Gemeng Bartreng

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Lëtzebuerg

D'Gemeng Bartreng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bartreng vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Bartreng
d'Gemengenhaus zu Bartreng
An anere Sproochen fr: Bertrange
de: Bartringen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Lëtzebuerg
Chef-lieu Bartreng
Buergermeeschter M. Smit-Thijs (DP)
Awunner 8.668
  1. Januar 2023
Fläch 1.737,9084 ha
Héicht 287 m
Koordinaten 49° 36’ 36’’ N
      06° 02’ 59’’ O
LAU-Code LU0301
Websäit http://www.bertrange.lu/

Uertschaften an der Gemeng[1] änneren

Zu der Gemeng Bartreng gehéieren ausser Bartreng selewer nach déi follgend Lieu-diten an Häff:

Kadastersektiounen änneren

D'Gemeng Bartreng huet dräi Kadastersektiounen:

  • A de Bertrange mat 550,4480 ha
  • B de Beaufort mat 522,2668 ha
  • C de Lorenzscheuer mat 665,1936 ha

Geographie änneren

D'Gemeng Bartreng läit westlech vun der Stad Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 280 an 345 m (NG-L).

D'Nopeschgemenge si Mamer a Stroossen am Norden, Lëtzebuerg am Osten, Leideleng a Reckeng op der Mess am Süden an Dippech am Westen.

Duerch d'Gemeng leeft vu Westen no Osten d'Péitruss. D'Grouf, eng Baach déi hiren Ursprong grad wéi d'Péitruss am ëstlechen Deel vun der Gemeng Dippech huet, leeft och vu Westen no Osten duerch d'Gemeng a fléisst da bei der Helfenter Bréck an d'Péitruss.

Verkéier änneren

Iwwer den Tossebierg leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Weider wichteg Stroosse sinn d'N34 an d'N35, déi d'Verbindung tëscht der N6 an der N5 maachen, déi an Ost-Westrichtung duerch d'Gemeng féiert.

Op der Helfenter Bréck ass d'Gemeng un d'Autobunn A6 ugeschloss, déi do zirka 350 m iwwer d'Gebitt vun der Gemeng leeft.

Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen CR163 an CR181 duerch d'Gemeng.

D'Gemeng ass duerch d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten un d'Eisebunnsnetz ugeschloss un där se eng Gare huet.

Duerch d'AVL-Buslinne 5, 6, 8, 10, 11 a 16 ass d'Gemeng duerch Busse mat der Stad Lëtzebuerg verbonnen.

Geschicht änneren

Den 1. Januar 1850 (duerch Gesetz vum 6. August 1849) goufen d'Sektioun Stroossen an den Deel vun der Sektioun Reckendall dat um "ban de Strassen" louch, vun der Gemeng Bartreng ofgetrennt, fir eng nei Gemeng Stroossen ze schafen.

Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Bartreng 1.202 Awunner, 250 bewunnten Haiser an 252 Famillen.

Wope vu Bartreng änneren

  Beschreiwung am Originaltext

Coupé d'argent et de gueules, au lion de l'un en l'autre, armé, lampassé et couronné d'or, la queue fourchue et passée en sautoir.
D.C. 29. Oktober 1981 - A.M. 22. Dezember 1981 - Mémorial B 1981, Säit 1362 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1981
Déi gedeelt Emailer kommen aus dem Wope vun den Häre vu Bertrange-lez-Thionville. De rouden Deel vum Léiw, ass vum Léiw vum Lëtzebuerger Wopen, an de sëlweren Deel kënnt aus dem Wope vum Jang de Blannen dee sengem natierleche Meedche Colette, dat mam Gerard Barong vu Rodstock bestuet war, d'Seigneurerie Bartreng geschenkt hat.

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell: STATEC

Politik änneren

De Gemengerot vu Bartreng gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 13 Conseilleren zesummen.

No de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017, bei deenen d'DP déi absolut Majoritéit krut, stellt dës Partei de Schäfferot, mam Frank Colabianchi als Buergermeeschter.[2] Virdru war d'DP an enger Koalitioun mat deene Gréngen.

Zesummesetzung

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 2 7 - 2
2005 3 6 1 1
2011 3 6 3 1
2017 3 7 2 1
2023 3 7 2 1

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren änneren

Jumelage änneren

Zanter dem 23. Mäerz 1997 ass Bartreng mat der italieenescher Gemeng Santa Maria Nuovo (Regioun Marken (Marche), Provënz Ancona) jumeléiert.

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Bartreng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes an der Gemeng änneren

Perséinlechkeeten aus der Gemeng Bartreng änneren

Literatur änneren

  • Helbach, Jos: Der private Grossgrundbesitz in Luxemburg im 19. Jahrhundert - Seine Entwicklung und sein Schicksal, Eegeverlag, 2009. S. 29 - S. 40

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bartreng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. "De Frank Colabianchi behält Buergermeeschterposten." rtl.lu,12.10.2017, 10:09:56.
  3. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844