Gemeng Viichten
D'Gemeng Viichten ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Viichten vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Viichten | |
---|---|
d'Märei vu Viichten | |
An anere Sproochen |
fr: Vichten de: Vichten |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Réiden |
Chef-lieu | Viichten |
Buergermeeschter | Luc Recken |
Awunner | 1.422 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 1.226 ha |
Héicht | 283 m |
Koordinaten |
49° 48’ 9’’ N 05° 59’ 55’’ O |
LAU-Code | LU0709 |
Websäit | http://www.vichten.lu/ |
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]
ännerenUertschaften
ännerenLieu-diten
ännerenGeographie
ännerenViichten ass déi ëstlechst Gemeng am Kanton Réiden.
Nopeschgemenge sinn:
- am Norden d'Gemeng Mäerzeg (Kanton Dikrech),
- am Osten, op enger Längt vu knapps 400 m. Colmer-Bierg, a Biissen (allebéid Kanton Miersch),
- am Süden Helperknapp (Kanton Miersch),
- am Westen dräi Gemengen aus dem Kanton Réiden: Useldeng, Préizerdaul (op enger Längt vun ca. 450 m.) a Groussbus.
Verkéierstechnesch ass d'Gemeng iwwer e puer Chemin reprisen (CR305, 306 an 360) am Norden un d'N12 an d'N21 an am Süden un d'N22 ugeschloss.
Geschicht
ännerenEntwécklung vun der Awunnerzuel
ännerenQuell:STATEC
Wopen
ännerenBeschreiwung am Originaltext: burelé d'argent et de gueules au pal d'or chargé d'une bande de gueules, ledit pal accosté de deux étoiles à six rais d'or |
Politik
ännerenDe Gemengerot vun der Gemeng Viichten gëtt nom Majorzsystem gewielt.
Buergermeeschteren
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1934: Eugène Hoffmann
- ? - 2013: Nico Maréchal
- 2013 - 2017: Camille Scheuren
- 2017 - 2021: Jean Colombera
- zanter 2021: Luc Recken[2]
Interkommunal Syndikater
ännerenD'Gemeng Viichten ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Bekannt Leit aus der Gemeng
änneren- Pierre Grégoire (1907-1991), Politiker, Journalist a Schrëftsteller
- Eugène Hoffmann (1886-1935), Bauer a Politiker
- Jean-Pierre Kayser (1873-1946) Geeschtlechen
Kuckeswäertes
ännerenEng Kopie vum réimesche Buedem-Mosaik dat 1994 zu Viichten fonnt gouf. D'Original ass am Musée fir Geschicht a Konscht an der Stad.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Viichten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
- ↑ "Luc Recken ersetzt Jean Colombera als Buergermeeschter." rtl.lu, 13.01.2021.