Gemeng Géisdref
D'Gemeng Géisdref ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. Op den 1 Januar 2021 hat se 1.595 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Géisdref vun där se och hiren Numm huet.
Géisdref | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Märei | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Goesdorf de: Goesdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Buergermeeschter | Jean-Paul Mathay |
Awunner | 1.595 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 2.941 ha |
Koordinaten |
49° 55’ 15’’ N 05° 58’ 00’’ O |
Websäit | http://www.goesdorf.lu/ |
D'Gemeng Géisdref (orange) am Kanton Wolz (rout) | |
Uertschaften an der Gemeng[1]Änneren
Zu der Gemeng Géisdref gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
GeographieÄnneren
D'Gemeng Géisdref läit am Kanton Wolz gréisstendeels héich op den Éisleker Koppen ëmgi vun den déiwe Flossdäller vu Wolz, Sauer a Schlierbaach. Um südleche Plateau läit d'Uertschaft Géisdref.
De Waassertuerm zu Dol versuergt d'Uertschaften Dol, Géisdref, Nacher, Boukels a Masseler mat Drénkwaasser.
GeschichtÄnneren
Den Numm Goesdorf leet sech vu Gießdorf of. Géisdref war fréier en Industriestanduert, dee vum Antimonvirkomme gelieft huet. Éischt Gruewunge solle schonn a Réimerzäit gemaach gi sinn. Eng éischt Konzessioun ass 1354 ausgestallt ginn.
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
BuergermeeschterenÄnneren
- ? - 1846: J-M Sonntag
- 1846 - 1849(?): Théodore Kayser[2]
- 1849: André Weyrich[3]
- ...
- 1894 - 1903: Emile Wolter[4],[5]
- ...
- bis 2011: Arthur Schockmel
- 2011-2017: Norbert Maes.
- 2017-2019: Christa Schmitz ép. Majerus
- zanter 2019: Jean-Paul Mathay
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Géisdref ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
KuckeswäertesÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Géisdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Circulaire du 7 septembre 1846 N° 11047-2625 concernant les attributions du collège des bourgmestre et échevins des communes. - Mémorial A n° 52 de 1846 op stradalex.lu gekuckt de 26. Juni 2022
- ↑ Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
- ↑ Memorial N°11 vun 1894 mat der Nominatioun vum Emile Wolter zum Buergermeeschter vu Géisdref
- ↑ Memorial N°7 vun 1903 mat der Demissioun vum Emile Wolter als Buergermeeschter vu Géisdref