Gemeng Rammerech

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réiden

D'Gemeng Rammerech (lokal: Rammerich) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Rammerech vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Rammerech
d'Märei zu Rammerech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Rambrouch
de: Rambruch
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réiden
Chef-lieu Rammerech
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Awunner 4.836
  1. Januar 2023
Fläch 7.909 ha
Héicht 502 m
Koordinaten 49° 49’ 47.55’’ N
      05° 50’ 59.21’’ O
LAU-Code LU0704
Websäit http://www.rambrouch.lu
Busgare Um Pull zu Rammerech

Geographie änneren

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1] änneren

Uertschaften an der fréierer Gemeng Ueschdref:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Bungeref:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Folscht:

Uertschaften an der fréierer Gemeng Pärel:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Bungeref:

Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Folscht:

Geschicht änneren

D'Gemeng Rammerech ass bei der Fusioun vun de virege Gemengen Ueschdref, Bungeref, Folscht a Pärel entstanen.

D'Fusioun gouf duerch e Gesetz vum 27. Juli 1978 festgehalen[2]. Et war eng Transitiounsperiod an deem Gesetz virgesinn, déi vum 1. Januar 1979 bis den 31. Dezember 1981 gaangen ass.

An där Zäit huet de Gemengerot aus dem Buergermeeschter, 4 Schäffen, an de Gemengeréit aus den ale Gemenge bestanen. Am Fall wou e Gemengerot sollt ewechfalen, sollt en net méi ersat ginn.

Haut besteet de Gemengerot aus 11 Gemengeréit. De Schäfferot besteet aus dem Buergermeeschter an 2 Schäffen.

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

de sable, à la quintefeuille feuillée d'or, chapé d'or à deux losanges de sable, au chef d'azur à la perle en poire d'argent sertie et annelée d'or, accosté de deux croisettes d'argent.
D.C. 12. Mäerz 1981 - A.M. 15. Mee 1981 - Mémorial B 1981, Säit 821 - Projet: 1981 Jean-Claude Loutsch

Politik änneren

Gemengewalen 1993 änneren

  • Sektioun Ueschdref: Antoine Rodesch, Paul Schaack
  • Sektioun Bungeref: Joëlle Godefroy, Jean-Pierre Hollerich
  • Sektioun Folscht: Joseph Claren, Jean-Claude Kerger, Nicolas Rasqué, Ferdinand Unsen
  • Sektioun Pärel: Nicolas Bolmer, Jean Kettel, Camille Leick, Alphonse Reiser, Camille Schrenger

Gemengewalen 1999 änneren

 
De Centre Culturel zu Rammerech
  • Sektioun Ueschdref: Antoine Rodesch
  • Sektioun Bungeref: Joëlle Godefroy, Jean-Pierre Hollerich
  • Sektioun Folscht: Justin Kayser, Nicolas Rasqué, Fernand Ugen, Ferdinand Unsen
  • Sektioun Pärel: Joseph Colas, Jean Kettel, Camille Leick, John Picard, Carlo Plier, Alphonse Reiser

Gemengewalen 2005 änneren

Zanter 2005 ass d'Gemeng Rammerech eng Proporzgemeng. Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2005 hate sech 4 Parteien der Wal gestallt: d'CSV, d'DP, d'Fräi Lëscht Gemeng Rammerich[sic] (FLGR) an d'LSAP. Follgend Leit si gewielt ginn: Mike Bolmer (CSV), Jean-Pierre Hollerich (CSV), Jean-Paul Leick (FLGR), Marcel Maack (LSAP), Carlo Plier (FLGR), Nicolas Rasqué (FLGR), Claude Reiter (FLGR), Antoine Rodesch (CSV), Paul Schaack (DP), Marie-Anne Thommes (CSV), Ferd Unsen (FLGR).

No de Walen hunn d'CSV, d'DP an d'LSAP eng Koalitioun gebilt mam Antoine Rodesch (CSV) als Buergermeeschter an den zwéi Schäffe Marcel Maack (LSAP) a Paul Schaack (DP).

Gemengewalen 2011 änneren

Bei de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2011 hate sech 4 Parteien der Wal gestallt: d'CSV, d'DP, d'Fräi Lëscht Gemeng Rammerich (FLGR) an d'LSAP. Follgend Leit si gewielt ginn: Tom Ansay (CSV), Daniel Gregorius (FLGR), Jean-Pierre Hollerich (CSV), Jean-Paul Leick (FLGR), Marcel Maack (LSAP), Myriam Picard (LSAP), Nicolas Rasqué (FLGR), Antoine Rodesch (CSV), Paul Schaack (DP), Marie-Anne Thommes (CSV), Ferdinand Unsen (FLGR). No de Walen hunn d'CSV an d'FLGR eng Koalitioun gebilt mam Antoine Rodesch (CSV) als Buergermeeschter an den zwéi Schäffe Ferdinand Unsen (FLGR) a Marie-Anne Thommes (CSV).

De Ferdinand Unsen (FLGR) huet sech am Juni 2014 aus dem Gemengerot zeréckgezunn. Den Nicolas Rasqué (FLGR) gouf am August 2014 a senger Plaz als Schäffe vereedegt. Am Oktober 2014 ass de Norbert Pletschette (FLGR) nogeréckelt.

Nodeems den Daniel Gregorius (FLGR) sech Enn 2014 aus dem Gemengerot zeréckgezunn huet, ass de Frank Melchior (FLGR) fir hien Enn Januar 2015 nogeréckelt.

Nom Doud vum Paul Schaack (DP) gouf de Guy Wanderscheid (DP) den 8. Juli 2015 als neie Gemengeconseiller vereedegt.

Gemengewalen 2017 änneren

Bei de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 hate sech 3 Parteien der Wal gestallt: d'CSV, d'DP an d'LSAP. Follgend Leit si gewielt ginn: Jean-Paul Baudot (CSV), Myriam Binck (CSV), Mike Bolmer (CSV), Sonja Kettmann (CSV), Marcel Maack (LSAP), Guy Molitor (DP), Myriam Picard (LSAP), Pierre Pletschette (CSV), Antoine Rodesch (CSV), Patrick Schuller (LSAP) a Guy Wanderscheid (DP).

Well de Marcel Maack no de Walen op säi Mandat am Gemengerot verzicht huet, ass de Sascha Hengen (LSAP) fir hien nogeréckelt.

D'CSV huet déi absolut Majoritéit am Rammerecher Gemengerot. Buergermeeschter ass den Antoine Rodesch (CSV) a Schäffe sinn d'Myriam Binck (CSV) an de Mike Bolmer (CSV).

Nom onerwaarten Doud vum Jean-Paul Baudot (CSV) am Juli 2018 ass de Frank Melchior (CSV) fir hien an de Gemengerot nogeréckelt.

Den 30. Januar 2020 huet de Guy Wanderscheid aus private Grënn seng Demissioun aus dem Gemengerot bekannt ginn. Well de Jeff Hoffmann als Nächstgewielten op säi Mandat verzicht huet, ass de Romain Rausch am Mäerz als neien DP-Conseiller am Gemengerot vereedegt ginn.

No dem Récktrëtt aus perséinleche Grënn am Fréijoer 2021 vum DP-Conseiller Guy Molitor, ass d'Michelle Brickler fir hien nogeréckelt.

Am Dezember 2022 huet de Patrick Schuller (LSAP) seng Demissioun aus dem Rammerecher Gemengerot ugekënnegt. Am Februar 2023 gouf hie mat der Marie-Louise Kettel ersat.

Gemengewalen 2023 änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'CSV huet sech mat 6 vun 11 Sëtz d'Majoritéit geséchert. Buergermeeschtesch gëtt d'Myriam Binck; Schäffe ginn de Mike Bolmer an d'Sonja Kettmann.

D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Joer CSV DP FLGR LSAP
2005 4 1 5 1
2011 4 1 4 2
2017 6 2 - 3
2023 6 2 - 3

FLGR: Fräi Lëscht Gemeng Rammerech. Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 
Den Napoleonsgaart

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Rammerech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rammerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. (fr)Loi du 27 juillet 1978 portant fusion des communes de Arsdorf, Bigonville, Folschette et Perlé.. data.legilux.public.lu (27.07.1978). Gekuckt de(n) 18.06.2023.