Gemeng Tandel

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Veianen

D'Gemeng Tandel ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Veianen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Baastenduerf.

Gemeng Tandel
Märei vun der fréierer Gemeng Baastenduerf, hautdesdaags Büroe vun den technesche Gemengeservicer
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Tandel
de: Tandel
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Veianen
Chef-lieu Baastenduerf
Buergermeeschter Carole Gils
Awunner 2.238
  1 Januar 2023
Fläch 6.382,9923 ha[1]
Héicht 300 m
Koordinaten 49° 53’ 48’’ N
      06° 10’ 55’’ O
LAU-Code LU0901
Websäit http://www.tandel.lu

D'Gemeng ass den 1. Januar 2006 aus der Fusioun vun den deemolege Gemenge Baastenduerf a Furen entstanen.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[2] änneren

Uertschaften an der fréierer Gemeng Baastenduerf:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Furen:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Baastenduerf:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Furen:

Geschicht änneren

D'Gemeng Tandel ass op den 1. Januar 2006 aus der Fusioun vun der Gemeng Baastenduerf, mat den Uertschafte Baastenduerf, Branebuerg, Laaschent an Tandel, an der Gemeng Furen, mat den Uertschafte Furen, Bëttel, Longsdref a Waalsdref, entstanen[3].

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Am Gesetz gouf festgehalen datt de Sëtz vun der neier Gemeng zu Tandel soll sinn, datt awer bis déi néideg Infrastrukture bestinn, de provisoresche Sëtz zu Furen ass. Well awer zu Furen net genuch Plaz war fir all d'Departementer vun der neier Gemeng opzehuelen, deele Büroe sech nach déi zwee fréier Gemengenhaiser vu Baastenduerf a Furen. (Stand: Sept.2007).

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

De gueules à l'écusson d'argent chargé d'une tour ouverte de gueules et accompagnée de trois merlettes d'argent, deux en chef et une en pointe
D.C. Baastenduerf 30. Juni 2005; Furen 15. Juli 2005; Fusiounsgemeng 29. November 2005 - A.M. 5. August 2005 - Projet: R. Klein 2005
Am Kader vun der Gemengefusioun gouf fir déi nei Gemeng Tandel en neie Wopen entworf. Vu véier Projeten déi d'Commission héraldique proposéiert hat, gouf de Projet N°2 zeréckbehalen. De Wope vun der Gemeng Tandel setzt sech zesummen aus Elementer vun de Wope vun de fréiere Gemenge Baastenduerf (chargé d'une tour ouverte de gueules) a Furen (d'argent accompagné en chef de deux merlettes affrontées du même). D'Emailer sinn d'Haaptemailer vun den zwéi Wopen.

Politik änneren

De Gemengerot vun der Gemeng Tandel gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Tandel ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tandel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  3. Loi du 21 décembre 2004 portant fusion des communes de Bastendorf et de Fouhren. legilux.public.lu (31.12.2004). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  4. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de(n) 04.07.2023.