Gemeng Betzder
D'Gemeng Betzder ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Gréiwemaacher. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bierg.
Gemeng Betzder | |
---|---|
![]() | |
![]() D'Märei vu Betzder zu Bierg | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Betzdorf de: Betzdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Gréiwemaacher |
Buergermeeschter | Jean-François Wirtz |
Awunner | 4.105 |
1 Januar 2023 | |
Fläch | 2.608 ha |
Héicht | 225 m |
Koordinaten |
49° 41’ 15’’ N 06° 20’ 59’’ O |
LAU-Code | LU1101 |
Websäit | http://www.betzdorf.lu/ |
| |
Uertschaften an der Gemeng[1]Änneren
- Betzder (de: Betzdorf)
- Bierg (de: Berg)
- Menster (de: Mensdorf)
- Ouljen (de: Olingen)
- Rued-Sir (fr: Roodt/Syre)
Häff a Lieu-diten an der Gemeng:
GeschichtÄnneren
WopenÄnneren
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
De Gemengerot vu Betzder gëtt zanter 2011 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Als Folleg vun de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 baséiert de Schäfferot op enger CSV-LSAP-Koalitioun; Buergermeeschter ass de Jean-François Wirtz.[2]
ZesummesetzungÄnneren
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
2011 | 4 | 3 | 3 | 1 |
2017 | 3 | 2 | 3 | 3 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
BuergermeeschterenÄnneren
- 1800 - 1807: Jean Engel
- 1808 - 1816: Jean Baptiste Weidert
- 1816 - 1823: Peter (Pierre) Erpelding
- 1823 - 1843: Hubert Petry
- 1844 - 1854: François Hoffmann
- 1855 - 1870: Nicolas Erpelding
- 1871 - 1888: Christophe Weber
- 1889 - 1901: Nikolas Metzdorf
- 1902 - 1908: François Hoffmann
- 1909 - 1930: Johann-Peter Heinen
- 1930 - 1941: Jean Barthel
- 1944 - 1947: Jean Barthel
- 1947 - 1954: Maurice Meyer
- 1954 - 1963: Jean-Pierre Mangen
- 1964 - 1975: Jean-Pierre Dondelinger
- 1976 - 1981: Guy Engel
- 1982 - 1987: René Muller
- 1988 - 1999: Rhett Sinner
- 2000 - 2011: Marie-Josée Frank (CSV)
- 2011 - 2013: Rhett Sinner (DP)
- 2014 - 2017: Edgard Arendt (déi gréng)
- zanter 2017: Jean-François Wirtz
Rieder BëschkierfechtÄnneren
D'Gemeng Betzder huet als éischt am Land e Bëschkierfecht ageriicht. E steet allen Awunner vu Lëtzebuerg zur Dispositioun.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Rieder Bëschkierfecht.
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Betzder ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Betzder – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ "CSV-LSAP-Koalitioun steet, J.-F. Wirtz Buergermeeschter." rtl,lu, 26.10.2017, 21:17:13.