Gemeng Lëntgen

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Miersch

D'Gemeng Lëntgen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Lëntgen vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Lëntgen
d'Märei vu Lëntgen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Lintgen
de: Lintgen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Miersch
Chef-lieu Lëntgen
Buergermeeschter Louis Pinto
Awunner 3.436
  1. Januar 2023
Fläch 1.525 ha
Héicht 336 m
Koordinaten 49° 43’ 0’’ N
      06° 08’ 0’’ O
LAU-Code LU0407
Websäit http://www.lintgen.lu/

Uertschaften an der Gemeng[1] änneren

Zur Gemeng gehéiert nach de Plankenhaff.

Geographie änneren

 
D'Lëntgener Spillschoul

D'Gemeng Lëntgen läit am Dall vun der Uelzecht am Zentrum vum Land am Kanton Miersch. Si huet eng Fläch vu 1524 Hektar, dovu 760 Hektar Bësch, 600 Hektar landwirtschaftlech Fläch a 70 Hektar urbaniséiert Fläch.

An der Gemeng gëtt et 21,43 Kilometer befestegt Stroossen a Weeër.

Den héchste Punkt läit bei 414 Meter, den déifste Punkt bei 210 Meter[2].

Geschicht änneren

Déi éischt Dokumenter déi d'Uertschaften an der Gemeng nenne si vun 896 fir Lëntgen, 940 fir Gousseldeng an 960 fir Pretten.

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Op den 1. Mäerz 2012 hunn an der Gemeng Lëntgen 2.700 Leit gewunnt, dovun 2.082 an der Uertschaft Lëntgen, 516 zu Gousseldeng an der 102 zu Pretten.

57,4 % vun den Awunner ware Lëtzebuerger. Déi meescht Auslänner hunn d'Portugise mat 673 Persounen (25 %) gestallt, duerno d'Fransouse mat 70 Persounen (2,6 %).

Awunner vun der Gemeng Lëntgen no Uertschaft an Nationalitéit (Stand 01.03.2012):
Nationalitéit Lëntgen Gousseldeng Pretten Gemengentotal
Luxembourg  Lëtzebuergesch 1 128 356 67 1 551
Portugal  Portugisesch 577 79 17 672
France  Franséisch 49 16 5 70
Germany  Däitsch 48 10 4 62
Belgium  Belsch 44 3 2 49
Spain  Spuenesch 38 1 0 39
Italy  Italieenesch 29 8 2 39
United Kingdom  Brittesch 21 1 0 22
Poland  Polnesch 5 17 0 22
Cape Verde  Kapverdianesch 19 1 0 20
Netherlands  Hollännesch 15 2 2 19
Denmark  Dänesch 10 5 0 15
Aner Nationalitéiten 87 17 3 135
Total 2 082 516 102 2 700

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

coupé-ondé; en chef d'or à deux étoiles, à huit rais de gueules posées en fasce, en pointe d'azur à la croix pattée et alésée d'or
D.C. 5. Abrëll 1982 - A.M. 24. Mee 1982 - Mémorial B 1982, Säit 578 - Projet: Marcel Lenertz 1981 .

Politik änneren

Gemengerot änneren

Lëntge war bis d'Gemengewalen 2017 eng Majorzgemeng. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt. Zur Wal stoungen dunn och 11 amplaz 9 Gemengeréit[3].

Resultater

Joer DP DNE* EBL*
2023[4] 2 4 5

*DNE: Di nei Ekipp; EB: Engagéiert Bierger Lëntgen
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

De Schäfferot, deen 2023 aus de Gemengewalen ervirgoung, gëtt vun enger Koalitioun aus den Engagéierte Bierger an der DP gedroen. Buergermeeschter gëtt de Louis Pinto (EBL).[5]

Buergermeeschteren[6] änneren

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Lëntgen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lëntgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. La commune en chiffres. www.lintgen.lu Gearchiveerd op 2020-07-06. Gekuckt de(n) 06.07.2020.
  3. So bereitet sich Lintgen auf die Wahlen nach Proporzsystem vor. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2022-08-05). Gekuckt de(n) 2022-08-15.
  4. (fr)Lintgen. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 12.06.2023.
  5. "Lëntgen: Schäfferot steet - Louis Pinto ass neie Buergermeeschter." rtl.lu, 12.06.2023.
  6. %20September.pdf Lëscht mat de Buergermeeschterem 1908-2008 vum Emile Gruber an der Publikatioun de Gemengebuet. Informatiounsblat vun der Gemeng Lëntgen. – Nr. 10, September 2008, Säit 43
  7. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844