Gemeng Feelen

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Dikrech

D'Gemeng Feelen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen am Kanton Dikrech. De Chef-lieu ass d'Uertschaft Nidderfeelen.

Gemeng Feelen
d'Märei zu Nidderfeelen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Feulen
de: Feulen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Dikrech
Chef-lieu Nidderfeelen
Buergermeeschter Fernand Mergen
Awunner 2.366
  1. Januar 2023
Fläch 2.276 ha
Héicht 331 m
Koordinaten 49° 51’ 17’’ N
      06° 02’ 38’’ O
LAU-Code LU0606
Websäit http://www.feulen.lu/

Uertschaften an der Gemeng[1] änneren

Déi zwou Uertschafte sinn och identesch mat den zwou Kadastersektioune vun der Gemeng.

Zu der Gemeng Feelen gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:

Geschicht änneren

Am Joer 963 huet den Ardennergrof Siegfried Lännereien zu Viulna (Feelen) géint de Bockfiels getosch.

Duerch d'Gesetz vum 20. Januar 1874 goufen den 1. Januar 1875 d'Uertschaften Uewermäerzeg an Ënnermäerzeg vun der Gemeng Feelen ofgetrennt fir déi selbstänneg Gemeng Mäerzeg ze bilden[2].

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Source: STATEC

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

D'argent au lévrier courant de sable accompagné de trois feuilles de nénuphar de gueules[3].
D.C. 18. September 1980 - A.M. 6. November 1980 - Mémorial B 1980, Säit 1143 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1963.
Den Hond am Wope kënnt aus dem Sigel vum Wëllem vu Feelen (un chien braque accompagné de trois feuilles de nénuphar).

Déi Feelener Häre ware Vassalle vun de Buerschenter, déi de Wope mat der Beschreiwung D'argent à trois feuilles de nénuphar de gueules gefouert hunn.

Kommunal Gebaier änneren

  • De Sports- Kulturzenter « Centre Warkdall » krut 2020 de Bauhärepräius vum OAI[4]
  • 2023 soll en neit Gebai fir d'Gemengeverwaltung fäerdeggestallt sinn; woufir knapps aacht Milliounen Euro budgetéiert goufen[5].

Buergermeeschteren änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Gemengeblat änneren

D'Gemengeblat heescht De Louschlëssel.

Feelener Pompjeeën änneren

Den 19. November 2004 gouf zu Nidderfeelen dat neit Pompjeesgebai ageweit. Datt et dozou koum, war der Fusioun ze verdanken, déi et erlaabt huet, d'Pompjeeswiesen ze zentraliséieren. Nodeem déi Nidderfeelener Pompjeeën mat deene vun Uewerfeelen fusionéiert haten, konnt deen neie Corps Pompjeeën Feelen gegrënnt ginn. Fir bal annerhallef Millioun Euro gouf en neit Gebai opgeriicht mat véier Plaze fir Gefierer, e modernen Instruktiounssall, e Büro, eng kleng Kichen, en Otemschutzraum mat Fëllméiglechkeet fir d'Pressloftfläschen, en Depot fir Material a getrennt Sanitäranlagen.

Fir datt de Corps soll uerdentlech ekipéiert sinn, krut en en neien TLF. Et ass en TLF 2000 STAA (Staffel-Allrad-Automatik), dee bis zu 2.000 Liter Waasser an 200 Liter Läschschaum gelueden huet. De Won weit 11.580 Kilo, huet Plaz fir sechs Persounen an enger Duebelekippekabinn. Vir ass en ausstafféiert mat enger Buedemsprutzanlag. E Liichtpotto fir nuets an eng Ariichtung fir Schnellugrëff an zwéin integréiert Otemschutzapparaten an der Kabinn huet en och. Well déi staatlech Instanzen an dësem Fall et net fir néideg fonnt haten, fir de Won (270.000 €) ze subventionéieren, huet d'Gemeng dat eleng gedroen.

Den 22. Oktober 2005 krut de Corps en neien Asazwon, e Pick-Up.

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Feelen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Literatur änneren

  • Decker, François, 1963. Feulen: 963-1963. Beitrag zur tausendjährigen Geschichte der Pfarrei und der Gemeinde., Sankt-Paulus-Druckerei, 1963, 436 S.

Kuckeswäertes änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Feelen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Loi du 20 novembre 1874, détachant de la commune de Feulen les deux sections de Mertzighaut et Mertzig-bas et les érigeant en commune séparée sous le nom de Mertzig, publizéiert am Mémorial N° 34, Éischten Deel, vum 21. November 1874, Ss. 321-322 (Link)
  3. Am Originaltext steet wéinst engem Schreiffeeler gueule amplaz gueules
  4. (fr)Centre Warkdall | Bauhärepräis. bhp.lu Gearchiveerd op 2023-05-17. Gekuckt de(n) 17.05.2023.
  5. "Rathaus-Geschichten: Feulen." wort.lu [w+], 28.01.2021.
  6. Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
  7. Quell: http://www.gouvernement.lu/3305496/CV