Gemeng Pëtschent

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Veianen

D'Gemeng Pëtschent oder och Pëtscht[1] ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Veianen, am Nord-Oste vu Lëtzebuerg an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Pëtschent vun där se och hiren Numm huet.

Pëtschent
Coat of arms putscheid luxbrg.png
Putscheid, mairie (101).jpg
Märei vu Pëtschent
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Putscheid
de: Putscheid
Land Lëtzebuerg
Kanton Veianen
Buergermeeschter Roger Zanter
Awunner 1.107
  1 Januar 2021
Fläch 2.713 ha
Héicht 415 m
Koordinaten 49° 57’ 34’’ N
      06° 08’ 29’’ O
Websäit http://www.putscheid.lu/
Map Putscheid.PNG
D'Gemeng Pëtschent (orange) am Kanton Veianen (rout)

Uertschaften an der GemengÄnneren

GeographieÄnneren

GeschichtÄnneren

D'Gemeng Pëtschent ass 1828 entstane wéi veschidde Circonscriptiounen ëmgeännert goufen. Bei där Geleeënheet ass d'Gemeng Baastenduerf entstanen a Laaschent dat zur deemoleger Gemeng Stolzebuerg gehéiert huet gouf dovun ofgetrennt an de Rescht vun där Gemeng gouf a Pëtschent ëmgedeeft[2]. Ënner dem Ancien Régime, huet den Territoire vun der Gemeng zu den Häerschafte vu Veianen, Berbuerg, a Stolzebuerg gehéiert.

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

Interkommunal SyndikaterÄnneren

D'Gemeng Pëtschent ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

BuergermeeschterenÄnneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 1843-1851: Jean Weiler
  • 1851-1870: Jean Kayser
  • 1871-1890: Math. Bürger
  • 1891-1910: Etienne Zenners
  • ...
  • 1994-2017: Jean Kinn
  • zanter 2017: Roger Zanter

PublikatiounenÄnneren

D'Gemeng Pëtschent gëtt en Informatiounsblat eraus ënner dem Titel D'Pëtschter Noriicht an dem Ënnertitel "Informatiounsblat vun der Gemeng Pëtschent", an enger Oplo vu 400 Exemplairen.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Pëtscht – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Schreifweis vun den Uertsnimm (cf cpll.lu)
  2. Dictionnaire geographique du Luxembourg