Gemeng Helperknapp

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Miersch
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Helperknapp. Fir d'Knupp mat deem Numm, kuckt wgl. Helperknapp.

D'Gemeng Helperknapp läit am Kanton Miersch an ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Tënten. D'Märei ass an der Huelmesser Strooss.

Helperknapp
Mairie Tuntange, 2 rue de Hollenfels.jpg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Helperknapp
de: Helperknapp
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Buergermeeschter Frank Conrad
Awunner 4.538
  1 Januar 2021
Fläch 2.760 ha
Koordinaten 49° 43’ 0’’ N
      06° 0’ 0’’ O
Websäit http://www.helperknapp.lu
Map Helperknapp.png
D'Gemeng Helperknapp (orange)
am Kanton Miersch (rout)

D'Gemeng ass den 1. Januar 2018 aus der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten entstanen. Den Numm kënnt vun der markanter Knupp Helperknapp hier, déi graff gekuckt um hallwe Wee tëscht den Uertschaften Tënten a Béiwen läit.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng [1]Änneren

GeographieÄnneren

GeschichtÄnneren

FusiounÄnneren

Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng Tënten mat der Gemeng Béiwen-Atert zur Gemeng Helperknapp fusionéiert. Dës Fusioun ass de 25. Mee 2014 an engem Referendum mat 69,5 % zu Béiwen a mat 64,5 zu Tënten guttgeheescht ginn.[2] De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt.[3] An enger éischter Phas war geplangt, datt och d'Gemeng Sëll sollt mat fusionéieren, déi schlussendlech awer een anere Wee gaangen ass.[4]

PolitikÄnneren

BuergermeeschterenÄnneren

  • 2018 - 2019: Paul Mangen
  • zanter 2019: Frank Conrad[5]

Partnerschafte mat auslännesche StiedÄnneren

GemengesyndikaterÄnneren

D'Gemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. "Fusioun begréisst: Béiwen mat 69,5 an Téinten mat 64,5 % Jo!" rtl.lu, 25.05.2014, 16:33:23.
  3. "Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och." rtl.lu, 24.02.2016, 17:44:16.
  4. "Referendum um Sonndeg zu Béiwen un der Attert an Téinten." rtl.lu, 23.05.2014, 12:30:38.
  5. "Helperknapp: Buergermeeschter Frank Conrad gouf vereedegt." rtl.lu, 02-07-2019.