Cour supérieure de justice (Lëtzebuerg)
Den Ieweschte Geriichtshaff ((fr) Cour supérieure de justice) ass déi iewescht Hierarchie vun der uerdentlecher Geriichtsbarkeet an der Geriichtsorganisatioun zu Lëtzebuerg.
Cour supérieure de justice | |
---|---|
D'Gebai CR an der Cité judiciaire mat der Cour supérieure de justice | |
Land | Lëtzebuerg |
Um Spaweck | https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-judiciaires/cour-superieure-justice.html |
D'Cour supérieure de justice besteet aus:
- Cour de cassation, där hir Aufgab et ass, d'Decisioune vun de Geriichter an den Appellsgeriichter z'iwwerpréiwen (ze reviséieren). Si entscheet net iwwer d'Faiten, mä just iwwer d'Recht oder d'Uwennung vum Recht;
- Cour d'appel, déi zivil, kommerziell, sozial oder kriminell Fäll iwwerpréift, déi schonn an éischter Instanz verhandelt goufen;
- Parquet général;
- Conseil supérieur de la sécurité sociale[1][2] déi am Appell ë. a. iwwer Affiliatiounen, Cotisatiounen, administrativ Geldstrofen oder Prestatiounen mat engem Sträitwäert vu méi wéi 1.250 Euro tranchéiert.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ zënter Oktober 2016
- ↑ (fr)La justice en chiffres 2023. justice.public.lu V. Conseil supérieur de la sécurité sociale, S. 50. Service communication et presse de la justice (SCPJ) (08.08.2024). Gekuckt de(n) 121.12.2024.