Gemeng Wolz
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Wolz zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wolz (Homonymie). |
D'Gemeng Wolz (lokal: Wooltz) ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Stad Wolz vun där se och hiren Numm huet.
Wolz | |
---|---|
![]() | |
D'Gemengenhaus | |
![]() D'Gemengenhaus vu Wolz | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Wiltz de: Wiltz |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Buergermeeschter | Fränk Arndt (LSAP) |
Awunner | 7.949 |
1 Januar 2023 | |
Fläch | 39,25 km² |
Héicht | 477 m |
Koordinaten |
49° 57’ 58’’ N 5° 55’ 57’’ O |
LAU-Code | LU0807 |
Websäit | https://www.wiltz.lu |
D'Gemeng Wolz (orange) am Kanton Wolz (rout) | |
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]Änneren
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Wolz:
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Eeschweller:
- Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Wolz:
- Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Eeschweller:
GeographieÄnneren
GeschichtÄnneren
Duerch d'Gesetz vum 24. Februar 1843 krut d'Gemeng d'Recht den Titel Stad ze droen.
Den 1. Januar 2015[2] ass d'Gemeng Eschweiler mat der Gemeng Wolz zu enger vergréisserter "Gemeng Wolz" fusionéiert. Déi zwéi Gemengeréit haten de 24. Februar 2014 dozou gréng Luucht ginn. De 25. Mee 2014 gouf an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Zu Wolz hu sech ronn 80 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun mat Eschweiler ausgeschwat, zu Eschweiler ware just eng 54% fir eng Fusioun.[3] D'Gesetz dozou ass den 19. Dezember 2014 gestëmmt ginn.[4]
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
De Gemengerot gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E besteet zanter 2017 (an no der Fusioun mat Eschweiler) aus 13 Conseilleren; virdru waren et der 11.
De Schäfferot gouf virun der Fusioun vun der LSAP gestallt, zanterhier vun enger Koalitioun vun LSAP an CSV.
Buergermeeschter ass zanter 2009 de Fränk Arndt.
Joer | CSV | DP | LSAP |
---|---|---|---|
2005 | 3 | 2 | 6 |
2011 | 3 | 2 | 6 |
2017 | 5 | 2 | 6 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren[5]Änneren
- ...
- 1844 - 1847: Jacques Spedener[6][7]
- 1847: Jean Joseph Georges Faber[7],[8]
- ...
- 1900 - 1909: Max Schmeltzer
- 1909 - 1924: Charles Mathieu
- 1925 - 1934: Eugène Thilges
- 1934 - 1934: François Lambert
- 1935 - 1941: Joseph Simon
- 1944 - 1945: Joseph Simon
- 1946 - 1957: Nicolas Kreins
- 1958 - 1963: Alphonse Schiltges
- 1964 - 1964: Nicolas Kreins
- 1964 - 1967: René Miller
- 1967 - 1969: Joseph Merres
- 1970 - 1981: Emile Gerson
- 1982 - 1987: Jean-Pierre Dichter
- 1988 - 1993: André Biver
- 1994 - 1999: John Muller
- 2000 - 2009: Romain Schneider
- zanter 2009: Fränk Arndt
KuckeswäertesÄnneren
- Schlass Wolz
- Jardin de Wiltz
- Nationaalt Streikmonument: zur Erënnerung un de Streik vum 31. August an 1. September 1942
- Rodange-Reenert-Kulturwee mat dem Michel-Rodange-Monument am Schoulbierg
- Musée vun der Ardennenoffensiv
- Brauerei- a Gierwereimusée Wolz
- Blosmuseksmusée an der Villa Faber
- Geriichtskräiz bei der Gemeng
- Kierch Nidderwolz
- Kierch Wolz
- Monument Notre-Dame vu Fatima
LogoÄnneren
Zanter 2010 huet d'Gemeng Wolz en eegene Logo, dee fir eng modern Stad mat ville Facetten an enger multikultureller Populatioun steet. Déi gréng Faarf bezitt sech op déi vill Park- a Grénganlagen an der Stad a fir d'Bëscher ronderëm, matzen an de Lëtzebuerger Ardennen.[9]
KulturellesÄnneren
- De Kino Prabbeli
- De Wëlzer Festival all Joer am Juni-Juli;
- d'Gënzefest all Joer op Päischtméindeg. E Cortège mat der Gënzekinnigin zitt vun der Uewerstad erof an d'Ënnerstad vu Wolz.
JumelagenÄnneren
- Wolz ass zanter dem 22. Juni 2005 mat der nordportugisescher Stad Celorico de Basto, net wäit vu Porto ewech, jumeléiert.
- Zavidovići a Bosnien an Herzegowina,
- De 17. Juni 2006 huet Wolz e Pacte d'Amitié mat der belscher Stad Baaschtnech ënnerschriwwen.
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Wolz ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Economie CirculaireÄnneren
Zanter 2015 huet d'Gemeng Wolz de Statut als "hotspot communal de l'économie circulaire".[10] Zil ass et, fir d'Prinzipie vun der Economie Circulaire, och "Kreeslafwirtschaft" genannt, no an no an alle Beräicher vum deegleche Liewen anzebannen. 2018 huet de Gemengerot eng entspriechend Charta ënnerschriwwen[11], an där eng Rei vu Moossname genannt ginn, déi ëmgesat solle ginn. Als Haaptprojet gëllt de Bau vun engem neie Quartier mam Numm "Wunne mat der Wooltz"[12] an Zesummenaarbecht mam Fonds du Logement, dee ganz no de Prinzipie vun der Economie Circulaire soll opgebaut ginn a bei dem eng 780 Logementer entstoe sollen.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Gemeng Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz. legilux.public.lu (23.12.2014). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
- ↑ "Wolz kloer, Eeschwëller knapp [sic] fir Fusioun" rtl.lu, 25.05.2014, 16:13:01.
- ↑ "Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz." Mémorial A N° 252, 23 Dezember 2014, S. 4824.
- ↑ Lëscht vun de Buergermeeschtere vun der Gemeng Wolz op der Webäit vun der Gemeng Wolz
- ↑ Memorial N°3 vun 1844
- ↑ 7,0 7,1 Memorial N°50 vun 1847 mam ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 25 juillet 1847, n° 1664, portant nomination du sieur Faber aux fonctions de bourgmestre de la ville de Wiltz
- ↑ Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
- ↑ Säit iwwer de Wopen an de Logo
- ↑ Présentation de la ville de Wiltz comme futur "hotspot" communal de l'économie circulaire gouvernement.lu, 13.10.2018
- ↑ Charta für die "Economie Circulaire" wiltz.lu
- ↑ Wunne mat der Wooltz wiltz.lu