Haaptmenü opmaachen

Gemeng Bech

lëtzebuergesch Gemeng
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Bech zu Lëtzebuerg. Fir de Politiker mam Numm Bech, kuckt wgl. Joseph Bech.

Bech ass eng vun den 102 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg.

Bech
Coat of arms bech luxbrg.png
D'Gemeng vu Bech (2006).jpg
d'Gemengenhaus (2006)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bech
de: Bech
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Buergermeeschter Camille Kohn
Awunner 1.259 (1 Januar 2019)
Fläch 2.331 ha
Koordinaten 49° 45’ 07’’ N
06° 21’ 46’’ O
Websäit http://www.bech.lu/
Map Bech.PNG
D'Gemeng Bech (orange)
am Kanton Iechternach (rout)

Uertschaften an der Gemeng [1]Änneren

Zur Gemeng gehéieren nach folgend Häff oder Lieu-diten:

GeographieÄnneren

D'Schichtstuf vum Lëtzebuerger Sandsteen verleeft queesch duerch d'Gemeng: D'Uertschaften Kräizenhéicht, Heeschbrech, Kobebuer an d'Schanz leien um Plateau, iwwerdeems Rippeg, Zitteg, Hemsdel a Bech um Fouss dovu leien. D'Schanz ass, mat 400 m deen héchste Punkt an der Géigend. Grolënster, Blummendall a Marscherwald leien um westleche Wupp vun der Gemeng.

Duerch dGemeng leeft d'Nationalstrooss 11 (E29) vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach.

D'Streck vun der fréierer Vizinalbunn Chareli ass um Fouss vun der Schichtstuf verlaf, an hat tëscht 1904 an 1954 Arrêten zu Rippeg, Hemstel, Zitteg a Bech. En Tunnel dovun ass haut nach erhalen, a gëtt, wéi d'fréier Eisebunnsstreck, vun der Vëlospist PC2 benotzt. An der fréierer Becher Gare ass haut e Restaurant.

GeschichtÄnneren

D'Gemeng Bech ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Régime entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung als Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Administratiounseenheeten erhale bliwwen.

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

 

Quell:STATEC

WopenÄnneren

Beschreiwung am Originaltext: D'argent à la croix ancrée de sable, au chef de gueules chargé d'un lambel à l'ancienne de cinq pendants d'argent.

BuergermeeschterenÄnneren

  • J. Lenertz 1826 bis 1847
  • Fr. Lies 1849 bis 1859
  • P. Lenertz 1861 bis 1894
  • P. Lenertz 1897 bis 1923
  • Nic Weyland 1924 bis ?
  • Michel Prommenschenkel 1934 bis ?
  • Francois Bisenius. 1946 bis 1963
  • Emil Bohnenberger 1964 bis
  • Robert Lenertz.
  • Marcel Niederweis, bis 2005
  • Marc Pitzen, vun 2005 bis 2008
  • Edmond Schintgen, vun 2009 bis 2011
  • Camille Kohn, zanter 2011

KuckeswäertesÄnneren

Interkommunal SyndikaterÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.