Gemeng Koplescht
D'Gemeng Koplescht läit am Kanton Capellen an ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Koplescht vun där se och hiren Numm huet.
Koplescht | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Gemengenhaus vu Koplescht | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Kopstal de: Kopstal |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Buergermeeschter | Thierry Schuman |
Awunner | 4.038 (1 Januar 2020) |
Fläch | 790 ha |
Koordinaten |
49° 39’ 51’’ N 6° 4’ 19’’ O |
Websäit | http://www.kopstal.lu |
| |
Uertschaften an der GemengÄnneren
Zu der Gemeng Koplescht gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
GeographieÄnneren
D'Gemeng Koplescht läit am Kanton Capellen. Si mécht d'Grenz zu Kielen am Norden a Westen, zu Steesel a Walfer am Osten, zu der Stad Lëtzebuerg a Stroossen am Süden. D'Uertschaft Koplescht läit un der Mamer.
GeschichtÄnneren
D'Gemeng Koplescht ass wéi déi meescht aner Gemengen zu Lëtzebuerg um Enn vum 18. Joerhonnert entstanen, gouf awer Enn 1823 schonn nees opgeléist. Duerno hunn déi Uertschafte bis 1853 inklusiv zur Gemeng Kielen gehéiert. 1854 ass d'Gemeng Koplescht nees nei gegrënnt ginn.
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
De Gemengerot vu Koplescht gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
ZesummesetzungÄnneren
Joer | CSV | DP | gréng | Är Equipe |
---|---|---|---|---|
1999 | 2 | 4 | 1 | 4 |
2005 | 2 | 3 | 2 | 4 |
2011 | 3 | 3 | 2 | 3 |
2017 | 4 | 3 | - | 4 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
BuergermeeschterenÄnneren
- 1853-: Wilibrord Steinmetz[1]
- ...
- 1946: Paul Binsfeld[2]
- ...
- 1954 - 1981: Robert Bintener[3]
- 1981 - 1987: Jean Ewen
- 1988 - 2005: Josette Steichen-Rausch
- 2005 - 2010: Guy Linster
- 2010 - 2017: Romain Adam
- 2017 - 2020: Carlo Schmit
- zanter Nov. 2020: Thierry Schuman
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Koplescht ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
KuckeswäertesÄnneren
LiteraturÄnneren
- Jacoby, Lex: Das Herz von Kopstal, in: Musek Koplescht-Briddel: 100 Joer: 1904 - 2004. - Kopstal-Bridel: Fanfare ; [2005]. - P. 65-80, ill.
- Hermann Berg (Wilhelm Weis): Briefe eines Hinterwäldlers. (St. Paulus-Druckrei, Luxemburg)
- Koplescht – fréier an hott
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Koplescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 5 août 1853, N°510, portant nomination de deux bourgmestres. am Memorial N°61 vum 18. August 1853
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Mäerz 2012