Gemeng Stadbriedemes

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech

D'Gemeng Stadbriedemes ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réimech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stadbriedemes vun där se och hiren Numm huet.

Stadbriedemes
Coat of arms stadtbredimus luxbrg.png
Town hall Stadtbredimus 01.jpg
D'Gemengenhaus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Stadtbredimus
de: Stadtbredimus
Land Lëtzebuerg
Kanton Réimech
Buergermeeschter Marco Albert (DP)
Awunner 1.968
  1 Januar 2021; 1 Januar 2023
Fläch 1.017 ha
Héicht 147 m
Koordinaten 49° 33’ 49’’ N
      6° 21’ 52’’ O
LAU-Code LU1207
Websäit https://www.stadtbredimus.lu/
Map Stadtbredimus.PNG
D'Gemeng Stadbriedemes (orange)
am Kanton Réimech (rout)

Uertschaften an der GemengÄnneren

Zu der Gemeng Stadbriedemes gehéiert och nach de Bicherhaff.

GeographieÄnneren

Stadbriedemes läit un der Musel, vis-à-vis vum däitsche Palzem.

GeschichtÄnneren

Wéi d'Musel kanaliséiert gouf, hunn Aarbechter, do wou haut d'Staustuf steet, Iwwerreschter vun enger réimescher Bréck fonnt. Analysen hunn erginn, datt déi Bréck méi al wéi Tréier ass.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument Réimerbréck zu Stadbriedemes.

Sou goungen d'Réimer bei Stadbriedemes iwwer eng Fuert aus Gestengs, op déi aner Säit vun der Musel, wann de Floss niddreg war. Bei héijem Waasser hu si Pontone benotzt. Fir déi viru Feinden ze beschützen hate si, op der Plaz vum spéidere Schlass, e befestegten Tuerm opgeriicht.
1857 gouf op der "Rauknupp" e réimesche Kierfecht mat Kréi, Mënzen, Schosselen a soss Geschier fonnt.

Am 8. Joerhonnert huet de Pippin de Jonken den Haff Réimech, zu deem och Stadbriedemes gehéiert huet, der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier geschenkt. Méi spéit goung den Haff un d'Abtei vu Prüm.

1602 gëtt fir d'éischt an Dokumenter den Numm "Stadtbredimus" ernimmt, virdru war et ëmmer "Bredeniss" oder "Bredimus". De Johann von Wiltz war den Här vu Stadbriedemes. No sengem Doud gouf säi Grondbesëtz an zwee gläich Deeler opgedeelt. Ee vun hinnen huet de Freiherr von Braubach kaaft, vun deem aneren Deel gëtt et weider keng Informatioun.

1670 koum Stadbriedemes an de Besëtz vun der Famill Meternich-Burscheid.

Ursprong vum NummÄnneren

Den Numm Stadtbredimus kënnt vum Keltesche "Bre - den - Es", dat sou vill wéi "iwwer dem Waasser héije Buedem" heescht a "Stad" wat de selwechte Sënn wéi "Uwänner" (vun der Musel, an dësem Fall) huet.

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

PolitikÄnneren

BuergermeeschterenÄnneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Interkommunal SyndikaterÄnneren

D'Gemeng Stadbriedemes ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

KuckeswäertesÄnneren

BillerÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Stadbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien