Gemeng Mamer

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Capellen

D'Gemeng Mamer ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Mamer vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Mamer
d'Gemengenhaus vu Mamer
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Mamer
de: Mamer
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Capellen
Chef-lieu Mamer
Buergermeeschter Luc Feller (CSV)
Awunner 10.643
  1. Januar 2023
Fläch 2.754 ha
Héicht 294 m
Koordinaten 49° 37’ 42’’ N
      06° 01’ 34’’ O
LAU-Code LU0108
Websäit http://www.mamer.lu/

Uertschaften an der Gemeng[1] änneren

Geographie änneren

D'Gemeng Mamer läit westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen. Ronderëm leien Gemenge Käerch a Kielen am Norden, Stroossen am Osten, Bartreng an Dippech am Süden, Garnech a Stengefort am Westen. D'Uertschaft Mamer läit un der Mamer.

Duerch Mamer leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.

Geschicht änneren

Mamer gëtt an engem Schenkungsakt vum 8. Abrëll 960, an deem d'Gräfin Liutgardis d'Uertschaft Mambra, déi si vun hiren Eltere Wigerich a Kunigunde geierft hat, un d'Klouschter Sankt Maximin vun Tréier verschenkt, fir d'éischt schrëftlech ernimmt.

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:
d'azur à la façade de temple antique à quatre colonnes d'or, au chef du même chargé d'une roue d'azur entre deux crampons de gueule
D.C. 27. August 1979 - A.M. 12. Oktober 1979 - Mémorial B 1979, Säit 1030 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1979
D'Haaptfaarwe sinn aus dem Wope vun den Häre vu Miersch (Gold mat blo gesträift), den Tempel ass dra fir drun z'erënneren datt an der Réimerzäit e grousst Duerf do stoung, vun deem Iwwerreschter fonnt gi sinn, d'Rad kënnt aus dem Wope vun der bekannter humanistescher Famill Mameranus déi vu Mamer war, déi zwéi rout Kreep kommen aus dem Wope vun der aristokratescher Famill, déi och den Numm Mamer hat.
 
Monument fir d'Affer vum Zweete Weltkrich, realiséiert op Basis vun enger Maquette vum Albert Hames (1910-1989)

Politik änneren

De Gemengerot vu Mamer gëtt nom Proporzsystem gewielt. Zanter de Gemengewale vun 2023 setzt e sech aus 15 Conseilleren zesummen; virdru waren et der nëmmen 13[2].

Well op den 30. September 2022 méi ewéi 10.000 Leit an der Gemeng ugemellt waren, ass d'Zuel vun de Schäffen no de Gemengewale vum 11. Juni 2023 vun zwéin op dräi eropgesat ginn[3].

Zesummesetzung änneren

D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 4 4 2 3
2005 6 2 2 3
2011 6 1 3 3
2017 6 1 3 3
2023 7 2 3 3

Quell: Inneministère / RTL.lu /elections.lu

Buergermeeschtere vu Mamer änneren

  • Jean-Baptiste Kayl (1844-1848)[4]
  • Nicolas Bornong (1852-1870)
  • J.B. Risch (1870-1873)
  • Jean Schmit (1873-1879)
  • Jean Wester vu Mamer (1879-1897)
  • Henri Funck vu Capellen (1897-1912)
  • Charles Risch vu Capellen (1912-1919)
  • Jean Schneider vu Mamer (1919-1929)
  • J.P. Wilhelm vu Mamer (1929-1956)[5]
  • Jean Marx vu Mamer (1956-1968)
  • François Trausch vu Mamer (1968-1975)
  • René Federspiel vu Mamer (1976-1981)
  • Josy Konz vu Mamer (1982-1992)
  • Henri Hosch vu Capellen (1993-1999)
  • Gilles Roth vu Mamer (2000-2023)
  • Luc Feller vu Mamer (2023-)

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Mamer ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes änneren

 
Déi restauréiert réimesch Thermen zu Mamer. Hannen am Bild: d'Mamer.
  • Réimesch Thermen

1972 goufe bei archeologeschen Ausgruewungen zu Mamer no beim Tossebierg Iwwerreschter vun ë. a. Thermen aus der réimescher Zäit entdeckt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimesch Thermen zu Mamer.

Fräizäit zu Mamer änneren

An der Gemeng Mamer an an der noer Ëmgéigend gëtt et en Netz vun Trëppelpied dat eng Totallängt vun 41 Kilometer huet. Nieft dem Circuit autopédestre am Juckelsbësch deen 9 Kilometer laang ass, sinn déi aner 6 gezeechent Pied tëscht 3,7 a 6,3 km laang. Eng Kaart mat den Trëppelpied kann een op der Mamer Gemeng gratis kréien.

Jumelage änneren

Bekannt Leit aus der Gemeng Mamer änneren

 
Mamer Altersheem

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Règlement grand-ducal du 23 novembre 2022 portant fixation du nombre des conseillers communaux à attribuer à chaque commune. data.legilux.public.lu (23.11.2022). Gekuckt de(n) 06.12.2022.
  3. (fr)Arrêté grand-ducal du 21 juin 2023 portant fixation du nombre des échevins de la commune de Mamer à trois. data.legilux.public.lu (21.06.2023). Gekuckt de(n) 28.06.2023.
  4. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  5. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert de(n) 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-04.