Gemeng Dikrech
D'Gemeng Dikrech läit am Kanton Dikrech an ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Dikrech vun där se och hiren Numm huet.
Dikrech | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Diekirch de: Diekirch |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Buergermeeschter | Claude Haagen (LSAP) |
Awunner | 7.042 (1 Januar 2020) |
Fläch | 1.241,9905 ha[1] |
Koordinaten |
49° 52’ 05’’ N 06° 09’ 24’’ O |
Websäit | http://www.diekirch.lu |
D'Gemeng Dikrech (orange) am Kanton Dikrech (rout) | |
Uertschaften an der GemengÄnneren
Déi eenzeg Uertschaft vun der Gemeng Dikrech ass d'Stad Dikrech.
Zur Gemeng gehéieren awer nach follgend Häff a Lieu-diten:
GeographieÄnneren
D'Stad ass d'Haaptuertschaft vum Kanton Dikrech a war dat och - vun 1843 bis 2015 - vu sengem Distrikt. Ausserdeem bilt Dikrech, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng op der Sauer, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.
Flëss a Baachen an der GemengÄnneren
Dikrech läit un der Sauer a bilt d'Grenz zum Éislek. Um Territoire vun Dikrech hunn e puer kleng Baachen hir Quell. Am Norde sinn dat d'Laangmuer, Méchelbaach, eng Baach déi vum Fridhaff duerch de Bamerdall leeft an zu Dikrech an d'Sauer fléisst. Op der Grenz mat der Gemeng Tandel huet d'Suessebaach eng vun hire Quellen an der Gemeng Dikrech. Am Süde sinn et d'Saasselbaach an d'Kiselbaach déi eng vun hire Quellen op Dikrecher Terrain hunn.
GeschichtÄnneren
Den Numm Dikrech Diecirke gouf fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrech
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

{{{1}}}
PolitikÄnneren
De Gemengerot vun Dikrech gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2005 aus 13 Conseilleren zesummen (1999: 11).
Als Folleg vun de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 baséiert de Schäfferot, wéi och virdrun, op enger absolutter Majoritéit vun der LSAP.[2]
ZesummesetzungÄnneren
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
1999 | 4 | 2 | 1 | 4 |
2005 | 5 | 1 | 2 | 5 |
2011 | 3 | 2 | 1 | 7 |
2017 | 4 | 1 | 1 | 7 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren[3][4]Änneren
...
- 1728 Nicolas Wagener[5]
...
- 1795: Bern. Bastendorff
- 1796: Michel Schrantz
- 1797 - 1798: Pierre Leyder
- 1798 - 1799: Nicolas Goebel
- 1800 Dominik Constantin München
- 1801 - 1802: Georges Didier
- 1802 - 1810: J. B. Laur. Forron
- 1810 - 1811: Emmanuel François
- 1811 - 1817: François-Julien Vannerus
- 1817 - 1819: Pierre Thom. Seyler
- 1819 - 1821: Jean Nic. Marchand
- 1821 Jean Mathieu Laeis
- 1822: Nicolas Jüttel
- 1823 Jean Mathieu Laeis[6]
- 1824 - 1830: François-Julien Vannerus
- 1830 - 1835: Pierre Thom. Seyler
- 1835 - 1843: Vendelin Jurion
- 1844 -1848: Joseph Tschiderer[7]
- 1849 - 1860: Jean Baptiste Didier
- 1861 - 1872: Henri Ernest François
- 1873 - 1884: Jean Jüttel
- 1885 - 1902: Jean-Pierre Scholtes
- 1902 - 1909: Frédéric François
- 1909 - 1922: Pierre Pemmers[8]
- 1922 - 1926: André Gruber
- 1926 - 1941: Joseph Theis
- 1941 - 1944: Wilhelm Jost (Amtsbürgermeister)
- 1944 - 1945: Joseph Theis
- 1946 - 1951: Alphonse Greisch[9]
- 1952-1957: Henry Cravatte
- 1957-1963: Joseph Herr
- 1963-1964: Henry Cravatte
- 1964-1969: Marcel Krier
- 1969: Michel Ewen
- 1969-1974: Victor Poos
- 1974-1984: René Steichen
- 1984-1994: Marie-Thérèse Boever
- 1994-2001: Danièle Wagner
- 2001-2005: Claude Haagen
- 2005-2008: Nico Michels
- 2008- 2011: Jacques Dahm
- zanter 2011: Claude Haagen
JumelagenÄnneren
D'Gemeng Dikrech ass jumeléiert mat:
- Monthey an der Schwäiz
- Arel an der Belsch
- Bitburg an Däitschland
- Hayange a Frankräich
- Liberty am Ohio an den USA
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Dikrech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ "Die künftigen Schöffenräte im Überblick." wort.lu, 12 Oktober, 2017 um 11:19.
- ↑ Saviez-vous que Interessantes aus der Geschicht vun Dikrech op csv.lu
- ↑ Bourgmestres del aville de diekirch 1835 - 1945 am Deiwelselter - Informatiounsblad vun der Gemdng Dikrech - Mäerz 2016
- ↑ Den Nicolas Wagener op www.deltgen.com
- ↑ De Jean Mathieu Laeis op www.deltgen.com
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Biographie vum Pierre Pemmers am Tageblatt vum 28. Juni 1922
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX