Gemeng Wanseler
lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Wolz
D'Gemeng Wanseler ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wanseler vun där se och hiren Numm huet.
Wanseler | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
An anere Sproochen |
fr: Winseler de: Winseler |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Buergermeeschter | Romain Schroeder |
Awunner | 1.403 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 3.043 ha |
Héicht | 334 m |
Koordinaten |
49° 58’ 01’’ N 05° 53’ 20’’ O |
Websäit | https://winseler.lu |
D'Gemeng Wanseler (orange) am Kanton Wolz (rout) | |
Uertschaften an der Gemeng[1]Änneren
GeographieÄnneren
D'Gemeng Wanseler läit am Dall vun der Wolz, am Nordweste vum Kanton Wolz un der belscher Grenz, tëscht der Stauséigemeng, an de Gemenge Wolz a Wëntger. Am Nordweste stéisst se un d'Uertschaft Bras an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Wanseler ass eng vun de siwe Gemengen aus dem Naturpark Uewersauer.
Wanseler ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer den CR319. Bis 1967 war Wanseler och un d'Eisebunnsnetz ugebonnen an zwar iwwer d'Streck Wolz-Baaschtnech.
GeschichtÄnneren
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
Buergermeeschteren[2],[3]Änneren
- 1810 - 1840: Nicolas Weinandy
- 1840 - 1864: Jean-Pierre Weyrich
- Vun 1864 - 1881 feelen d'Informatiounen
- 1881 - 1902: Jean-Michel Weinandy
- 1903 - 1904: Edouard Weyrich
- 1904 - 1922: A. Weinandy
- 1922 - 1926: Louis Klein
- 1926 - 1944: Joseph Didier
- 1945 - 1953: Pierre Kinnen
- 1954 - 1975: Nicolas Eicher
- 1976 - 1981: Théo Berg
- 1982 - 2001: Camille Weiler
- zanter 2002: Romain Schroeder
KuckeswäertesÄnneren
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Wanseler ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
LiteraturÄnneren
- Evy Friedrich an anerer: Die Gemeinde Winseler mit Berlé, Doncols, Grümelscheid, Noertringen, Pommerloch, Schleif, Soller und Winseler, 1980, Bourg-Bourger, 210 S. + Unhang: Grenzwallonisch aus Doncols-Soller 103 S.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Wanseler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Lëscht vun de Buergermeeschteren am Buch Die Gemeinde Winseler vun 1980, S. 14
- ↑ Lëscht mat de Gemengerotsmembere zanter 1946, op der Websäit vun der Gemeng Wanseler