Al Schmelz
- De Stengeforter Stauweier
Kuckt ochÄnneren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Stengefort
- Maria-Theresia-Bréck zu Stengefort
- Stengeforter Poststatioun
- Stengeforter Schmelz
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um SpaweckÄnneren
Commons: Stengefort – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ "Nei Rout-Gréng-Koalitioun steet - Guy Pettinger neie Buergermeeschter zu Stengefort." rtl.lu, 12.10.2017, 08:42:22.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial N°21 vun 1925 mam Arrêté vun der Nomination vum Valentin Noesen als Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort
- ↑ Memorial N°71 vun 1938 mam Arrêté vum 5. Oktober 1938 mat der nominatioun vum Joseph Wagner zum Buergermeeschter vu Stengefort
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX
- ↑ Lokales: De Sammy Wagner soll neie Buergermeeschter zu Stengefort ginn. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-01.
- ↑ Assermentation du nouveau bourgmestre et d'une nouvelle échevine de la commune de Steinfort. mint.gouvernement.lu (2021-10-21). Gekuckt de(n) 2021-10-22.