Gemeng Préizerdaul

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réiden


D'Gemeng Préizerdaul ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Biebereg, no där d'Gemeng bis 2001 genannt war[1].

Gemeng Préizerdaul
d'Gebuertshaus vum Dr. Michel Lucius zu Rëmmereg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Préizerdaul
de: Préizerdaul
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réiden
Chef-lieu Biebereg
Buergermeeschter Marc Gergen
Awunner 1.825
  1. Januar 2024
Fläch 1.560 ha
Héicht 282 m
Koordinaten 49° 47’ 39’’ N
      05° 56’ 15’’ O
LAU-Code LU0702
Websäit https://preizerdaul.lu/

Et ass eng vun deene Gemengen zu Lëtzebuerg, déi net den Numm vun enger Uertschaft hunn: „Préizerdaul“ ass de lokalen Numm vum „Préizer Dall“[2], deemno dem Dall ronderëm d'Uertschaft Proz.

Uertschaften an der Gemeng[3]

änneren

Zur Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:

Geographie

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Geschicht

änneren

Vun de Kelte bis haut

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Biebereg oder Préizerdaul?[4]

änneren

Ofgesi vun e puer Vogteien déi am Préizer Dall louchen an déi den Herrschafte vun Iewerleng, Ell oder Nojem gehéiert hunn, huet de ganze Préizer Dall an der Feudalzäit zur Propstei Arel gehéiert, déi et fir de Landesfürst ënnert der Bezeechnung „Haff Proz“ verwalt huet.

Iwwerdeems Proz a Platen vu réimeschem Ursprong sinn, war Rëmerech eng fränkesch Siidlung. Eng Uertschaft Biebereg (Bettborn) gouf et weeder an der réimescher nach an der fränkescher Zäit. An der Keltenzäit gouf et do e Gëttersteen a Verbindung mat engem Pëtz (Buer, vum dt. Born), wou méiglecherweis déi dräi „Beten“ veréiert gi sinn. Dëst ka vläicht eng Erklärung fir d'Bezeechnung Bet-born sinn. Am 7. Joerhonnert gouf do eng Kapell opgeriicht, déi der Muttergottes geweit war. Eréischt géint Ufank vum 2. Joerdausend sinn e puer Haiser bei der Kapell gebaut ginn.

Datt ënnert Franséischer Herrschaft de Préizer Dall zu enger „Agence“ mam Numm „Bettborn“ erhuewe gouf, war pueren Zoufall. Op der Sich no engem Municipalitéitskommissär krut den Anton Knaas, en Nottär aus der Géigend dëst Amt ugebueden. De Knaas hat sich, kuerz nodeem d'Fransouse komm sinn, no bei der (Biebereger?) Kierch een Haus gebaut, dat en och als Sëtz vun der Agence benotzt huet. Domat war d'Agence Biebereg zoustänneg fir déi 3 Dierfer vum Préizer Dall: Proz, Platen a Rëmerech. Well de selwechten Nottär ënnert napoleoneschem Regime och zum Buergermeeschter ernannt ginn ass, huet hien d'Bezeechnung „Gemeng Biebereg“ bäibehalen. Dat war souguer ganz verstänneg, well Biebereg zwar e bësse méi no u Plate louch, awer bal op gläicher Distanz tëschent Proz a Rëmerech. Déi zwou Sektiounen haten e wäit verspreete Bëschbesëtz, wat e groussen Afloss op d'Gemengesteieren hat a fir munch Differenzen tëschent den 3 Sektioune gesuergt huet. Well Platen a Biebereg als eng eenzeg Sektioun ugesi goufen, huet all Sektioun hiert Eegeliewe gefouert an hir eegen Interesse verdeedegt. Zesummen huet den 3 Sektioune vun 1806 un d'Porkierch, d'Schoul déi 1831 gebaut gouf an d'Parhaus, dat un d'Schoul ugebaut war, gehéiert.

D'Joren 1847 an 1848 hu vill derzou bäigedroen, datt d'Dierfer am Dall méi no zesummegeréckelt sinn. Am Joer 1847 gouf d'Deelstéck (Räichel - Groussbus) vun der neier Landstrooss gebaut, déi Arel mat Ettelbréck verbanne sollt. Dës Verbindung ass der Längt no duerch de ganze Préizer Dall gelaf an huet Platen, Biebereg a Proz matenee verbonnen. Laanscht déi nei Strooss gouf vill gebaut, well d'Bauland bëlleg ze kréie war. Doduerch gouf de Sputt tëscht den dräi Dalldierfer opgefëllt, sou datt dës dräi Dierfer no an no e Ganzt gebilt hunn: de „Préizer Dall“. Wéi am Joer 1848 Versammlungsfräiheet gewäert gouf, si Veräiner, déi scho bestanen hunn, wéi z. B. de Kierchechouer an d'Musek un d'Ëffentlechkeet getrueden, anerer wéi d'Pompjeeë sinn nei gegrënnt ginn. So sinn d'Mënschen och méi no zesummegeréckelt an hunn de Begrëff „Préizer Dall“ mat Liewe gefëllt. Biebereg huet sech vergréissert a sech a Richtung Rëmerech ausgedeent. Rëmerech selwer hat sech och schonn eng Ofkierzung bei d'Kierch a bei d'Schoul zu Biebereg als Kierchepad ugeluecht. Domat war d'Zougehéiregkeetsgefill zum Préizer Dall och bei de Rëmerecher gewuess.

Wann een d'Luxemburger Gazette duerchkuckt, déi am Iowa (USA) Amerika erauskoum, mierkt een, datt di vill Auswanderer vu Rëmerech an aus deenen aneren Dierfer, sech net als Platener, Rëmerecher oder Prozer, mee ëmmer als Préizer Daller bezeechent hunn.

Nodeems de Gemengerot decidéiert huet, déi dräi Walsektiounen zesummenzeleeën, war et un der Zäit, och der allgemeng benotzter Bezeechnung „Préizer Dall“ eng rechtlech Grondlag ze ginn. De Staatsrot hat uganks en negativen Avis zum Projet ofginn[5], mam Argument, datt den Numm „Préizerdaul“ nëmmen eng Regioun bezeechne géif, an net d'Gemeng oder déi eenzel Dierfer. Zu Lëtzebuerg gëtt et awer eng ganz Rei Uertschaften, déi „-dall“ an hirem Numm hunn, ouni datt domat eng Regioun, mä just d'Duerf bezeechent gëtt. Als Beispill zielen ë. a. de Pafendall, Fënsterdall, Blummendall, Mariendall, Reckendall an de Mëllerdall. Aner Dierfer a Gemengen hunn als Suffix „-wald“ oder „-bach“ an hirem Numm a bezeechnen domat méi wéi nëmmen e Bësch oder eng Baach.

Weiderhin hat de Staatsrot argumentéiert, datt de Gesetzprojet net fäeg wier, eppes zum Zesummegehéieregkeetsgefill oder der lokaler Identitéit bäizedroen. D'Gemeng war awer am Géigendeel dozou der Meenung, datt déi gemeinsam Uertsbezeechnung „Préizerdaul“ de Sektiounen näischt ewech huele géif, mä datt se esouguer nach d'Zesummeschaffen tëscht de 4 Uertschafte verstäerkte géif. Ausserdeem géif d'Identifizéierung mam Begrëff „Préizerdaul“ och eppes vum Stolz vun de Préizer Daller Leit op hir gemeinsam Heemecht a gläichzäiteg op d'Besonneschkeet vun hirer lokaler Mondaart hiweisen, wéi se am Wuert „Daul“ amplaz vun „Dall“ zum Ausdrock kënnt.

De Gesetzesprojet gouf den 9. Mäerz 2001 vum deemolegen Inneminister Michel Wolter an der Chamber deposéiert[6] an en ass schlussendlech dach nach duerchgaangen, an den Numm „Préizerdaul“ gouf mam Gesetz vum 17. Juli 2001 offiziell ugeholl[1].

Entwécklung vun der Awunnerzuel

änneren

Quell:STATEC

  Beschreiwung am Originaltext:

D'or à la fasce ondée de gueules accompagnée de trois étoiles du même et d'une fleur de lis d'azur au point du chef.
D.C. 20. Mäerz 1985 - A.M. 2. Juli 1985 - Mémorial B 1985, Säit 941 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1984.

Politik

änneren

De Gemengerot vun der Gemeng Préizerdaul gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckeswäertes

änneren
 
Op der Fabréck am Préizerdaul
 
Waasserrad Op der Fabréck am Préizerdaul

Interkommunal Syndikater

änneren

D'Gemeng Préizerdaul ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Jumelagen

änneren

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Préizerdaul – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Loi du 17 juillet 2001 relatif au changement de nom de la commune de Bettborn en celui de Préizerdaul. legilux.public.lu (17.07.2001). Gekuckt de(n) 10.07.2020.
  2. no der Reegel 9.1.2 vun der neier Lëtzebuerger Orthografie gëtt bei Ofleedunge vu geographeschen Nimm op -er auserneegeschriwwen
  3. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  4. iwwerschafften Text vun "Bettborn ou Préizerdaul". Gemeng Préizerdaul - Historique Archivéiert de(n) 2020-07-15. Gekuckt de(n) 11.07.2020.
  5. Projet de loi n° 4782/01 relatif au changement de nom de commune de Bettborn en celui de "Préizerdaul" - Avis du Conseil d'Etat (24.6.1998). chd.lu (22.03.2001). Gekuckt de(n) 11.07.2020.
  6. Projet de loi 4782 relatif au changement de nom de la commune de Bettborn en celui de «Préizerdaul». chd.lu (09.03.2001). Gekuckt de(n) 11.07.2020.