Gemeng Leideleng

lëtzebuergesch Gemeng

D'Gemeng Leideleng ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an ass no der Uertschaft Leideleng benannt.

Leideleng
Coat of arms leudelange luxbrg.png
Leidelenger Gemengenhaus.jpg
D'Gemengenhaus vu Leideleng
Logo-leudelange.svg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Leudelange
de: Leudelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Diane Bisenius-Feipel
Awunner 2.766
  1 Januar 2023
Fläch 1.352,99 ha
Héicht 318 m
Koordinaten 49° 33’ 59’’ N
      6° 3’ 53’’ O
LAU-Code LU0207
Websäit http://www.leudelange.lu
Map Leudelange.PNG
D'Gemeng Leideleng (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)
D'Kierch vu Leideleng mat der Monument aux morts Kapell

Uertschaften an der GemengÄnneren

D'Gemeng Leideleng ass opgedeelt an:

GeographieÄnneren

GeschichtÄnneren

Den 1. Juli 1856 gouf duerch Gesetz vum 3. Mäerz 1856, d'Gemeng Leideleng gegrënnt. Dëst ass geschitt andeems d'Sektioun Leideleng an den Haff, dee Schléiwenhaff genannt gëtt, vun der Gemeng Reckeng ofgetrennt goufen.

Den haitege "Kierchepad" an de "Schwaarze Pad" ginn als Deeler vum Kiem Tossebierg - Gehaansbierg gedeit[1].

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

WopenÄnneren

De Wope vun der Leidelenger Gemeng weist ënnen e schwaarze Bier op gëllenem Fong an driwwer dräi sëlwer Merletten op roudem Fong.[2]

De Bier huet seng Originnen am Wope vun der Benediktinerabtei Sankt Maximäin vun Tréier.[3]

Änneren

De 16. November 2018 huet sech d'Gemeng Leideleng eng nei visuell Identitéit ginn: e Rechteck a de Faarwe gold a rout, gefaalt zum Buschtaf "L". De Motto vum Logo ass: "Entfaalt Iech".[4].

PolitikÄnneren

BuergermeeschterenÄnneren

  • 1856 - 1861: Jean Fischbach
  • 1861 - 1873: Dominique Biver
  • 1873 - 1887: Jean Lehnertz
  • 1887 - 1888: Dominique Kirpach (faisant fonction)
  • 1888 - 1897: Jean Fischbach-Schmit
  • 1897 - 1901: Dominique Kirpach
  • 1901 - 1903: Pierre Brosius (faisant fonction)
  • 1903 - 1917: Nicolas Boeckes
  • 1917 - 1918: Nicolas Welter (faisant fonction)
  • 1918: Nicolas Welter
  • 1918 - 1921: Jean Melchior
  • 1921: Charles Stammet (faisant fonction)
  • 1921 - 1932: Jean Melchior
  • 1932 - 1940: Jean-Pierre Fischbach
  • 1940 - 1945: Ortsbürgermeister Vic. Arendt
  • 1945 - 1946: Aloyse Muller (faisant fonction)
  • 1946 - 1952: René Schummer[5]
  • 1952 - 1953: Pierre Weis
  • 1953 - 1970: René Schummer
  • 1970 - 1976: Raymond Kauffmann
  • 1976 - 1982: Nicolas Schroeder
  • 1982 - 2004: Fernand Conter
  • 2005 - 2012: Rob Roemen (DP)
  • 2013 - haut: Diane Bisenius-Feipel

Schäffen- a GemengerotÄnneren

  • 2011 - 2017: Eugène Halsdorf (1. Schäffen), Victor Christophe (2. Schäffen), Patrick Calmus, Marcel Jakobs, Raymond Kauffmann, Marc Loess, Francisco Ramirez
  • 2017 - haut: Thomas Berend (Schäffen, bis Januar 2019), Jean-Paul Sunnen (Schäffen), Raphael Gindt (Schäffen, vum 14.2. 2019 un), Marcel Jakobs, Jean-Pierre Roemen, Lou Linster, Patrick Calmus, Christiane Hamen ép. Schmit.[6]

FlouernimmÄnneren

  • op der aler Strooss
  • Akerheck
  • Atzebierg
  • Bakless Weieren
  • am Bann
  • Bannatsch
  • a Baerend
  • Banndriisch
  • Bernasswues
  • Berken
  • Blimmesweyer
  • Bommert
  • Boudel
  • Brichelechelchen
  • Brichen
  • Brill
  • Brommeschheck
  • Buchholz
  • um Deich
  • Déiregaart
  • Dideschlach
  • Diffeschgraecht
  • Dompen
  • Eelchen
  • Eelchesgewan
  • an der Ehs
  • Espenheck
  • Fronzel
  • Géierbierg
  • op der Geissekopp
  • Groussgewännchen
  • Gudesbiirchen
  • op Hals
  • Hirtenwooss
  • op den Hohen
  • Homeschlach
  • Hunnefeldchen
  • Huuscht
  • Jongebësch
  • Kalberpesch
  • Kéibësch
  • Këppbësch
  • Ketzlach
  • um Kiem
  • Kinneksweier
  • Kierchenheck
  • Knäppchen
  • Kuebelach
  • Kuelescherbësch
  • Laach
  • Laangebësch
  • Meeschbierg
  • Mohrwiss
  • Neiwisen
  • Nonnebësch
  • Nonnebrill
  • Nuechtweed
  • Oudefiirzchen
  • Palsbësch
  • Pëssendall
  • Pull
  • Reedel
  • Réidescht
  • Rothscheuer
  • Roudebësch
  • Saang am Baerend
  • Schéifert
  • Schéiwelsbond
  • Schireslach
  • Schlammfeldchen
  • Schmittsbiirchen
  • Schmuelwiss
  • Schwéngsweed
  • Stackels
  • Stengert
  • Stiedswee
  • Sporkels
  • Tommelbierg
  • Uecht
  • Urbeth
  • Weierwiss
  • Wëller
  • Wëllerbësch
  • Wittbësch
  • Wollefsdriesch
  • Zapesheck

Interkommunal SyndikaterÄnneren

D'Gemeng Leideleng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

VeräinerÄnneren

  • 1888 Grënnung vun de Leidelenger Pompjeeën.
  • 1893 Grënnung vun der Leidelenger Musek
  • 1927 gouf zu Leideleng de Gaardebauveräin Amis de la Fleur gegrënnt.
  • Cercle Culturel & Historique ASBL
  • Chorale Ste Cécile
  • Oeuvres Paroissiales
  • Enrôlés de Force
  • H.U.K. Hëllef fir Ukrainësch Kanner ASBL
  • Parkinson Luxembourg ASBL
  • Amiperas Sektioun Leideleng
  • Ecurie des Prés
  • Fraen a Mammen
  • Frënn vun den Leidelenger Guiden a Scouten ASBL
  • Leidelenger Guiden a Scouten
  • Jugendhaus Leideleng
  • Leidelenger Pétanque Frënn ASBL
  • Natur & Ëmwelt Sektioun Leideleng
  • Spuerklub "Kee Problem"
  • Trëppelfrënn Leideleng ASBL
  • Supporterclub Leidelenger Musek
  • 1. FC Gruefwiss Leideleng
  • Dësch-Tennis Leideleng ASBL
  • KC Stramm op d'Damm Leideleng
  • LASEP Leudelange
  • Tennis-Club Leideleng
  • Velo-Club L'Endurance Leudelange ASBL
  • Wikimedia Lëtzebuerg ASBL

Neie WaassertuermÄnneren

 
Den neie Leidelenger Waassertuerm
 
Den ale Leidelenger Waassertuerm

Mat enger Héicht vun 58 m ass d'Gebai mam neie Waassertuerm, dat tëscht der Escher Autobunn an der Leidelenger Aktivitéitszon "am Bann" steet, eent vun den zéng héchste Gebaier am Land. Dësen neie Waassertuerm beliwwert zesumme mat dem ale Waassertuerm, deen op der selwechter Héicht am „Hueschterterbësch" steet, den Zentrum vu Leideleng (Drockzon 1). Allen zwéin hunn e Volume vu 500 . De Schléiwenhaff (Drockzon 2) gëtt vum ënneschte Behälter mat sengen 900 Kubikmeter Waasser beliwwert.

De Projet gouf vun der Europäescher Unioun am Kader vum "Fonds Européen de Développement Régional", dem "FEDER", matfinanzéiert.

Ugefaange mat Baue gouf de 14. Juli 2005 a fäerdeg gouf en den 13. Juni 2008[7]

ReliéisesÄnneren

D'Par Leideleng gehéiert zum Parverband Gaasperech-Hollerech-Leideleng.

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Leudelange – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Kierchtuermspromenaden Leideleng
  2. „D'Or à l'ours de sable au chef de gueules chargé de trois merlettes d'argent.“ Lokalhistoresch Ausso vum Leidelenger Wopen
  3. Kuck: J.A. Massard & G. Geimer, 2009. Auf den Spuren des Braunbären diesseits und jenseits der Sauer. In: Heimatkalender 2010 Eifelkreis Bitburg-Prüm, S. 101f. [1]
  4. Nei visuell Identitéit vun der Gemeng
  5. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX
  6. "Diane Bisenius-Feipel bleift Buergermeeschtesch." rtl.lu, 18.10.2017, 15:05:43.
  7. Broschür vum neie Waassertuern