Gemeng Useldeng
D'Gemeng Useldeng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Useldeng vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Useldeng | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Gemengeverwaltung um Schlassareal | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Useldange de: Useldingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Réiden |
Chef-lieu | Useldeng |
Buergermeeschter | Pollo Bodem (LSAP) |
Awunner | 2.075 |
1 Januar 2023 | |
Fläch | 2.392 ha |
Héicht | 240 m |
Koordinaten |
49° 46’ 08’’ N 05° 58’ 51’’ O |
LAU-Code | LU0708 |
Websäit | http://www.useldange.lu/ |
| |
Uertschaften an der Gemeng[1] Änneren
Zur Gemeng gehéieren d'Uertschaften:
- Iewerleng (Everlange)
- Rippweiler (Rippweiler)
- Schandel (Schandel)
- Useldeng (Useldange)
an de Lieu-dit Iewerlenger Millen.
Geographie Änneren
E groussen Deel vun der Gemeng läit am Atertdall deen an der Mëtt vu Westen no Osten derduerch féiert.
Nopeschgemenge sinn:
Geschicht Änneren
Entwécklung vun der Awunnerzuel Änneren

Quell:STATEC
Wopen Änneren
Beschreiwung am Originaltext: burelé d'argent et de gueules, à la croix ancrée d'azur, brochant |
Politik Änneren
De Gemengerot vun der Gemeng Useldeng gëtt nom Majorzsystem gewielt.
Buergermeeschteren[2] Änneren
- Jul. 1823 - Dez. 1840: Jean-Nicolas Becker
- Apr. 1840 - Dez. 1843: Nicolas Thiner
- Jan. 1844 - Feb. 1849: Nicolas Hippert
- Feb. 1849 - Dez. 1849: Adam Faber
- Dez. 1849 - Mär. 1853: Georges Faber
- Mär. 1853 - Mär. 1870: Nicolas Hippert
- Okt. 1870 - Feb. 1872: Eugène Hippert
- Jan. 1874 - 1886?: Pierre Mertz
- 1886 - 1894: Franz Nothumb
- 1894 - Mär. 1921: Michel Sinner
- Mär. 1921 - Dez. 1934: Jean-Baptiste Weis
- Jan. 1935 - Dez. 1945: Georges Anzia
- Jan. 1946 - Jul. 1955: Théodore Hollerich
- Aug. 1955 - Dez. 1963: Joseph Parries
- Jan. 1964 - Dez. 1969: Jean Hollerich
- Jan. 1970 - Dez. 1999: Nicolas Anzia
- Jan. 2000 - haut: Pollo Bodem (LSAP)
Verkéier Änneren
D'Gemeng ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Nationalstroossen N12, N24, N22, an d'Chemin reprisen CR116, CR305. Den CR305C ass eng Sakgaass a verbënnt den Zentrum vun der Uertschaft Useldeng mat der fréierer Gare.
Bis 1967 war d'Gemeng un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Atertlinn mat enger Gare zu Useldeng, an enger Halt tëscht Rippweiler a Räichel.
Op der Kopp riets vun der Wollefsbaach tëscht Useldeng a Rippweiler ass e Fluchfeld wou mat Seegelfligere geflu gëtt.
Interkommunal Syndikater Änneren
D'Gemeng Useldeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes Änneren
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Useldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen Änneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Aus de Gemengerotsregisteren, wéi se am Buch "Useldingen - Ein Dorf stellt sich vor" vum René Frisch ernimmt ginn.