Gemeng Bettenduerf
D'Gemeng Bettenduerf ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bettenduerf vun där se och hiren Numm huet.
Bettenduerf | |
---|---|
![]() | |
| |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Buergermeeschter | Pascale Hansen (DP) |
Awunner | 2.902 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 2.323 ha |
Héicht | 188 m |
Koordinaten |
49° 52’ 17’’ N 06° 11’ 19’’ O |
Websäit | http://www.bettendorf.lu/ |
D'Gemeng Bettenduerf (orange) am Kanton Dikrech (rout) | |
Uertschaften an der Gemeng[1]Änneren
Zu der Gemeng Bettenduerf gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
GeographieÄnneren
D'Gemeng Bettenduerf läit un der Sauer am Kanton Dikrech. D'Uertschaft Bettenduerf läit um lénksen Uwänner, Gilsdref a Méischtref um rietsen. D'Sauer leeft op enger Héicht vu ronn 185 m duerch d'Gemeng, d'Plateauen nërdlech a südlech si gutt 100 m méi héich.
GeschichtÄnneren
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
Bettenduerf ass eng Majorzgemeng.
BuergermeeschterenÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- ... - 2017: Albert Back
- zanter 2017: Pascale Hansen
WopenÄnneren
Beschreiwung am Originaltext:
Coupé d'or et d'argent à la fasce vivrée de gueules brochant sur la partition, accompagnée en chef d'une croix ancrée de sable, en pointe de trois fleurs de lis du même posées 2 et 1.
De Wope vun der Gemeng gouf am Gemengerot an der Sëtzung vum 13. Dezember 1983 ugeholl, an duerch en Arrêté ministériel vum 8. Februar 1984 agreéiert. D'Publikatioun war am Memorial B vun 1984, Säit 374. De Projet vum Wope gouf vum Marcel Lenertz gemaach.
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Bettenduerf ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
JumelagenÄnneren
Kuckt ochÄnneren
- Bettenduerfer Millen
- Schlass Bettenduerf
- Schlass Méischtref
- Kierch Bettenduerf
- Kierch Gilsdref
- Nikloskierch zu Méischtref
- Naturschutzgebitt Bettenduerf-Schofsbësch
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Bettenduerf
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um SpaweckÄnneren
Commons: Bettenduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.