Gemeng Ëlwen
D'Gemeng Ëlwen ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Ëlwen vun där se och hiren Numm huet.
Ëlwen | |
---|---|
![]() | |
d'Gemengenhaus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Troisvierges de: Ulflingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Buergermeeschter | Édouard Mertens |
Awunner | 3.367 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 3.786 ha |
Héicht | 472 m |
Koordinaten |
50° 7’ 14’’ N 5° 59’ 56’’ O |
Websäit | http://www.troisvierges.lu/ |
D'Gemeng Ëlwen (orange) am Kanton Klierf (rout) | |
GeographieÄnneren
Ëlwen läit am Nord-Weste vum Land op den Éisleker Plateauen am Kanton Klierf. Et ass déi nërdlechst Gemeng aus dem Grand-Duché. Am Norden, Nordosten a Westen stéisst se un d'Belsch, am Südosten un d'Gemeng Wäiswampech an am Süden un d'Gemeng Wëntger. An der Gemeng leien déi zwou héchste Koppen aus dem Land, d'Buergplaz an Op Kneiff.
Den nërdlechste Punkt vum Land läit an der Ëlwener Gemeng op 50° 10’ 58’’ N 06° 01’ 29’’ O.
Uertschaften an der GemengÄnneren
Zu der Gemeng Ëlwen gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
HydrographieÄnneren
Duerch Ëlwen leeft d'Wolz déi hir Quelle bei Huldang huet.
Aner Baachen um Territoire vun der Gemeng sinn:
- Boburen
- Brellbaach
- Klierf
- Fooschtbaach
- Follmillbaach
- Haardbaach
- Heffbaach
- Kléngelbaach
- Luckesbaach
- Stauwelsbaach och Millebaach genannt.
- Renkebaach
- Weierbaach
GeschichtÄnneren
Bis den 28. Dezember 1908 huet d'Gemeng Basbellain ((lb) Kierchen) geheescht. Mat engem Gesetz vun deem Dag gouf de Sëtz vun der Gemeng op Ëlwen transferéiert an d'Gemeng gouf deementspriechend ëmgedeeft[2]. Duerch Gesetz vum 20. Juli 1925 gouf d'Sektioun Biwesch vun der Gemeng Aasselbuer ofgetrennt, an ass bei d'Gemeng Ëlwen derbäikomm[3]. 1977 bei der Grënnung vun der neier Gemeng Wëntger koume 7,88 ha aus der Sektioun B vun Aasselbuer bei d'Gemeng Ëlwen[4].
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
Ëlwen war bis d'Gemengewale vun 2011 nach mat, eng Majorzgemeng. Well se 2017 iwwer 3000 Awunner hat, gëtt de Gemengerot zanterhier nom Proporzsystem gewielt.
ZesummesetzungÄnneren
Joer | CSV | ËBL |
---|---|---|
2017 | 4 | 7 |
ËBL: Ëlwener Bierger Lëscht ; Quell: elections.lu
BuergermeeschterenÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- ... - 2011: Lucien Majerus
- 2011 - haut: Edy Mertens (Biergerlëscht/DP)
KulturellesÄnneren
- Ciné Orion bei der Gare zu Ëlwen
- Tony-Bourg-Bibliothéik
KuckeswäertesÄnneren
- d'Fiichtgebitt Cornelysmillen;
- d'Kierch Ëlwen aus dem Joer 1640, déi dem Ëlwener Franziskanerklouschter gehéiert huet; mat hirem Mobilier al hirer Uergel als nationaalt Monument klasséiert;
- d'Kierch vu Kierchen, zesumme mam Kierfecht ronderëm als nationaalt Monument klasséiert;
- d'Kierchermillen, och en nationaalt Monument (Inventaire supplémentaire).
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Ëlwen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
JumelagenÄnneren
- Hepstedt an Däitschland
- Desborough a Vereenegt Kinnekräich
- Bièvre an der Belsch
- Holmegaard an Dänemark
- Falset a Spuenien
- Cissé a Frankräich
- Kolindros a Griicheland
- Cashel an Irland
- Esch an Holland
- Samuel a Portugal
- Bucine an Italien
- Lassee an Éisträich
- Kannuns a Finnland
- Ockelbro a Schweden
- Pölva an Estland
- Nagycenk an Ungarn
- Stryzow a Polen
- Stary Poddvorov an Tschechesch Republik
- Medzev an der Slowakei
- Moravce a Slowenien
- Lefkara an Zypern
- Nadur op Malta
Kuckt ochÄnneren
- Eisebunnsstreck Ëlwen-Wilwerdang
- Sentier des Passeurs
- Naturpark Our
- Islek ohne Grenzen EWIV
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Ëlwen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um SpaweckÄnneren
Commons: Ëlwen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Nimm Ufflange an Trois-Vierges oder och Trois Vierges waren am 19. Joerhonnert nach a Gebrauch. Cf. S. 472 an: L'Évêque de la Basse-Moûturie, Louis, 1844. Itinéraire du Luxembourg germanique, ou voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché. 500 p. V. Hoffmann, Luxembourg.
- ↑ Loi du 28 décembre 1908 transférant le chef-lieu de la commune de Basbellain à Troisvierges op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2020
- ↑ Loi du 20 juillet 1925 concernant le rattachement de la section de Biwisch à la commune de Troisvierges op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2020
- ↑ Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2020