Gemeng Konsdref
D'Gemeng Konsdref ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Konsdref vun där se och hiren Numm huet.
Konsdref | |
---|---|
d'Märei vu Konsdref | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Consdorf de: Konsdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Chef-lieu | Konsdref |
Buergermeeschter | Marco Bermes |
Awunner | 2.127 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 25,72 km² |
Héicht | 354 m |
Koordinaten |
49° 46’ 48’’ N 06° 20’ 17’’ O |
LAU-Code | LU1004 |
Websäit | http://www.consdorf.lu/ |
Geographie
ännerenKonsdref läit op zirka 350 m am Oste vum Lëtzebuerger Land, am Kanton Iechternach, am Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Nopeschgemenge si Bäerdref am Norden, Bech a Jonglënster am Süden, Hiefenech a Waldbëlleg am Westen an Iechternach am Osten.
Mam Zil vun enger administrativer Vereinfachung gouf d'Grenz tëscht de Gemenge Bäerdref a Konsdref mam Gesetz vum 27. Juli 2022 ugepasst[1]. D'Uertschaft Kalkesbaach déi virdrun um Gebitt vun de zwou Gemeng louch, gehéiert zanterhier ganz zur Gemeng Bäerdref. Duerch den Tosch vun de Parzellen ass d'Fläch vun der Gemeng Konsdref ëm 9,20 Ar méi kleng ginn.
Zu der Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
- Alrodeschhaff
- Rosswinkelerhaff
- Créispent (de: fr: Crispent)
- Konsdrëffer Millen (fr: Consdorf-Moulin)
Geschicht
ännerenPrehistoresch a réimesch Reschter déi fonnt goufen, loossen drop schléissen, datt Konsdref an engem ale Siidlungsgebitt läit. Konsdref gëtt a verschiddenen Dokumenter aus dem éischte Joerdausend schonn ernimmt: 816 als "Cunolphi Villa", 953 als "Conolfi Villa". Ëm 1600 fanne mer d'Bezeechnung "Consturf".
D'Uertschaft huet zum eelste Besëtz vun der Tréierer Abtei Oeren gehéiert a war bis zur Franséischer Revolutioun Zentrum vun der Oerener Grondherrschaft an dëser Géigend. D'Existenz vun enger Parkierch zu Konsdref ass eréischt 1229 nozeweisen, mä Historiker datéieren den Urspronk vun der Par Konsdref ëm d'Joer 700.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
ännerenQuell:STATEC
Buergermeeschteren
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- Nicolas Leonardy
- Henri Speicher
- Léon Steyer
- Gilbert Schmit
- 2007 - 2011: Marcel Bausch
- 2011 - 2017: André Poorters
- 2017 - 2023: Edith Jeitz
- zanter 2023: Marco Bermes[3]
Kuckeswäertes
ännerenKuckeswäert ass ënner anerem d'Parkierch aus dem 18. Joerhonnert mat hirem goteschen Tuerm aus dem 12./13. Joerhonnert an dem Altor mat der Bartholomäus-Statu. Konsdref läit an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, a bitt eng ganz Rei vu schéine Promenaden duerch d'Bëscher, mat villen Aussiichtspunkte mat Vue op de Sauerdall an de Mëllerdall, an zitt dofir virun allem am Juli/August eng ganz Rëtsch vun Touristen un. D'Géigend zeechent sech besonnesch duerch aussergewéinlech Fielsformatiounen aus, laanscht déi d'Spadséierweeër féieren, wéi z. B. d'"Kuelscheier" oder d'"Goldfralay".
Pompjeeën
ännerenDe Konsdrëffer Pompjeescorps besteet aus 40 aktive Pompjeeën am Alter tëscht 16 a 65 Joer.
2012 besteet hire Fuerpark aus 5 Gefierer:
- TLF 2000
- DLA (K) 23/12
- Geschiertransporter (GW)
- TSF
- Ekippentranporter (MTW)
Persounen aus der Gemeng Konsdref
änneren- Jean Goedert (1926-2019), lëtzebuergeschen Dokter a Politiker, gebuer zu Konsdref
- Gast Michels (1954-2013), lëtzebuergesche Moler
- Alphonse Neyens (*1886-1971), lëtzebuergeschen Affekot a Politiker
Interkommunal Syndikater
ännerenD'Gemeng Konsdref ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Konsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ (fr)Loi du 27 juillet 2022 portant changement de limites entre la Commune de Berdorf et la Commune de Consdorf. legilux.public.lu. Legilux (27.07.2022). Gekuckt de(n) 04.09.2022.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (05.07.2023). Gekuckt de(n) 05.07.2023.