Gemeng Fëschbech

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Miersch

D'Gemeng Fëschbech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Fëschbech vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Fëschbech
d'Märei zu Fëschbech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Fischbach
de: Fischbach
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Miersch
Buergermeeschter Lucien Brosius
Awunner 1.308
  1. Januar 2023
Fläch 1.961 ha
Héicht 353 m
Koordinaten 49° 44’ 45’’ N
      06° 11’ 10’’ O
LAU-Code LU0404
Websäit http://www.acfischbach.lu/

Uertschaften an der Gemeng[1] änneren

Geschicht änneren

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

De sable à deux poissons adossés d'argent, accompagnés en chef d'une couronne grand-ducale d'or.
D.C. 19. Juli 1983 - A.M. 21. November 1983 - Mémorial B 1983, Säit 1252 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1982.
De Fëschbecher Wope kënnt aus deem vun den Häre vu Fëschbach (de sable à deux poissons adossés d'argent, accompagnés en chef d'une croisette au pied fiché d'or). Dat klengt Kräiz gouf duerch eng Kroun ersat, fir ze weisen datt d'Groussherzoglech Famill do eng Residenz huet.

Politik änneren

Buergermeeschteren änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Fusiounspläng änneren

Eng méiglech Fusioun tëscht de Gemengen Noumer, Fiels a Fëschbech gouf den 9. November 2014 an engem Gemenge-Referendum refuséiert: Zwar waren an der Fiels 66,53 % vun de Wieler fir sou eng Fusioun, mä zu Noumer ware 70,05 % dogéint, an zu Fëschbech souguer 76,02 %.[3]

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Fëschbech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Fëschbech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  3. "Noumer a Fëschbech soen Neen, nëmmen d'Fiels wielt Jo." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 07:09:09.